Ahh Jhang, wat sinn ech frou dech erëm ze gesinn.
Ohjee, wann's de esou ufànks, da well ech net wëssen, wat kënnt...
Nee, guernäischt, ech sinn fein mat dir wei ëmmer..
Dajee alt...
Hues de matkritt, bei der Fola leeft et nees, gëscht gouf et eng 4-0 Victoire zu Stroossen!
Jooo!
An hues de och matkritt, datt nom schlechten Depart vun deenen Escher an d'Saison, déi Rout-Wàiss elo e neie Spiller hunn?
Ahsou, wien dann?
Majo, den Eirepresident vun der Fola, heier mol hiren Trainer Jeff Strasser:
cut
Gemengt ass awer den Stefan Lopes. Den 18 Joer jonke Spiller deen zejoert vun der UN Kaerjeng koum, huet zwee Goler geschoss an ee virbereed.
Donieft gëtt säin Familjienumm hannen mat „s“
geschriwwen, an dee vum Gerard Lopez mat „z“.
Du bass awer och nees e Buchstawereider.
Besser e Buchstawereider, wei e 0 Kackert.
0 Goler schoss an 7 geschoss kritt, dat ass de saueren Bilan vum Opsteiger Rodangen no der Partie beim F91. Diddeleng mat hirem Trainer Dino Toppméller schengen elo richteg an der Saison ukomm ze sinn:
cut
Gesais de, deen huet näischt ze meckeren. Huel der mol e Beispill dorun...
Ech meckeren dach ni mat dir. Näischt ze meckeren hat och den Trainer vun Niddkuer Paolo Amodio iwwert den Optrëtt vum freieren Proffi Mario Mutsch an der 1-0 Victoire bei der US Esch:
cut
De Progres steet nach ëmmer mam Maximum vun de Punkten un der Tabellespëtzt a kritt et e Samschdeg um 6. Spilldag mam Noper Deifferdeng ze dinn.
Den FCD03 huet sech gëscht beim 6-1 géint Rouspert op jidferfall scho emol waarm geschoss.
Jingel Aktualiteit
Haut war am Siege vun der FLF den Tirage vun den 32.tels Finalen an der Coupe de Luxembourg. Lo an der zweeter Ronn koumen jo och d'Veräiner aus der ieweschter Divisioun dobäi.
En Duerffest wäert et zu Wëlwerwolz ginn, wann de Veräin aus der drëtter Divisioun Besuch vum Dubbleegewënner F91 Diddeleng kritt. Wëntger aus der éischter Divisioun spillt doheem géint de Coupefinalist Fola Esch.
De Vizechampion FC Déifferdeng 03 reest op Lëntgen aus der 1. Divisoun, an Miersch aus der éischter kritt et mam Tabelleleader aus der héchster Divisioun, dem Progrès Nidderkuer ze dinn.
All déi aner Partien fannt dir och bei eis op rtl.lu
Gespillt gëtt um Weekend vum 24. September.
Jingel Fro vum Presi
Presi
Jingel Quiz
Elo ass et nees un iech.
Dir kënnt nees enTrikot vun der Footballnatiojnalequipe gewannen fir datt dir bei de nächsten Rendezvousen vun de Rouden Leiwen, deen nächsten Heiheem ass den 10. Oktober am Stade Josy Barthel géint Bulgarien, richteg equipeiert sidd.
Dir musst just erausfannen wien hei schwätzt:
cut
Ah, dee kennen ech...
Dat wonnert mech net, et ass jo och esou e Footballschoulmeeschter weis du...so eise Nolauschterer awer leiwer wou se de Numm sollen hischecken.
Dat ass den 6 2 4 6 8 fir 50 Cent den SMS.