Oh hei Gilles, datt se eis zwee och mol eng Kéier eru loossen.
Jo, si wäerten sech geduecht hunn, looss der mol nees zwee erun, déi …
Nee, so lo einfach net, wat s de op der Zong has...
Dajee!
4-0 géint Moldawien an 3-0 a San Marino, wat wëll ee méi fir den Optakt vun der neier UEFA-Kompetitioun Nations League, de Lëtzebuerger Footballnationaltrainer Luc Holtz:
cut
6 Punkten, Tabelleneischten mat zwee Punkten Avance op Waissrussland an engem Golverhältnis vun 7 op 0, dat ass scho net näischt.
Ma bei aller Euphorie, bleift den FLF-President Paul Philipp gär mat de Feiss um Buedem:
cut
De nächste Match an der Nations League hunn d'Rout Leiwen den 12. Oktober a Wäissrussland.
Jingelé Rendezvous
Grousse Rendezvous esouguer fir den F91 en Donneschdeg den Owend vun 9 Auer un am Stade Josy Barthel..
Am eischte Match an der Gruppephase vun der Europa League kritt Diddeleng et mam AC Mailand ze dinn.
Gëscht huet de Geigner vum Dino Toppmöller nach Stroossen geheescht, wou et och eng 2-0 Victoire gouf. Den Trainer huet bei där Partie, ouni Rücksicht op en Donneschdeg, och seng bescht 11, spille gelooss:
cut
Den AC Mailand huet sech ëmmerhinn schonn 7 mol d'europäesch Coupe vun den Championen gesechert.
Lo kommen mer awer mol nees zeréck op Lëtzebuerg. De Vizechampion Nidderkuer huet den aktuell wuel brisansten Derby am Land 2-0 géint Deifferdeng gewonn, de neie Lëtzebueger Rekordnationalspiller vum Progres Mario Mutsch:
cut
2350 Spectateuren hunn sech den Deifferdenger Derby am Stade Jo s Haupert ugekuckt.
Jingel Jo oder Nee
An do huet de Serge Olmo haut den Peitenger Arthur Abreu, bei sech:
cuzt
Jingel Quiz
Och haut kënnt dir nees e fonkelneien Trikot bvun der Lëtzebuegre Nationalequipe wannen.
Dir musst just erausfannen wien hei schwätzt:
cut
Gilles du waars jo gëscht zu Bounneveg um Match Racing-Fola?
Jooo!?
Dann verstopps du déi nächste Kéier d'Bäll awer net méi!
Eppes wat ech sécher net verstoppen ass d'Nummer wou eis Nolauschterer sollen de Numm hischecken, vun deem, dee mir gesicht hunn, an zwar ass dat den 6 2 4 6 8 fir 50 cent den SMS.