Jhang, weess du, wats du an den Dino Toppmöller gemeinsam hutt?
Oh Mamm, wat kënnt dann elo nees?
Du, als eisen Dino, hues och d'Aiszait iwwerlieft!
Dorop äntwerten ech elo näischt, ma den Dino ToppMöller an seng Equippe vun Diddeleng hunn nom Out an der Coupe, gëscht an der BGL-Ligue mam 4-1 Succee zu Stroossen déi richteg Äntwert ginn.
Niewebai ass den F91 och nees Tabelleleader.
An dat well den Progres Nidderkuer um 10. Spilldag 1-3 géint den RM Hamm Benfica verluer huet.
Déi erstaunlech Stater stinn esouguer op der drëtter Plaz an der Tabell, den Trainer vun der Equipe vum Cents, Dan Santos:
cut
Den FC Déifferdeng 03 huet um 10 Spilldag seng éischt Punkten auswärts kritt, dat bei der 2-0 Victoire bei Titus Peiteng.
Jingel Rdv
Fir d'A-Nationalequipe geet d'Joer en Donneschdeg mat engem Frëndschaftslännermatch op en Enn.
D'Rout Leiwen kréien et Owes um 8 Auer am Stade Josy Barthel mat Ungarn ze dinn.
Fir den FLF-Nationaltrainer Luc Holtz ass de Sënn an Zweck vun där Partie kloer:
cut
No sengem Kraizbandrëss ass et dann och de Retour am Goal vum Anthony Moris vun Maliners, deen awer net Titulär bei sengem Proffiverain ass:
cut
Jingel yoiuth
No de flotten Optrëtter vum Nationaltrainer Manuel Cardoni senger U-21 an de leschte Wochen, ass et elo un sengen U-19, an der Europameeschterschaftsqualifikatioun mat engem Mini-Tournoi, deen ei zu Lëtzebuerg ass:
cut
Déi jonk Rout Leiwen kréien et e Mëttwoch zu Hesper mat Schottland, e Samschdeg um Escher Galgebierg mat Tscheschien, an en Dënschdeg-8-Deeg zu Wegdechen mat Armenien ze dinn.
Jingel Fro un de Paul
Jingel Quiz
Elo ass et nees un Iech. Dir kënnt en Trikot vun der Lëtzebuerger Footballnationalequipe gewannen.
Dir musst just erausfannen wien hei schwätzt:
cut
Jhang dat ass de Contraire wei bei dir. Egalwei bei dir d'Resultat hei ass, dee Meindeg drop bass du awer nees dobäi...
A schonn nees soen ech näischt dozou, ech soen eisen Nolauschterer awer d'Nummer wou se de Numm sollen hischecken, an dat ass den 6 2 4 6 8 fir 50 Cent den SMS.