Déi lescht 4 Joer huet d’Amicale Steesel den Damme-Championnat dominéiert. 6 Titelen konnt d’Equipe vum Trainer René Keiser an där Zäit feieren. Mee d’Konkurrenz ass am Gaang, opzehuelen.
Dat gëllt besonnesch fir den T 71. Virun 3 Joer huet den Thierry Kremer den Trainerposten zu Diddeleng iwwerholl. Mam Ziel, jonk Talenter weider ze entwéckelen, an esou eng Equipe fir d’Zukunft opzebauen.
Als Finalist an der leschter Saison hu si gewisen, datt si um richtege Wee sinn. Den Depart vu Michele Orban, Pascale Hut a Mandy Geniets hunn déi jonk Spillerinnen erstaunlech gutt opgefaangen.
Mat enger Altersmoyenne vun 20 Joer ass den Drock am Moment zu Diddeleng nach net ze héich. Wat den Trainer Thierry Kremer bedauert, ass dat den Dammebasket trotz gudde Leeschtungen net richteg gewierdegt gëtt:
Cut 1 Kremer
Magic Number
E Sonndeg spillt d’Etzella géint Ettelbréck. Ech hu mech lo net verschwat. Mee et ass eng gelunge Situatioun e bëssen iwwerspëtzt ausgedréckt.
Den Ettelbrécker Géigner e Sonndeg um ¼ op 5 ass d’Arantia aus der Fiels. An do si mat de Bridder Wilson, mam Pit Elcheroth, Sam Ferreira, Charel Goetzinger an Dylan Rocha 6 Spiller, déi hier éischt Schrëtt am Basket zu Ettelbréck gemaach hunn. Et ass e Match vu Kollegen géint Kollegen, seet de Frédéric Gutenkauf. An dat gëtt net einfach fir d’Etzella:
Cut 2 Gutenkauf
Let’s talk about
De Spëtzematch ass muer um hallwer 7 am Tramsschapp um Lampertsbierg. Do kritt den ongeschloenen Tabelleleader Racing Besuch vun der Amicale Steesel.
De Yann Wolf vun der Amicale schwätzt vun engem schwéieren Deplacement fir de Champion.
Cut 3 Yann
SPROCH vun der WOCH
Wann d’Meedercher gewannen, dat ass ongeféier dat selwecht Gefill wéi wann si sech nei Schong kaaft hätten.
Wann si verléieren, dann ass dat, wéi wann si sech nei Schong kaaft hätten, déi awer net passen.