Eppes méi wéi 6 Joer no de Medicoleaks ass Lëtzebuerg zanter ronn annerhalwer Woch mat de Chamberleaks konfrontéiert. Dës Kéier war net de Sven Clement vun der Piratepartei deen, deen op informatesch Sécherheetsproblemer higewisen huet, mä de Jean-Claude Franck, Chefredakter vum Radio 100,7, a säi Redaktiounskolleg Claude Biver. Si kruten einfach Zougrëff op Dokumenter vum Parlament, déi net accessibel hätte sollen oder däerfe sinn. Am Ufank schwätzt d'Chamber dovun, dass näischt Sécherheetsrelevantes ofgezaapt gi wär; deem war awer net sou! D'Parlament saiséiert um Enn de Parquet, wat d'Journalisten als Aschüchterung verstinn. Huet een et hei mat engem klassesche Fall vu Whistleblowing ze dinn, an hätt d'Chamber net besser gehat, déi eege Feelere kritesch ze hannerfroen, amplaz mat juristesche Schrëtt ze dreeën? Doriwwer hunn haut 4 Journalistekollegen diskutéiert.
Geschwat gouf donieft iwwert d'adr an d'CSV, déi - fir déi éischt - mam Fred Keup Zoulaf vu „Wee 2050/Neen 2015“ kruten an - fir déi zweet - mam Viviane Reding am Zentrum an d'Chamberwale vum Oktober ginn, an iwwert den neie Generaldirekter vun Editpress, Jean-Lou Siweck, dee bis viru kuerzem Chefredakter vum Wort war.