An zwar de Bildungsdësch. Et wier een zwar mam Prinzip d'accord, datt d'Gesellschaft soll matbestëmmen, datt Elteren a Schüler d'Schoul solle mat gestalten.
Ma et géif jo schonn de conseil supérieur als Organ ginn, seet den SNE, dee sech freet, wou d'plus-value vum Bildungsdësch soll sinn.
Da stéiert ee sech och virun allem drun, wien hei alles als ‚Expert‘ ugesi soll ginn.
Den SNE-Präsident Patrick Remakel
Cut
Leider wier et nach ëmmer sou, datt d'Schoulen net wierklech autonom wieren a vill vun uewen erof géing diktéiert ginn, esou eng aner Feststellung.
Eng gratis Betreiung an de Maison Relaisen: Jo awer firwat just während de Schoulstonnen$?
Cut
Op e Changement gehofft gëtt beim Thema Master-carrière fir de Schoulmeeschter. Den alen an neie Minister Claude Meisch schéngt sech der Plus-Value vun deem Diplom bewosst ze sinn, stellt de Syndicat fest, enseignéiere wier einfach vill méi komplex ginn an deem misst Rechnung gedroe ginn.
Cut
Dann ass een net onbedéngt d'accord dermatter, datt e Gesamtkonzept fir d'Hausaufgabenhëllef soll un der Schoul hänke bleiwen.
Mir brauchen déi nächste 5 Joer virun allem eppes an der Schoul an zwar Rou, esou déi allgemeng Ausso. Et misst een déi vill Reformen aus de leschte Jore wierke loossen.
Allgemeng hofft een op eng konstruktiv Zesummenaarbecht mam alen an neie Minister Claude Meisch.