Wann et rullt dat rullt et...
Am Moment rullt de Ball nawell dacks an de Filet, wann den Dave Turpel scheisst.
An dëser Saison huet de Stiermer vun Diddeleng schonn 22 mol getraff, dovun alleng 15 mol an dësem Kalennerjoer:
cut
Besonnesch nom Lännermatch géint Eistraich, wou den Turpel jo nawell ferm vum Nationaltrainer Luc Holtz an d'Gebiet geholl gouf, huet den 25 Joer alen Mëttelstiermer opgedreit.
Zwee Goler géint Nidderkuer, 3 géint den RM Hamm Benfica an gëscht déi 3 géint d'Fola, schwätzen eng kloer Sprooch:
cut
Jingel Rdv
E Mëttwoch sinn d'1/4.els Finalen an der Coupe de Luxembourg.
Um ½ 8 sinn 3 Partien. Wolz aus der Eirepromotioun kritt Besuch vun Rodange aus der BGL-Ligue. Greivemaacher aus der Promotioun muss géint Deifferdeng untrieden.
Nom 2-2 am Championnat gëscht zu Stroossen, huet den neien Trainer vum FCD03 Dan Theis, an zwee Deeg eng leisbar Aufgab:
cut
Um ½ 8 gëtt och nach Hueschtert géint d'US Esch ugepaff
um 8 Auer ass et dann nach deen aneren Duell tëscht zwee Verainer aus der BGL-Ligue an zwar Peiteng géint de Racing.
Jingel Youth
An der Ouschtervakanz waren d'U-Kaderen fir Kompetitiounswochen an Daitschland.
Vun den U-13 bis d'U-18 goufen et fir d'FLF-Equippen an 12 Matcher 8 Victoiren an 4 Remisen, géint Equippen wei Greuther Fèrth, Ingolstadt oder och nach Bayern München.
Jingel Dammen
D'-U16 Nationalequippe war fir den UEFA-Developement Tournoi an Nordirland.
No enger 2-1 Victoire géint hiren Alterskolleginnen vun de Fàroer Inselen, an zwou Defaiten, 0-2 géint Nordirland an 1-2 géint de Kosovo, koumen déi jonk Rout Leiwinnen op déi zweete Plaz, hannert der Lokalequioe.
Fro un Presi
Jingel Quiz
Elo ass et nees un Iech, dir kënnt en Trikot vun der Nationalequipe gewannen.
An wien denkt dir dann, datt mir dës Kéier héieren:
cut
D'Tjo, wouru läit dat dann?
Dat ass jo lo net d'Fro hei. Eis Nolauschterer sollen de Numm vun deem Personnage eraschecken, an zwar op de 6 2 4 6 8 fir 50 Cent den SMS.