E Mënsch deen nach net, oder grad eréischt op d'Welt komm ass. Dat ass d'Definitioun vun engem Kand. Haut ass hiren Dag.
Dobäi sollt een den internationale Kannerdag net mam Weltkannerdag verwiesselen. An Tëschenzäit hunn iwwer 40 Länner op der Welt den 1. Juni als internationale Kannerdag vun den USA a China iwwerholl, de Weltkannerdag ass iwwregens den 20. September. Dobäi ass de Message ëmmer dee selwechten; op déi speziell Bedürfnisser vun de Kanner an op d'Kannerrechter opmierksam maachen. Wat versteet een iwwerhaapt ënner Kannerrechter?
Dat sinn déi 10 Grondrechter déi den 20. November 1989 vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen ugeholl goufen, dowéinst gëtt et dann och e Kannerdag den 20. November, do steet iwwregens d'UNICEF hannendrun. Zeréck bei d'Grondrechter vun de Kanner, hei si se:
1. D'Recht op Gläichbehandlung a virun Diskriminéierung
2. D'Recht op en Numm an zu engem Land ze gehéieren
3. D'Recht op Gesondheet
4. D'Recht op Bildung an Ausbildung
5. D'Recht op Fräizäit, Spill an Erhuelung
6. D'Recht sech z'informéieren, sech matzedeelen, gehéiert ze ginn a sech ze versammelen.
7. D'Recht op Privatsphär an eng Erzéiung ouni Gewalt
8. D'Recht op direkt Hëllef an enger Noutsituatioun
9. D'Recht op eng Famill an e séchert Doheem
10. D'Recht op Betreiung am Fall vun enger Behënnerung
De Kannerdag geet op d'Weltkonferenz fir d'Wuel vun de Kanner am August 1925 zeréck. Ma schonn do virdrun hu sech eng Rëtsch Länner fir d'Kanner staark gemaach, dorënner d'Tierkei déi als éischt Land op der Welt e Kannerdag agefouert huet, deen heescht awer elo Dag vum Kand a gëtt all Joer den 23. Abrëll gefeiert.
Et gëtt also keen eenheetlechen Datum fir de Kannerdag; verschidde Länner wéi Däitschland an Éisträich feieren d'Kanner direkt e puer mol am Joer, wat jo och kee Feeler ass.
An hei nach e puer Fakten iwwer Kanner, méi oder manner witzeg:
Kanner sinn dacks méi frëndlech mat Frieme wéi mat den Elteren.
De Wuertschatz vun de Kanner wiisst méi séier wéi dee vun Erwuessener.
Mat 2 Joer ass d'Kand um Héichpunkt vu senger Aktivitéit. Dat ass dann déi Phas am Liewe vun den Eltere richteg midd sinn.
Mä mir si jo frou datt mir se hunn; ob elo internationale Kannerdag, Weltkannerdag oder soss iergend en Dag.