D'Fro ëm d'Meeschterkroun kéint de nächste Sonndeg definitiv gekläert ginn. Dat am Fall wou Diddeleng um zweetleschte Spilldag zu Deifferdeng gewënnt.
Dann kann den Tabellenzweeten Nidderkuer, deen 5 Punkte Retard huet, den F91 nämlech net méi afänken.
Gëscht hätt Diddeleng theoretesch och schonn freizaiteg deen 14. Championstitel kënne feieren, wann de Progres zu Rouspert net gewonnen hätt.
A propos Nidderkuer, Jang, do ass et mat de Spiller, wei hei bei eis, mat ech mat dir, lauschter mol de Alexandre Karapetian:
cut
Lo weess ech awer net, wien bei eis zwee den Trainer an wien de Spiller ass...!
Bon soit, wien Trainer bei der Jeunesse ass, dat wësse mer, an zwar den Marc Thome, an dee war gëscht nom 4-0 géint Stroossen ganz zefridden. Sou ass déi drëtte Plaz, déi d'Europa League Qualifikatzioun géif bedeiten, nach ëmmer dran:
cut
Mondorf spillt definitiv och d'nächst Saison BGL-Ligue, an do kënnt de Paulo Gomes an d'Plaz vum Arno Bovini dee jo um Enn vun der Saison ophält.
Stroosen, Rodange, an Rouspert wäerten d'Ofstigs respektiv d'Relegatiounsplaz ënnert sech ausmachen.
Jingel Rdv
E Mëttwoch stinn d'Halleffinalen an der Coupe de Luxembourg vun ½ 8 un, um Programm.
De Racing kritt et mam FC Deifferdeng 03 ze dinn, an Hueschtert reest op Wolz.
Jingel Arbiter
Hien war ee vun de beléiftsten Arbiter hei am Land.
Kompetent an sympathesch. Gëscht huet de Marco Tropeano mat Rouspert géint Nidderkuer an der BGL-Ligue sai leschte Match gepaff:
cut
Als Student huet de Marco Tropeano ugefaangen mat paiffen fir sech e klengt Täschegeld ze verdengen:
cut
Jingel Fro vum Presi
Jinegl Quiz
Elo ass et nees un Iech. Dir kënnt nees en Trikot vun der Nationalequipe gewannen.
Dir musst just erausfannen wien hei schwätzt:
cut
Voila sou ass et!
Wien ass et, dat sollt dir eis eraschecken, an zwar per sms op den 6 2 4 6 8 fir 50 Cent de Message.