Jhang, wou war s de dann de leschte Meindeg?
Ma ech war mech e bëssen vun dir erhuelen!
Ahbon, ech hat geduecht et hätt mam Wieder ze dinn gehat..., well ech hu mer soen gelooss, du wärs e Schönwetterfussballer...
A propos Wieder...D'ChampionnatsMatcher aus der BGL-Ligue an aus der Eirepromotioun vu gëscht a virgëscht, ginn elo den nächste Weekend nogeholl. D'1/8.tels Finalen vun der Coupe de Luxembourg, déi de nächste Weekend programméiert waren, ginn d'nächst Joer eng Kéier gespillt.
An der éischter an zweeter Divisioun ginn d'Matcher déi de Weekend sollte sinn, och op 2018 gesat. De nächste Spilldag, de nächste Weekend bleift bestoen wéi virgesinn.
An der drëtter Divisioun sinn d'Matcher déi ausgefall sinn, op de nächste Weekend, geluecht ginn.
Wann dann wengst den Terrain an Wiederkonditiounen och nees net gespillt kéint ginn, ass awer trotzdeem, nom 10. Dezember dëst Joer kee Match méi.
Jingel Youth
D'A-Footballnationalequipe huet dat beschte Joer an hirer 106 Joer laanger Geschicht hannert sech.
D'Rout Leiwen stinn an der aktueller FIFA-Ranking jo op der Plaz 84, besser war d'FLF-Formatioun nach ni.
Fir datt et awer nach besser soll ginn, huet een bei der Footballfederatioun verschidden Iddeen, déi an der Footballschoul zu Monnerech sollen ëmgesat ginn, den FLF-President Paul Philipp:
cut
Fir den Paul Philipp ass awer och ganz kloer, datt eppes bei de jonke Leit déi tëscht de Poteauen stinn, muss gescheien:
cut
Vum 1 Mäerz un, ass jo och den aktuellen U-19 an U-21 Nationaltrainer Manuel Cardoni Haaptberufllech bei der FLF agestallt, deen dann och nach eng weider Aufgab krut:
cut
D'FLF stellt natierlech och déi finaziell Mëttel zur Verfügung, fir déi ganz Ideeën ëmzesetzen.
Jingel Fro un de Paul
Paul
Jingel Quiz
Elo ass et nees un Iech, dir kënnt nees en Trikot vun der Footballnationalequipe gewannen, fir richteg equipeiert sidd, wann d'Rout Leiwen déi nächste Kéier nees spillen...
Dir musst just erausfannen wien hei schwätzt:
cut
Bei deem leeft et am Moment jo richteg gutt
Lafen géif dir och emol gutt doen...
Du bass, wei all Meindeg, an dofir soen ech eise Nolauschterer wei all Meindeg d'Nummer wou se de Numm sollen hischecken, dat ass de 6 2 4 6 8 fir 50 Cent den sms.