Am Championnat leien d'Sparta an d'Musel Pikes mat allebéid 22 Punkten op der 6. Plaz.
Déi Bartrenger hunn allerdéngs den Ament nach d'Nues vir well si den direkte Vergläich gewonnen hunn.
Allerdéngs schéngt op mannst um Pabeier d'Sparta dee méi schwéieren Programme ze hunn mam Match zu Esch an doheem géint den T71.
D'Pikes spillen um leschte Spilldag doheem géint Steesel a ginn dëse Weekend an d'Fiels, deemno schonn mat enger Portioun Drock, den Joe Kalmes um Mikro vum Shari Schenten.
CUT
Spotlight Jingle
16 Matcher am Championnat gespillt, 16 mol gewonn.
Dat ass de Bilan vun den Diddelenger Dammen.
Datt den T71 no der Final vu leschter Saison des Saison géif fir matspillen war z'erwaarden datt et allerdéngs eng Dominanz géif ginn net onbedéngt, den Trainer Thierry Kremer.
CUT
Eenzeg d'Néierlag an der Coupe géint de Gréngewald passt net an déi bis elo perfekt Saison vum T71.
Let's Talk About Jingle
Wéi geet et am Kayldall mam Basket virun?
Dat ass eng Fro déi sech an de leschte Wochen méi dacks gestallt gouf.
D'Red Miners stoungen kuerz virum Out an wäerten des Saison net méi um Championnat deelhuelen, dat souwuel an der National 2 grad wéi bei der zweeter Equipe, den FLBB President Henri Pleimling.
CUT
Den Henri Pleimling hellt säin Optimismus aus enger Reunioun déi et an der Woch mat deenen Responsablen vun der Gemeng gouf.
Eng Decisioun ass datt eng Generalversammlung aberuff gëtt, den Buergermeeschter John Lorent.
CUT
Et geet och drëms datt d'Gemeng an noer Zukunft en Abléck an all néideg Piècen an Konten vum Veräin kritt.