Poterkëscht vum INLL

Noriichten: Meteo a lokal Noriichten (A2)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir eng Simulatioun vun den Neiegkeeten um Radio. Vill Spaass beim Nolauschteren.

-

Transkript:

Gudde Moien! Et ass aacht Auer. Mir héieren elo fir d’éischt d’Meteo an da komme mir bei déi lokal Noriichten aus dem Land. Wéi gëtt d’Wieder haut? Dës Fro stelle sech eng Rei vun eisen Nolauschterer. 

Meteo: Haut bleift et zimmlech bedeckt. D’Temperature leien tëschent zéng a fofzéng Grad. Am Nomëtteg kann et op e puer Plazen zu e puer Schauere kommen. Denkt also un Äre Prabelli! An der Nuecht killt et bis op fënnef Grad of. Muer erwaarden eis e bësse méi Sonn an Temperature bis zu uechtzéng Grad. Fir de Weekend ass awer erëm mat Reen a plazeweis Niwwel ze rechnen. 

Elo zu der Aktualitéit vum Dag.  

Accident op der A7 

Am fréie Moie koum et zu engem uergen Accident op der A7 a Richtung Süden. Zwee Autoe sinn aneneegeknuppt. Eng Persoun gouf liicht blesséiert a koum mat der Ambulanz an d’Spidol. D’Autobunn war fir zwou Stonne gespaart, mee se ass elo erëm normal fir de Verkéier op. 

Vermësstemeldung 

D’Police sicht no engem siechzéngjärege Mike Da Costa vu Stroossen. Hie gouf fir d’lescht gëschter Mëtteg op engem Busarrêt um Geesseknäppche gesinn. Hien ass ongeféier 1 Meter 75 grouss, huet brong Hoer an hat eng schwaarz Liedersjacket un. Falls Dir dës Persoun gesinn hutt oder Informatiounen hutt, mellt Iech wgl. bei der Police, um 113. 

Renovatioun vun der Bibliothéik 

D’Bibliothéik ,,Bicherfrënn’’ ass vum nächste Mount u wéinst Renovatiounsaarbechte fir de Public zou. D’Moderniséierung soll dräi Méint daueren a versprécht méi Plaz fir Bicher, nei Liessäll an eng méisproocheg Kannersectioun. Wärend där Zäit kënnt Dir Är Bicher an der Stater Bibliothéik ausléinen. 

Sou, dat waren all d’Noriichte fir haut de Moien. Mir wënschen Iech e gudde Start an den Dag! 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Podcast Francais Authentique by Johan Tekfak

Podcast Francais Authentique

496 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,694 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

Verbrechen by DIE ZEIT

Verbrechen

288 Listeners

Handelsblatt Disrupt - Der Podcast über die Zukunft der Wirtschaft by Sebastian Matthes, Handelsblatt

Handelsblatt Disrupt - Der Podcast über die Zukunft der Wirtschaft

19 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Handelsblatt Today - Der Finanzpodcast mit News zu Börse, Aktien und Geldanlage by Solveig Gode, Nicole Bastian, Sandra Groeneveld, Nele Dohmen, Anis Mičijević

Handelsblatt Today - Der Finanzpodcast mit News zu Börse, Aktien und Geldanlage

29 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

OHNE AKTIEN WIRD SCHWER - Tägliche Börsen-News by Noah Leidinger, OMR

OHNE AKTIEN WIRD SCHWER - Tägliche Börsen-News

14 Listeners

Nota Bene by Benjamin Brillaud

Nota Bene

18 Listeners

Journal en français facile by Français Facile - RFI

Journal en français facile

170 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

209 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

3 Listeners