Romain Schneider, Gudde Moien
Dir sidd Sozial a Landwirtschaftsminister, fänke mer vläit u mam Volet sécurité sociale.
Déi nei Regierung wëll kee generaliséierten tiers-payant, dir wëllt en elektronesche System deen en direkte Remboursement soll méiglech maachen. Huet dee System scho Form ugeholl?
D'AMMD seet, si wéilt e System proposéieren, ass d'Dokteschassociatioun domatte beoptraagt ginn?
Wësst dir dann do scho wat Iech erwaard?
Wéi stellt der Iech de system herno an der Praxis vir, wat soll fir de Patient genee änneren a fir eng Zort patiente sollen iwwerhaapt Ännerunge kommen?
Thema Nomenklatur, sinn d'Fronten nach ëmmer sou verhäert?
Kënnt d'AMMD dann nees zeréck op de Verhandlungsdësch?
Weist der dann do Ouverturen?Weist d'CNS déi jo och vun den Doktere kritiséiert gëtt Ouverturen
Wou genee wëllt der den Dokteren dann entgéint kommen
Assurance Accident: Vision zéro hätt der gären, also keen Aarbechtsaccident méi, wéi soll dat goen, den Ament sinn et der méi ewéi 25'000 d'Joer.
Dir wëllt Landwirtschaft an Ecologie besser matenee verbannen,
Kee Glyphosat méi bis 2020, 20% Bio bis 2025, dir hutt entretemps mat Bauereverbänn geschwat, wat ass den allgemenge Feedback?
A punkto Glyphosat mécht d'Frankräich d'Kéier, de President Macron réckt vu senge Verbuets-zieler of, wat sot der do derzou?
Bleift et hei egalwéi bei deem wat am Koalitiounsaccord steet
Dir wëllt BIO méi interessant maache, d'Bio-Produite solle méi niddereg ginn, sou ähnlech sot der et bei eis am Interview virun e puer Wochen?
Sollen et do weider Hëllefe gi fir Bio-Baueren, datt d'Rechnung opgeet?
Wa mer 2025 net 20% Bio sinn, wat maache mer dann? Déi lescht zieler déi sech gesat gi ware goufe jo och net erreecht
An der LSAP gëtt et jo Diskussiounen iwwer inhaltlech an och personell Erneierungen, ee wéi den Alex Bodry seet zum Beispill datt hie sech ee Joer virun Wahle wäert iwwerleeën op en ophält, fillt dir iech och vun der Diskussioun ugesprach?