Gilles du waars gëscht bei der éischter Decisioun an dëser Saison an der BGL-Ligue dobäi.
Ahsou...
Majo, mam 0-0 vun der Jeunesse géint Deifferdeng, ginn déi Escher, ee Spilldag virum Break, sécher als Tabelleneischten an d'Wanterpaus.
De Trainer vun deene Schwaarz-Wäissen Marc Thome, weess awer och, datt et nach net gelaf ass:
cut
Oh wat bass du awer e Feinen!
Esou sinn ech eben.
Anscheinend hues de och e Steen am Bried um Racing...! A propos Racing, gëscht hunn déi Stater zu Nidderkuer déi 3 Punkten hänken gelooss.
De Sebastien Thill, Kapitän vum Progres weess wat den 2-0 Succee bedeit:
cut
D'Fola huet gëscht beim 2-1 beim RM Hamm Benifca déi beschten Operatioun um Weekend gemaach.
Fir d'Equipe vum Trainer Jeff Strasser ass et net nëmmen déi 6.te Victoire hannerteneen, et ass als Belounung och déi zweete Plaz an der Tabell, hannert der Jeunesse an virun Diddeleng.
Jingel Rdv
A propos F91. Déi Diddelenger hunn gëscht zu Roupsert um Camping just 2-2 glaichgespillt.
Keng Vakanz gëtt et och fir d'Equipe aus der Forge du Sud en Donneschdeg. Do spillt den F91 an der Europa League am legendären San Siro géint den AC Mailand, den Trainer Dino Toppmöller:;
cut
De Match AC Mailand- F91 Diddeleng gëtt en Donneschdeg um 5 viru 7 uegpaff, an Live hei um Radio, op RTL Tele Lëtzebuerg um 2. Kanal an op rtl.lu iwwerdroen
Jingel Dammennationalequipe
Bei engem internationalen Tournoi zu Singapur kommen d'Lëtzebuerger Dammennationalequipe mat engem feine Succee nees heem.
D'Formatioun vum Trainer Sami Samïly kënnt no enger 1-0 Victoire géint Indonesien an engem 4-0 an der Final géint den Orgainsateur, op déi eischte Plaz.
D'FLF-Dammen haten dann jo all Grong ze smilen..
Eieieiei, et huet jo esou eng misse kommen!
Jingel
Haut mai gudde Gilles...
a Feinen...
Jo a feinen! Hues du e Spiller vum FC Deifferdeng 03 um Mikro
cut
Jingel Quiz
Elo ass et nees un Iech. Dir kënnt e richeg flotten Trikot vun der Lëtzebuerger Footballnationalequipe gewannen.
Dir musst just erausfannen wien hei schwätzt: