Jhang, hees du net mat engem vun denge ville Virnumm och nach Jeff?
Nee, Firwat dat dann?
Ma net dass du op eemol och nach an der zweeter Bundesliga ronderëm turns!
Nee, esou al huelen seng keng!
Do hues do och nees Recht! Soit, beim Escher Derby tëscht der US an der Fola, hat nom Depart vum Jeff Strasser op Lautern, de Cyril Serredzum, den bis dato Co-Trainer, d'Responsabiliteit vun der Equipe. Déi Rout-Waiss vum Gaalgebierg konnten sech dann och 1-0 duerchsetzen, den Spiller Cedric Sacras:
cut
Jingel Aktualiteit
An der Mëttestonn war den Tirage vun den 16.tel Finalen an der Coupe de Luxembourg.
Zwee Deeg nom Championnatsmatch tëscht Diddeleng géint Nidderkuer, deen den F91 mat 3-2 gewonnen hat, huet d'Lousfee haut och geduecht déi Partie an der Coupe ze zeien.
Do kann een natierlech vun engem Hummerlous schwàtzen wann den éischten aus der BGL-Ligue géint den zweeten, elo an där Kompetitioun géint eneen spillt, den Romain Schumacher President vun Diddeleng:
cut
Wann ee schonn géint den Dubbleegewënner muss untrieden, dann hätt een awer am leifsten doheem am Stade Jos Haupert gespillt, den Nobert Emeringer Comitesmember vun Nidderkuer:
cut
Jingel Fro un Luc
En Donneschdeg flitt déi Lëtzebuerger Nationalequipe a Schweden fir de Match an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun deen e Samschdeg den Owend um 6 Auer zu Stockholm gespillt gëtt.
En Dënschdeg-8-Deeg kréien d'Rout Leiwen et dann Owes um ¼ fir 9 am Stade Josy Barthel mat Bulgarien ze dinn.
No senger super Prestatiounen bei der 1-0 Victoire géint Waissrussland, an dem 0-0 a Frankraich, steet de Jonathon Joubert, elo och fir déi zwee Matcher nees tëscht de Poteauen, dozou den FLF-Nationaltrainer Luc Holtz:
cut
Jingel Fro un de President
Ingel Quiz
Elo ass et nees un iech. Dir kënnt en Trikot vun der Nationalequipe gewannen.
Dir musst just erausfannen wien hei schwàtzt:
cut
Deen huet d'Spëtzepartie Diddeleng-Nidderkuer mat 2 Goler decideiert..
Bon, et ass awer och kee Meindeg mat dir besser...!
Dat kéint ech dir awer och soen...
So eis Nolauschterer leiwer d'Nummer, wou se de Numm sollen hischecken.
Dat ass den 6 2 4 6 8 fir 50 Cent den SMS.
Jingel Arbitrage
De Weekend war d'Journee de l'Arbitrage. Duerch méi Respekt vis-a-vis vun den Arbitter, well een och nees méi Leit dozou kréien, d'Paiff an de Grapp ze huelen.
Een deen zanter 7 Joer Arbitter ass, ass den 22 Joer jonken Jeremy Muller:
cut