Letzebuerg geheiert zu de räichste Länner op der Welt an awer am internationale Verglach ass d’Liewen natierlech och deier an den Aarmutsrisiko bleift historesch héich mat 16,5 Prozent 2016, liest een am Sozialpanorama vun der csl vun desem Joer. Wiem seng Schold ass dat? wann ee weess datt dei efficacten Instrumenter d’Sozialtransferte sinn...
dh d’Sozialtransferten sinn net heich genuch?
Dem Statec no brauch eng Koppel mat zwee Kanner 4079 Euro fir wierdeg ze liewen.
D’Dräierkoalitioun ass virun 5 Joer ugetrueden fir ze lëften, et soll méi sozialselektiv agéiert ginn. Eischt Prioritéit war et réckbléckend, derfir ze suergen, datt d’Staatsfinanzen net nach weider aus dem Rudder lafen. Et gouf e Spuerpak ficeléiert deen deels nees réckgängeg gemaach gouf. Duerno d’Steierreform, dei sozialgerechtst dei et bis ewell gouf, gett emmer rem vun de Majoriteitsparteie betount, donieft sinn eng ganz Partie punktuell Adaptatiounen fir d’Privatleit komm. Wei faellt aus aerer Vue, aus der Siicht vun der Salariatkanmer de Bilan vun der blo-rout-grenger Sozialpolitik aus?
D’Etuden schwätzen eng kloer Sprooch, den Aarmutsrisiko bleift historesch héich. Et ass kloer, an dat hutt dir och an aerem leschte Sozialpanorama festgehal, d’Inegaliteiten sinn an de leschte 5 Joer eropgaang, d’Schéier tescht Aarm a Raich auserneen...dei Räich ginn zu Lëtzebuerg ëmmer mei Räich, dei Aarm, emmer méi aarm. Wat muss geschéien fir datt dei Tendenz gebrach gëtt?
CSL mecht zanter 2011 dee selwechte Constat. D’Problemer missten also bekannt sinn. och datt Allengerzeier am meeschten vun der Aarmutsfal menaceiert sinn ( bal d’Halschent), Huet d’Politik versot fir datt jiddereen vum Wuesstem profiteiert well Croissance ass jo antescht nees do...Ass dei Sozialfro vernooleissegt ginn? Dat ass jo och eng Kritik dei sech de Premier ea beim leschten Etat de la Nation huet missen unheieren, datt e kee Bléck haett fir dei sozial Problemer vum Land
Oder spillt de Logementsproblem dee mer net de Greff kréien sou eng dominant Roll?
Ee Phänomen deen et och hei am Land gett mae dee vlaicht manner thematiseiert gett ass dee vun de « working poir ». dei niddreg Lein sinn, der csl no, manner seier gewuess wei dei heich. ass dat do manner en thema well manner Wieler vlaicht dovunner betraff sin...
Steierreform: wou muss prioritaer nogebessert ginn?
Méi Ennerstëtzung fir Allengerzéier, d’Ofschafen vun der Steierklass 1a, méi en héije Mindestloun oder nach e gratis ëffentlechen Transport, dat sinn e puer Schlagwieder queesch duerch d’Parteien an dësem Wahlkampf, huet d’Sozialpolitik awer aerer Meenung no dee Stellewaert an de Wahlprogrammer dee se misst hunn?
Stechwuert Mindestloun, dee muss aerer Meenung no gehéicht ginn well en ennert der Aarmutsgrenz läit, em wei vill?
Mir hu geschter op deser Plaz iwwert d’Familljepolitik diskuteiert, wei bewaert d’CSL dat wat op deem Niveau dei lescht Jore geschitt ass?
Wou steet Lëtzebuerg am europäesche Verglach aa wéi hu mer eis ean der leschter Legislatur entweckelt?
Wat bleiwen déi grouss Defién fir déi nächst Regierung? wat missten fir dei naechst Regierungsmemberen d’sozial Prioriteite sinn? De Logement??