Poterkëscht vum INLL

Kleeserchersdag (A2)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Geschwënn ass de 6. Dezember. Zu Lëtzebuerg ass dat e speziellen Dag: Kleeserchersdag! Mee wat ass dat genee? Lauschtert a fannt et eraus!

-

Transkript:

Kleeserchersdag

Wat ass Kleeserchersdag a wien ass de Kleeschen? Dëse Freideg ass et endlech esou wäit an d’Kanner sange scho fläisseg "Léiwe Kleeschen" an der Schoul.
Wann der scho méi laang zu Lëtzebuerg wunnt, hutt der dëst Lidd vläicht schonn héieren.
 Kleeschen oder Zinniklos ass de lëtzebuergeschen Numm fir den hellegen Niklos. Op Franséisch heescht hie Saint-Nicolas, op Hollännesch a Flammännesch heescht hie Sinterklaas an op Däitsch heescht hien Nikolaus.

An der Nuecht vum 5. op de 6. Dezember kënnt hien aus sengem Himmelsland a bréngt de brave Kanner Kaddoen. D’Kanner aus der Grondschoul hunn de 6. Dezember fräi, fir datt si deen Dag mat hiren neie Spillsaache spille kënnen.  
Zanter 2019 steet “Kleeserchersdag” oder “Niklosdag” op der Lëscht vun den immateriellen UNESCO-Weltierwen.
Vill Soen erzielen, datt de Kleeschen en immens léiwen an hëllefsbereete Mënsch war an och nach ass ass. Enger Legend no huet hien dräi Kanner aus engem Dëppe vun engem Metzler, dee Jelli aus hinne kache wollt, befreit. Dës Legend gëtt et och a Form vun engem Gedicht, “D’Seeche vum Zinniklos”, vum Georges Schmitt aus dem Joer 1944.
Wéi gesäit de Kleeschen aus? Hien ass en eeleren Här an huet e laange wäisse Baart. Seng Tenue erkennt een direkt: hien ass als Bëschof gekleet mat engem meeschtens roude Mantel, enger Mitra um Kapp an engem Bëschofsstaf an der Hand.  
Hie gëtt begleet vu sengem Gesell, den Houseker. Deen huet e laange schwaarze Baart an ass däischter ugedoen. Hien huet meeschtens e Sak mat Rutten derbäi. Jongen a Meedercher déi net brav waren, kréien deen Dag dann eng Rutt vum Houseker.
D’Kanner freeë sech scho wochelaang am Viraus op Kleeserchersdag.

Op ville Plaze kann een de Kleesche schonn e puer Woche viru Kleeserchersdag begéinen an heiansdo kritt een dann eng Titche mat Séissegkeeten an e Boxemännchen. 
Eng Woch oder zwou Woche viru Kleeserchersdag stellen d’Kanner owes virum Schlofe goen, de Schong bei d’Dier a sange “Léiwe Kleeschen”. Wa se moies waakreg ginn, leien eng Schneekegkeet, wéi zum Beispill Schockela oder Uebst, wéi zum Beispill eng Mandarinn oder e klenge Kaddo am Schong.
De 5. Dezember, owes, ass et dann esou wäit. D’Kanner stellen hire Schong oder en Teller bei d’Dier a freeë sech op dee groussen Dag.
Denkt also drun, datt e Freideg keng Schoul ass an datt der net erféiert, wa moies eppes an äre Kanner hire Schong läit!

 Mir wënschen iech an äre Kanner, e schéinen Niklosdag!

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Affaires sensibles by France Inter

Affaires sensibles

286 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

318 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,759 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

267 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis by Business Insider

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis

20 Listeners

Apprends le français avec Madame à Paname (French) by Madame à Paname

Apprends le français avec Madame à Paname (French)

197 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

102 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

223 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

5 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

181 Listeners