Isabelle Schlesser, gudde Moien
Dir waard vun der Delegatiounen an d'Koalitiounsverhandlungen invitéiert fir d'Situatioun vum emploi ze presentéieren, wéi ass déi dann?
D'Konjunktur dréit gutt. De Chômagetaux geet konstant erof a läit bei 5,4%, wat sinn d'Perspektiven? Wéi geet et mat der Evolutioun vun deem Taux weider?
Wat sinn dann är Fuerderunge fir d'Zukunft, wou dréckt de Schung?
Wéi vill Leit sinn ageschriwwen, a wie sinn déi Leit, wéi eng Kategorië stieche besonnesch eraus?
Wat fir Kategorie hunn et am schwéiersten?
(Alter, Jugend, Laangzäit, Diplom, Handicapéierter?)
Wéi grouss ass de Problem, datt Leit déi ageschriwwe sinn net déi Qualifikatiounen hunn déi gesicht sinn
D'Handiwerk beklot sech datt et keng mäin d'oeuvre gëtt, d'Vertrieder verlaange staark Ännerunge bei der formation professionnelle, d'Orientéierung géing net klappen, et géing just drëm goen, Diplomer ze verdeelen
D'fédération des artisans iwwerleet fir d'Léier net méi ze begleeden? ass dat mat Riske verbonnen?
Den Dialog tëscht Patronen an Adem, wéi klappt deen allgemeng? Täuscht der iech do mat den néidegen Informatiounen aus, wat d'Besoine sinn?
D'EU-Kommissioun gesäit vir, datt Leit déi hir Aarbecht verluer hu vun deem Land Chômage bezuelt kréie wou se geschafft hunn, fir Lëtzebuerg a fir d'ADEM kann dat wéinst de ville Frontalieren zum Problem ginn, Lëtzebuerg kritt méi Zäit ewéi aner Länner....wat bréngt dëst fir Erausfuerderunge mat sech, hunn d'Preparatioune schonn ugefaangen?