Jhang haut däerfe mär zwee emol nees eng Kéier,
Majo, ech hunn och scho verlaangert...
Ma dann geet et där jo wéi eise Milliounen Nolauschterer déi mer hunn...
Net Milliounen awer vill Leit waren e Samschdeg an der Eirepromotioun beim Nordderby Wolz géint Ettelbréck, deen mat engem 2-0 Succee fir d'Etzella op en Enn gaangen ass.
Domat konnt sech den Tabelledrëtten Ettelbréck vum 4.te Wolz ofsetzen, den Trainer vun der Etzella Claude Ottele:
cut
Fir Wolz ass et no der Wanterpaus alles anescht wei gutt lass gaang, den Trainer Dan Huet:
cut
Och an der Eirepromtioun an an den ënneschten Divisiounen ass e Mëttwoch e kompletten Spilldag.
Jingel Rendez
Dat nämmlecht gëllt och fir d'BGL-Ligue. An e Mëttwoch stëcht besonnesch de Südderby Jeunesse géint den F91 Diddeleng eraus.
De Rekordchampion géint den aktuelle Champion.
Och wann den F91 de Weekend ereischt a leschter Sekonn beim Opsteiger Rodange gewonn hat, weess den Trainer vun der Jeunesse Marc Thome, wat seng Equipe erwaart:
cut
Anëscht war et do nom Rodangematch beim Diddelenger Trainer Dino Toppmöller wann hien op d'Partie géint déi Schwaarz-Waiss ugeschwat gouf:
cut
Virun Weekend war et déi traureg Nouvelle vun der Grenz. Den emblemateschen Spiller vun der Jeunesse, den René Pascucci ass am Alter vun 91 Joer gestuerwen.
De freieren Kapitàn vun deenen Schwwarz-Waissen huet der Generatioun ugeheiert, déi 1959 dee legendären Match géint Real Madrid gespillt hat.
De Pascucci hat ënnert anerem 288 mol den Trikot vun der Jeunesse un, an koum op 15 Selektiounen mat de Roude Leiwen.
Jingel Fro un de Presi
Jinge Quiz
Elo ass et nees un Iech. Dir kënnt en Trikot vun der Lëtzebuerger Nationalerquipe wannen.
Dir musst just erausfannen wien hei schwätzt:
cut
Eischt Trainerstatioun an elo och eischte Victoire mat senger Equipe
dann sinn mer mol gespaant wei et viru geet...
Ech sinn och gespaant ob eis Nolauschterer erausfannen wien do geschwat huet. Scheckt eis den Numm einfach per SMS op den 6 2 4 6 8 fir 50 cent de Message.