De leschte Weekend war den Ofschloss vun der Aller Ronn.
Ettelbréck huet aus 9 Matcher der 8 gewonn.
E Samschdeg um Racing allerdéngs ganz knapp an leschter Sekonn.
Elo geet et fir de Philippe Gutenkauf a seng Equipe op Walfer déi ee net dierf ënnerschätzen.
CUT
Esch a Steesel leien den Ament 1 Punkt hannert der Etzella.
Dann kommen de Racing an och Diddeleng.
Déi Stater hunn eng Bilanz vun 6-3 an hoffen dëst an de Retourmatcher ze confirméieren, ugefaang auswäerts op der Sparta.
CUT
Apropos Sparta, déi hunn de leschte Weekend nëmmen knapp zu Diddeleng verluer.
De Philippe Arendt war awer virun allem vum T71 Point Guard Jackson Cartwright impressionéiert.
CUT
Zu Diddeleng fält den Tëschebilan och positiv aus, de Ben Hurt.
CUT
Ënnenof leien 4 Equipen punktgläich, nämlech d'Musel Pikes, d'Fiels, Walfer an och Kordall Steelers.
Let's Talk About Jingle
Et gëtt den Ament nach eng Equipe am Lëtzebuerger Championnat déi ongeschloen ass.
Den T71 Diddeleng huet bei den Dammen ee Sans Faute realiséiert an huet déi 9 Matcher gewonn.
An der Tabell hunn si eng Avance vun 3 Punkten op direkt 4 Equipen, nämlech Esch, Konter, d'Etzella an och Steesel.