Poterkëscht vum INLL

E chatoescht Chrëschtdagsiessen (A2)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Mir hoffen, datt dir schéi Feierdeeg hat. Am Episod vun haut erziele mir vun engem chaotesche Chrëschtdagsiessen. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
B: Hallo! Wéi geet et dir?
A: Hallo! Gutt an dir? Wéi waren deng Feierdeeg ?
B : Jooo…hmm… Hellegowend war immens schéin, mee Chrëschtdag selwer war fuerchtbar!
A: Wéi? Wat ass da geschitt?
B: Am Ufank war nach alles an der Rei. Mir hunn e puer Kippercher Cremant gedronk – verschiddener, menger Meenung no, e puer ze vill – an derbäi gouf et immens gutt Aperitifskichelcher, vun deem neien Traiteur do, vun deem ech der erzielt hat.
A: A jo!
B: Als Entrée gouf et fir d’éischt eng Héngerbritt, déi meng Bomi matbruecht hat an nach Saumon fumé mat Toasten. A propos, meng Bomi huet quasi déi ganzen Zäit geschwat: iwwer hir Kandheet, iwwer déi nei Dirigentin vun hirem Gesank,... A se huet och iwwer sou vill Leit, déi mir guer net kennen, geschwat a gelästert. Dat huet wierklech genervt.
A: Ok. An dunn?
B: Duerno gouf et e Brot an als Bäilag kleng Gromperegratinen a roude Kabes.
A: Nee, nee! Wat ass du geschitt?
B: Maja, waart! Mäi Monni, dee scho vill ze vill Wäi gedronk hat, huet sech opgereegt, datt de Kabes versalzt wier. Menger Mamm ass bal de Kolli geplatzt! Si kann hirer Schwëster hire Mann souwisou schonn net leiden. Glécklecherweis huet awer keen e Sträit ugefaang. Bon, als Dessert hate mer eng Bûche. Meng Schwëster mécht se all Joer selwer. Et ass wierklech déi bescht Bûche, déi ech jee giess hunn, eng Schockelasbûche.
A: Mh hm.
B: Obwuel mer scho laang sat waren, gouf et beim Kaffi nach kleng Stollen a Kichelcher.
A: Dat kléngt wierklech no vill...
B: Jo, dat Gefréiss all Joer...et ass mer all Kéiers ze vill. Mee lo awer: Meng Tatta, mengem Papp seng Schwëster, hat hiren Hond matbruecht. Dat huet eiser Kaz net esou gutt gefall. Den Hond huet si sou erféiert, datt se an de Chrëschtbeemche gesprongen ass. De Beemchen ass dunn ëmgefall. Wéi mir e rëm opgeriicht hunn, hu mer gemierkt, datt den Adventskranz gebrannt huet. De Beemchen hat d’Käerzen ëmgeheit. Mir sinn alleguer esou erféiert a woussten am éischte Moment net, wat maachen. Mäi Monni, dee grad en Tëmpche gehalen huet, well en ze vill gedronk hat, huet vu Schreck säi Glas Wäin op d’Feier geheit. Dat huet natierlech näischt gehollef. Meng Mamm huet dunn awer geschalt an de Brand mat dem Waasser aus dem Krou geläscht.
A: O vreck! Wat e Chaos! Dat ass jo wierklech wéi an engem Film! Dann hoffen ech, datt wéinstens däi Silvester besser gëtt!
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
RTL - Journal by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Journal

1 Listeners

RTL - 5vir12 by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - 5vir12

0 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

8 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

RTL - Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

RTL - Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

1 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL Today - Luxembourg History Podcast by RTL Today

RTL Today - Luxembourg History Podcast

10 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

89 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

L’Heure du Monde by Le Monde

L’Heure du Monde

35 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

4 Listeners