"Lëtz say no to violence against women", ass de Slogan vun der sougenannter Orange Week, eng Sensibiliséierungsaktioun vum Conseil national des femmes an Zonta International déi op eng Initiative vun de Vereenten Natiounen organiséiert gëtt, och den Ament hei am Land. D'Gewalt géint Fraen soll e Gesiicht, d'Affer eng Stëmm kréien. Wéi gesinn déi Gesiichter hei zu Lëtzebuerg aus?
D'Police gëtt an der Moyenne 60 mol am Mount geruff fir bei Leit doheem géint Gewalt z'intervenéieren.
Zejoert war d'Police, de Chiffren vun der Gesondheetsministesch no mat 715 Fäll vu Gewalt am Stot konfrontéiert. Wat positiv ass, wann een d'Evolutioun kuckt, sinn déi Zuele réckleefeg...(mir leien ënnert der 10Jores-Moyenne)
Sondage vun 2014: 38% vun de Fraen soen si hätten physesch a psychesch Gewalt erlieft. 67% soe souguer si wieren Affer vu sexueller Gewalt ginn. Domadder läit Lëtzebuerg wäit iwwert der EU-Moyenne.
Wéi kann et sinn, datt mer eigentlech keng Chiffren hunn déi méi aktuell sinn?
Wéi gutt gi Fraen hei am Land déi Gewalt erlieft hunn zu Lëtzebuerg encadréiert?
D'Fraenhaiser si voll a kënnen net hirer eigentlecher Funktioun gerecht ginn fir Leit an akuten Noutsituatiounen z'emfänken, wéi vill Plazen gëtt et eigentlech?
Fir de Rescht stoussen ass mer eis rëm um allgemenge Problem vum Lëtzebuerger Wunnengsmaart... Et gëtt keng Wunnengen um reguläre Marché fir déi concernéiert Leit, fir datt se sech lues a lues nees kéinten en normaalt Liewen opbauen
Do si Fraen déi jorelaang am Fraenhaus hänken...
An de Fonds du logement dierf keng Wunnengen méi un Asbl verlounen, wéi vill Wunnengen sinn doduerch verluer gaang?
Dir fuerdert och ganz konkret datt déi psychologesch Gewalt sollt an d'Gesetz dra geschriwwe ginn...sou wéi et u sech jo och an der Konvention vun Istanbul virgesinn ass déi Lëtzebuerg och ratifizéiert huet. Firwat ass dat bis ewell net geschitt?
An da bleift et jo nach ëmmer ganz schwéier fir Psychoterror, Mobbing viru Geriicht nozeweisen...
D'Verjährungsfrist bei Violen misst och onbedéngt op 30 Joer eropgesat ginn.
Wéi e Bilan kënnt dir eigentlech elo schonn vun der sougenannter "Afferambulanz" zéien, dat ass eng rechtsmedezinn Unitéit vum Staatslabo wou sech Affer vu Gewalt melle kënnen déi an enger éischter Phas keng Plainte maache wëllen
D'lescht Joer war d'Metoo-Beweegung am Kader vun der Orange Week ganz aktuell. Millioune Fraen op der ganzer Welt, bon besonnesch an der Filmbranche, hunn iwwert dee Wee Courage gefaasst fir sexuell Iwwergrëff géint si ëffentlech ze denoncéieren. Wat géif der elo ee Joer duerno soen, sinn déi laangfristeg Nowierkungen vu Meetoo, och hei zu Lëtzebuerg?
Ginn et där oder ass den Elan antëscht neess gebrach ginn? Engem Artikel am Lëtzebuerger Wort no ass d'Zuel vun de Plainten wéinst sexueller Belästegung beim Parquet respektiv de Gewerkschaften am Verglach mat de Jore virdrun awer stabel bliwwen...Hänkt dat domadder zesummen, datt mer sou e klengt Land sinn, datt Fraen déi Affer goufen Angscht hunn kee Gehéier ze fannen an dann eng zweete Kéier zum Affer ze ginn, nom Motto si wär schonn net ganz onschëlleg un der Belästegung gewiescht
Konnt den Tabu gebrach ginn?
Wat misst sech op deem Plang, ärer Meenung no änneren?
Wou et zu Lëtzebuerg zum Beispill och nach ëmmer un Donnéeë feelt ass d'Genitalverstümmelung. D'Unicef geet dovunner aus, datt et 200 Millioune Fraen a Meedercher gëtt déi beschnidde goufen an datt 5% dovunner an Europa liewen
Jiddereen dee wëll ka sech haut a muer och un den Aktiounen vun der Orange Week bedeegelen... Haut ass e flashmob an der Stad a muer dann déi grouss Solidaritéitsmarche