Sign up to save your podcasts
Or
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir e bësse méi allgemeng iwwer de Wanter, an duerno héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Wanterpneue schwätzen.
-
Transkript:
De Wanter
Am Wanter ass et zu Lëtzebuerg kal, net grad esou kal wéi an den nërdleche Länner, mee et kënnen awer och Minusgrade ginn. Meeschtens sinn d’Temperaturen ëm déi 5 Grad an et reent och vill. Zu Lëtzebuerg schneit et leider net méi vill, mee wann ee mol Chance huet an et schneit, da sollt een definitiv mam Schlitt fuere goen. Eng aner Aktivitéit, déi mer am Wanter maache kënnen, ass Schlittschong fueren. D’Leit ginn dofir oft op d’Kockelscheier. Do kann ee Schlittschong ausléinen an et ausprobéieren. Wann ee léiwer eppes méi Gemittleches maache wëll, da kann een op de Chrëschtmaart goen an eppes Leckeres iessen an drénken. Um Chrëschtmaart kann ee Glüwäin drénken, dann ass et engem direkt manner kal an et kann een zum Beispill Gromperekichelcher, verschidde Wurschten, Tartifletten, Eisekuchen an nach aner Saachen iessen. A wa mer schonn iwwert d’Iesse schwätzen, da kënne mer och soen, dass am Wanter vill Raclette giess gëtt. Et gëtt ee bei Kolleegen invitéiert, oder et invitéiert ee selwer Leit bei sech. Fir Leit, déi net gär kachen ass dat perfekt, well et muss ee just den Apparat umaachen a fir de Rescht zerwéiert jidderee sech selwer. Mmmm, elo hunn ech zwar Loscht op eng Raclette!
Diskussioun Wanterpneuen
A: So, mengs du net, du misst mëttlerweil deng Wanterpneuen op den Auto montéiere loossen?
B: Nee, firwat dann dat? D’Wieder ass jo nach an der Rei.
A: Elo nach! An e puer Deeg soll et schneien an du wëlls jo net mat denge Summerpneuen am Schnéi fueren.
B: Ech kucken als éischt emol, ob et iwwerhaapt Schnéi gëtt an dann decidéieren ech dat.
A: Maach wéi s de wëlls, mee du weess jo, wann s du vun der Police ugehale gëss, da muss du 74€ bezuelen an du muss däin Auto op der Plaz stoe loossen. An du sos dach, du fiers de Weekend fort, nee?
B: O nee... Ech muss dir eppes beichten... Ech mengen ech hunn iwwerhaapt keng Wanterpneuen.
A: Wat?! Hues du se nach all? Dat ass jo extreem geféierlech.
B: Et deet mer leed. Ech hunn den Auto jo eréischt kaf an hunn net dru geduecht, dass ech och nach nei Pneue misst kafen. Ech weess emol net, wat fir Pneuen ech um Auto hunn.
A: O mei! Dat ass wierklech typesch! Da komm mir gi mol kucken.
A: Mäin Auto ass mega schéin, oder? An déi Faarf passt och voll bei mech.
B: Jo, jo, Haaptsaach d’Faarf passt. Da looss mech elo mol deng Pneue kucken.
A: Ça va.
B: Uff! Du hues Allweatherpneuen dat ass jo nach an der Rei.
A: Wou gesäit een dat iwwerhaapt?
B: Kuck. Hei steet M+S, dat steet fir “mud and snow”, also Bulli oder Mätsch a Schnéi, an dat ass d’Zeeche fir d’Allweatherpneuen.
B: A wéi erkennen ech déi aner Pneuen?
A: Bei de Wanterpneue steet och M+S drop, mee et ass och nach e Symbol mat engem Bierg an enger Schnéiflack dran, direkt niewendrun.
B: Aha! A wat fir en Zeeche gesinn ech bei de Summerpneuen?
A: Dofir gëtt et keen Zeechen. Dat heescht, wa guer keen Zeechen drop ass an och net M+S drop steet, da sinn et Summerpneuen.
B: Dat ass alles sou komplizéiert. Ab wéini muss ech d’Wanterpneuen um Auto hunn?
A: Et gëtt kee richtegen Datum, mee du muss der bei Schnéi a bei Glatäis drop hunn.
B: Ok, da sinn ech jo lo gutt informéiert.

1 Listeners
0 Listeners
8 Listeners
0 Listeners
0 Listeners
0 Listeners
0 Listeners
1 Listeners
0 Listeners
10 Listeners
89 Listeners
0 Listeners
35 Listeners
4 Listeners