D'Theresa May huet de Mësstrauensvote an der eegener Partei gepackt, wat bedeit dee Vote, ass elo doduerch iergendeppes geännert?
War et taktesch clever den eegene Récktrëtt nom Brexit an d'Spill ze bréngen?
Lo versich d'Premierministesch wuel weider de Support fir de Vote, dee jo scho verluecht, kritt se deen dann?
Wat wann net?
Wéi realistesch fannt d'Stéchdatummer vum 21ste Januar a vum 29ste Mäerz?
Wat bedeit d'Uerteel vum europäesche Geriichtshaff?
Wat ass do d'Prozedur? Geet do e Vote am Parlament duer?
Wéi realistesch ass en zweete Referendum?
Wat wëll d'Labour, wat wëll en Jeremy Corbyn, wëll dee bleiwen odder wëll dee just Neiwahlen?
Den No-Deal gëtt als Horror-szenario beschriwwen, mä wat wiere wierklech d'Konsequenzen, gitt eis mol praktesch Beispiller wat géing geschéien?
Wat sinn dann d'Riske fir d'Europäesch Unioun, Bréissel seet: mir verhandelen net méi, riskéiert een domatter net en „No Deal“ a vläit negativ Konsequenze fir d'EU?