Bei deene 4 Coupe Halleffinallen huet sech all Kéier den Favorit duerchgesat.
Bei de Steeseler Dammen schéngt et wat d'Saison méi laang dauert ëmmer besser ze goen, d'Liz Schmitz.
CUT
Mat der Amicale ass och am Playoff vum Championnat duerchaus ze rechnen, virun allem d'Experienz dierft géintiwwer deenen aneren Equipen ee grousse Virdeel sinn.
An der Coupe Finale geet et elo géint de Gréngewald.
D'Equipe vum Herrmann Paar profitéiert virun allem vum Wiessel op der Auslännerpositioun, sou d'Anne Simon.
CUT
Bei den Hären ass et déi selwecht Affiche wéi d'lescht Saison, allerdéngs mam Ënnerscheed datt des Kéier d'Etzella Favorit ass an et och sou ausgesäit wéi wann d'Equipe mental dee nächste Schratt gemaach huet, de Jairo Delgado.
CUT
D'Coupe Finallen sinn den 16. Mäerz an der Arena vun der Coque.
Let's Talk About Jingle
E Sonndeg huet de Frank Fischer bei eis am Interview datt Enn der Saison als President vun der Amicale Steesel ophält.
CUT
An deemno wéi kennt jo des Saison nach deen een oder aneren dobäi.
Wien no der Ära Frank Fischer kennt steet awer nach net fest.
CUT
Spotlight Jingle
Dese Weekend ass souwuel bei den Dammen wéi bei den Hären den Optakt vum Titelplayoff.
Bei den Dammen gëtt eng Hin a Réckronn gespillt, bei den Hären sinn et dogéint just 5 Matcher ier et dann an d'Serien geet.
Sproch vun der Woch Jingle
D'Hären vun der Etzella hunn bal eppes ganz Spezielles géint Hiefenech realiséiert.
Bal all Spiller huet op mannst ee Punkt geschoss, ausser de Jairo Delgado deen duerno vun senger eegener Equipe op d'Schëpp geholl gouf.
CUT