„All Mënsche gi fräi gebuer, mat gläicher Dignitéit an de selwechte Rechter“, dat ass den éischten Artikel vun der allgemenger Declaratioun vun de Mënscherechter vun de Vereenten Natiounen déi haut viru 70 Joer zu Paräis ugeholl gouf, E Saz deen och zu Lëtzebuerg den Ament ganz aktuell ass. Gudde Moien Gilbert Pregno, President vun der konsultativer Mënscherechtskommissioun
Et ass den Educatiounsminister Claude Meisch dee sech a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro op dee Saz berifft. Dir selwer hutt op de sozialen Netzwierker gemengt den adr-Deputéierten Fernand Kartheiser hätt et mat senger question parlementaire iwwert en Theaterstéck fäerdeg brecht Promotioun fir d´Mënscherechter ze man...wat huet bei Iech an dëser Saach dominéiert? D'Roserei iwwert d'Fro déi gestallt gouf oder d'Freed iwwert d'Majoritéit vun de Reaktiounen déi dem Här Kartheiser seng Virgoensweis denoncéiert hunn?
D´Mënschereschtsorganisatioun Amnesty International analyséiert an hirem aktuelle Rapport haut, datt Fräiheeten a Rechter fir déi laang gekämpft gouf, haut nees a Gefor sinn. Amnesty schreift spezifesch vun Unfeindungen géintiwwer Auslänner, Homosexuellen a Fraen. Deelt dir des Appreciatioun?
U wat maacht dir dat fest?
Mat der Metoo-Bewegung kruten d´Iwwergreff an d´Gewalt geintiwwer Fraen awer och op där anerer Säit méi eng grouss Visibilitéit op där anerer Säit...
A wéi engem Beräich mussen am Grand-Duché nach besonnesch Efforten a Punkto Mënscherechter gemaach ginn?
Déi konsultativ Mënscherechtskommissioun huet sech viru Kuerzem schockéiert iwwert den Emgang mat mannerjäregen Demandeurs d´asile gewisen. Dir hutt déi menschenonwierdeg Praktik denoncéiert, datt d´Geschlechtsorganer vu Mineuren vun Dokteren ennersicht a photographéiert gin fir erauszefannen wei al d´Persoune sinn.
(just 7 Länner maachen dat nach, dem Europarot no)
Den Ausseministère huet sech dorobbs hin op d´Gesetz beruff., dat sou Ennersichungen zouléisst wa Mineuren alleng an e Land kommen a keng Pabeieren hunn an et en Doute iwwert den Alter gett. de Staatslabo hätt eng medezinnesch Prozedure ausgeschafft déi nemmen an Ausnamefäll applizéiert gett, wann et e serieuxen Doute gett wei al de Mineur ass. Et kéim net systematesch zu sou Analysen vun de Geschlechtsdeeler just wann d´Röntgen vun der Hand, déi emstridden ass, kee fiabelen Opschloss iwwert den Alter gett. Deen Ament geif och d´Schlesselbeen an dGebess gerëngt. Ech huelen un déi Äntwert war net zefriddestellend fir Iech...
Wat wier dann eng wierdeg Alternative an den An vun der CCDH?
Dir hutt an ärem Rapport och d´Liewensemstänn an verschiddene Foyeren an d´Prise en charge vu Flüchtlingen kritiséiert, wat erwaart dir Iech eigentlech elo vum Remaniement um Niveau vun der Regierung, datt den Accueil elo an den Immigratiounsministère integéiert gouf?
Dat war eng Demande vun der Zivilgesellschaft?
Den UNO-Migratiounspak deen haut zu Marrakesch ennerschriwwe gett huet iwwert de Weekend fir eng handfest Regierungskris an der Belsch gesuergt. D`Ministeren vun der rechtspopulistescher flammännescher NVA hunn aus Protest géint den Text demissionéiert dee virdrun nach breede Support vum Parlament krut. Ungarn, Eisträich a Polen ennerschreiwen net mat. Kritik um Text gouf et vun der afd an hei am Land vun der adr, d´Kritiker stinn awer zimlech isoléiert do... Wéi erkläert dir Iech d’Oppositioun géint dese juristesch net verbindlechen Text, deen et jo och vun enger Partei hei am Land gouf?
Wéi bewäert dir den UNO-Migratiounspakt?
L’accueil des réfugiés à lépreuve des droits humains ass den Owend och eng Konferenz an Zesummenaarbecht mat der Schwäizer Ambassade zu Letzebuerg an dem Escher Theater iwwerschriwwen. Wéi hunn d´Menscherechter da bis ewell dei Epreuve vun der Flüchtlingskris gepackt hei am Land?
An Däitschland huet dÁrrivee vun de ville Flüchtlingen notamment d’afd staark gemaach an d’Kanzlerin sou geschwächt, datt se antescht de Virsëtz vun hirer Partei opginn huet an d’Enn vun hirer Carrière annoncéiert huet
Hir Successeurin um Posten vun der Parteicheffin AKK huet sech schonn diskret vun der Flüchtlingspolitik vum Angela Merkel distanzéiert
Fir d´Konferenz den Owend um hallwer 8 am Escher Theater sinn nach Plaze fräi...