Jhang, grousst Kompliment un eis Korrespondenten op de Footballsterrainen
Ahsou, wei dann...?
Majo déi sinn och nom Match nach ëmmer ganz investigativ ënnerwee fir datt mir déi aktuellsten Nouvellen hunn, lauschter emol eise Mann Marco Heil gëscht nom Match Remeleng géint Rouspert:
cut Marc
A wat hunn se gedronk? Natierlech Spruddelwaasser...!
Ah Spruddel, dat ass jo och eng vun de Sprochen, dei's du perfekt schwätzt...
Lo hat ech geduecht, dass de mol eng Kéier fein doduerch keims...!
A propos duerchkommen. Déi Diddelenger hunn et net gepackt an der Coupe d'16.tels Finalen ze iwwerstoen.
Den F91 gouf no 11 Meter scheissen an enger extrem spannendener Partie vum Progres Nidderkuer elimineiert, den Dino Toppmöller Trainer vun Diddeleng:
cut
Eent ass sécher, den F91 kann den Triple vum leschte Joer net méi widerhuelen. D'Supercoupe gouf verluer an elo eben och den Out an der Coupe de Luxembourg:
cut
Zu Diddeleng brént anscheiend effektiv de Bam.
Beim Stade Jos Nosbaum, ass dat jo och kee wonner!
Eieiei, du bass awer haut och nees...
Gëscht war et op jidferfall den Dag vun deenen Nidderkuerer, den Trainer Paulo Amodio:
cut
Jingel Aktuklaiteuit
Haut goufen dann wei gesot, 8.tels Finalen gezunn.
Nidderkuer muss bei de Noper Titus Peiteng reesen, Rodange huet et och net wäit bis op Kaerjeng.
De Rekordchampion Jeunesse spillt géint de Racing, den Jean Cecotto Comitesmemeber vun deenen Escher:
cut
Den RM Hamm Benfica kritt et mat Hueschtert ze dinn. Rëmeleng muss géint Wolz untrieden, Munneref géint Gréiwemaacher, Ierpeldeng spillt géint Déifferdeng, an d'US Esch géint d'Millebaach.
D'Matcher sinn um Weekend vum 3. Dezember
Jingel Paul
Pauzl
Jingel Quiz
Elo ass et nees un iech, dir kënnt en Trikot vun der Lëtzebuerger Footballnationalequipe gewannen.
Dir musst just erausfannen wien hei schwätzt:
cuzt
Den Trainer huet gëscht gespruddelt vun Freed.
De Geigner war awer éischter sauer...
Ohlala, wat sinn dat nees fir Uspillungen
Keng Uspillung mä Fakt ass d'Nummer wou dir eis de Numm vun deem Personnage sollt eraschecken, an dat ass den 6 2 4 6 8 fir 50 Cent den SMS.