Fir an den zweeten Tour ze kommen, hunn déi Giel-Schwaarz sech sensationnel géint d'Glasgow Rangers duerchgesat. Alleng schonn am Allermatch am ausverkaften Ibrox Stadion zu Glasgow virun 50 Dausend Specateuren ze spillen, war en Erliewenis, wéi den Kapitàn Sebastien Thill eis de leschte Freideg am Radio Sport Club verroden hat:
cut
D'Sensatioun hat den Olivier Thill, de Brudder vum Sebatien, am Retourmatch mat enger preziseier Flank op den Emmanuel Françoise ageleed:
cut
Deen zweeten an am Endeffekt decisiven Gol huet dunn de Kapitàn mat engem Fraistouss, deen direkt eragaang ass, marqueiert:
cut
D'Spiller vum schottesche Rekordchampion waren och no der Eliminatioun awer gaanz fair:
cut
Esou richteg hat een beim Progres awer net un e weiderkommen gegleewt, well et war keng Extra-Prime fir d'Spiller virgesinn, de President vun Nidderkuer fabio Marocchi:
cut
Och wann een elo d'Rangers elimineiert huet, weess de President, datt et géint AEL Limasol net vum selwe geet:
cut
Speitstens zanter der leschter Woch weess, een awer, datt am Football, villes méiglech ass.