Fir eng richteg Spëtzepartie brauch een och zwou Equipen déi op engem gudde Niveau sinn.
De leschte Samschdeg war d'Etzella gutt, ma d'Amicale war awer guer net mat, dowéinst war d'Partie séier decidéiert.
Ganzer 48 Punkten huet Steesel markéiert, respektiv d'Etzella zougelooss, eppes wat de Pitt Koster nach net sou dacks hat.
CUT
D'Etzella ass och dem Pitt Koster no déi Equipe déi ee muss klappen fir Champion ze ginn.
CUT
D'Etzella huet nieft séieren Konterattacken och defensiv gréisstendeels iwwerzeegt an béid Auslänner zesummen op 14 Punkten gehalen, den Philippe Gutenkauf.
CUT
Fir d'Etzella geet et elo op de Racing, deemno de nächsten Spëtzematch, den Frederic Gutenkauf.
CUT
D'Musel Pikes hunn de leschte Weekend eng wichteg Victoire géint d'Fiels konnte féieren.
Fir d'Arantia gesäit et dogéint net immens aus, ma och virum Match géint Walfer schéngt een net vun Drock ze schwätzen, de Malik Wilson.
CUT
Let's Talk About Jingle
De leschte Weekend huet Associatioun vun den Arbitteren 50 Joer geféiert.
Et war den 21. Abrëll 1968, wéi d’Arbitteren ënner der Presidence vum René Federspiel sech als Associatioun zesummegedoen hunn.
Nëmmen zesummen haten si deen néidege Poids, fir hir Interessen an hir Fuerderungen duerchzesetzen.
Dat war néideg, well et engersäits e chronesche Mangel un Arbittere gouf. Esou konnt een 1965 just op 13 Arbitteren zréckgräifen. An d’Clibb hunn net matgezunn, fir nei Kandidaten ze rekrutéieren.
Den Ufank war eng Gratwanderung, wéi de President vum Organisatiounscomité Marcel Arendt a senger Ried betount huet. Engersäits e skepteschen FLBB-Comité, deen net begeeschtert war iwwer dës nei Associatioun. Anerersäits d’Arbitteren, déi ongedëlleg drop gewaart hunn, datt sech esou Munches géif änneren.
Haut huet sech villes zum Gudde gedréint. Déi lescht Initiativ vun den Arbittere mam „Project 10“ kennt en onerwaarte Succès.