-Raoul Schaaf, dir sidd zanter Juli zejoert den Direkter vum CNDS, dat ass de Comité national de défense sociale, eng asbl mat ëm déi 100 Mataarbecht déi sech a verschiddenen Domäner fir Leit an Nout asetzt. Wéi géif der är Aarbecht kuerz beschreiwen fir een deen Iech guer net kennt? Wie kënnt bei Iech? Wou setzt är Hëllef konkret un?
-Déi meescht kennen den CNDS duerch den Abrigado. Den Drogenhëllefszenter zu Bouneweg, d'Fixerstuff wéi ze am Volleksmond genannt gëtt. An der lescht stoung den Abrigado nees verstäerkt an der Kritik wéinst der ugespaanter Sécherheetslag, Belästegungen géintiwwer den Awunner an de Geschäftsleit an der Géigend, Attacken op d'Mataarbechter Offall, Drogenutensilien, Sprëtzen déi ronderëm leien an den Ubléck ronderëm Struktur deen ëmmer rëm ugeschwat gëtt, wéi akut ass et den Ament am an ëm den Abrigado? Huet sech d'Situatioun effektiv verschäerft?
-Wéi gidd dir mat den Noperen am Alldag eens?
-Datt sech d'Situatioun verschäerft huet, weist och eng nei Konventioun déi am leschte Stater Gemengerot gouf eng Konventioun ugeholl gouf. Eng Konventioun fir verlängert Ouvertureszäiten vum Abrigado, Samsdes a Sonndes soll elo och opp sinn... Geet dat duer fir de Besoin ze couvréieren?
(Fir dëse Besoin z'erfëllen sollen 3 Leit agestallt ginn, vu wéini un funktionéieren dann déi nei Ouvertureszäiten)
-U sech sollt mat Hëllef vum Staat och am Dag méi laang opp sinn. Wou sinn déi Gespréicher mam Staat drun?
-Wéi gesäit den Alldag vun äre 36 Mataarbechter am Abrigado aus? D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer sot, et wier effektiv geféierlech fir d'Leit déi am Abrigado schaffen
-Vläicht eng Zuel déi illustréiert et ginn am Abrigado 400.000 Sprëtzen all Joer getosch. Wéi vill Leit ginn all Dag am Abrigado encadréiert?
(Statistesch eng Iwwerdose pro Mount, keng déidlech an de leschte Joren)
-De Projet vun enger definitiver Struktur ass deen definitiv vum Dësch? Den Abrigado muss ee soen war e Provisorium, Container, déi zanter méi laangem schonn an engem Zoustand sinn dee scho laang net méi ideal ass
-Ass den Abrigado haut nach déi richteg Äntwert op d'Problematiken vun der Lëtzebuerger Drogenzeen? De Konsum an d'Konsumente hu geännert... Kann den Abrigado eigentlech seng Missiounen am aktuelle Kontext nach erfëllen?
-D'Stad Lëtzebuerg fillt sech elo schonn zanter Joren mat enger u sech nationaler Aufgab am Drogeberäich am Stach gelooss. Am Gemengerot gouf och nach emol d'Fro opgeworff wéi wäit de Projet vun der Fixerstuff zu Esch ass. Dee Projet krut jo ëmmer rëm Retard. Elo geet Rieds vum anere Joer wou opgoe soll. Hutt dir do Informatiounen? Den Ament ass den Abrigado zu Bouneweg jo nach ëmmer déi eenzeg Ulafplaz fir dat ganzt Land
-Bräichte mer net méi kleng Strukturen? Verdeelt op d'Stad an aner Stied? Dir hutt an engem Interview d'Zuel vu 4 Strukture genannt, déi néideg wieren. Misst hei net awer och de Staat méi aktiv ginn?
-Wéi erkläert dir Iech dat, datt de Staat nëmme wéineg reaktiv ass?
-Den CNDS, dat ass awer net nëmmen den Abrigado mä och Strukturen wéi d'Vollekskichen, déi 7 Deeg op 7 Iessen zu abordabele Präisser zervéiert an Nei Aarbecht wou Laangzäitchômeuren al Miwwelen, Elektroapparater etc an d'Rei setzen déi dann second hand verkaf ginn. (Service entraide, CNDS Wunnen, CNDS Naturaarbechten) Elo huet de Statec net méi spéit wéi d'lescht Woch op en neits festgestallt, datt den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg weider eropgaang ass. Mierkt dir dat och bei Iech konkret um Terrain un der Demande?
-Wat misst déi nächst Regierung dann konkret ënnerhuelen? Leit déi zu Lëtzebuerg an Aarmut liewen, leiden dacks ënner sozialer, gesellschaftlecher Ausgrenzung
-Wéi gesidd dir eigentlech d'Diskussioun, déi wuel an dëser Legislatur wäert ugepaakt ginn, vun der Legaliséierung vum Cannabis?