Cut
A grad wéi beim Chris Cornell deen nëmmen 2 Méint virdru mat dëser Welt ofgeschloss hat, waren et Depressiounen déi d'Iwwerhand geholl haten. D'selwecht ass och de Fakt datt den Chester Bennington an der Ëffentlechkeet iwwer seng Problemer konnt schwätzen, wat hien och am Ufank vun dësem Portrait bewisen huet, dat war ee vun de leschten Interviewe viru sengem vill ze fréien Doud.
Cut
Wéi de 5 Amerikaner de 24. Oktober 2000 den Debutalbum Hybrid Theory op de Marché bruecht hu konnte Si sech bestëmmt net virstellen datt Si de Genre Nu Metal, déi Mëschung aus Rock an Hip Hop, sou populär géinge maachen. Dobäi ass dee Genre, dee Mëtt den 90er ugefaangen huet, haut praktesch net méi existent wat een och bei Linkin Park selwer gemierkt huet, déi lescht Albumen haten nu wierklech näischt méi mat Nu Metal ze dinn.
Cut
Den Chester Bennington kënnt den 20. Mäerz zu Phoenix am Arizona op d'Welt. Am Alter vun 11 Joer scheede sech d'Elteren, eng Infirmière an e Polizist, woubäi de Papp d'Suergerecht fir den Chester kritt sech awer net wierklech ëm de Bouf këmmert. Dobäi koum dann och nach d'Gefill datt d'Mamm hien am Stach gelooss huet an esou entstinn zimlech geféierlech Gedanken a sengem Kapp; zum Beispill Famill ëmbréngen a fortlafen. Wéi wann et mat der familiärer Situatioun net schonn duergaange wär, ass den Chester am Alter vu 7 oder 8 bis 13 Joer reegelméisseg sexuellem Mëssbrauch ausgesat.
Cut
Fir déi schlëmm Erënnerungen u seng Kandheet gräift hie relativ séier zu Alkohol an Drogen, ma bréngt et awer fäerdeg e Schoulofschloss ze maachen. Direkt no der Schoul schafft hien an enger Immobilière, respektiv am Burger King, fir seng Sucht ze finanzéieren. No enger Veruerteelung an Hausarrest am Alter vun 18, grënnt den Chester dat Joer drop en Tattoo-Studio, aus deem souguer eng Kette gëtt. An der Zäit léiert hien och seng éischt Fra Samantha kennegeléiert, vun där hien 2005 erëm gescheet gëtt, ma schonn den 31. Dezember vun deem Joer bestit hien d'Talinda Bentley, déi bis säin Doud seng Fra bleift. Aus dësen zwee Bestietnisser ginn am ganze 6 Kanner ervir.
Cut
Op sengem 23. Gebuertsdag kritt de spéidere Sänger vu Linkin Park ugeruff fir Sänger bei enger Band mam Numm Xero ze ginn. No nëmmen 3 Deeg hat hien d'Demoen alleguer agesongen a konnt d'Plackefirma um Telefon iwwerzeegen. Nodeems hir éischt Lidder ënnert dem Numm Hybrid Theory kee Succès kannt hunn, dat war 1999, fënnt d'Grupp mat Warner Music Group de richtege Partner fir vum Oktober 2000 un déi grouss Karriär ze starten.
Cut
Ma och während der Zäit mat Linkin Park kënnt den Chester net sou richteg vun den Droge fort a geet seng Gefiller souguer an engem anere Projet Dead By Sunrise verschaffen. Grad wéi beim Chris Cornell waren et och beim Chester d'Vergaangenheet an d'Depressiounen déi de Mënsch esou verzweiwele gelooss hu fir dem Liewen en Enn ze setzen.
Cut
An engem Video dee seng Fra Talinda e puer Wochen no sengem Doud publizéiert huet, gesäit een den Chester gutt gelaunt mat senge Kanner Dommheete maachen. De Message alt erëm; eng Depressioun muss een net ëmmer gesinn. Dowéinst huet een och bei praktesch all Reportage iwwer den Chester Bennington eng kleng Annonce gesinn; eng Annonce fir sech hëllefen ze loosse wann een et net méi weider weess.
OFSO!!!!!!!!
Net méi spéit wéi de leschte Freide war am Hollywood Bowl en iwwer 3 Stonne laange Concert zu Éiere vum Chester Bennington dee sech dëst Joer den 20. Juli d'Liewe geholl gutt. Et war déi éischte Kéier no sengem Doud datt déi 4 Membere vu Linkin Park erëm op der Bühn stoungen, allerdéngs net alleng; während deenen 3 Stonne stinn abee mol Leit wéi de Gavin Rossdale, d'Alanis Morrissette, d'Julia Michaels a Gruppe wéi No Doubt an Echosmith nieft hinnen. Héngerhaut garantéiert; de Video vun der kompletter Show fannt dir op radio.rtl.lu. Hei um Radio erënnere mir lo un den Chester Bennington mat ONE MORE LIGHT, der aktueller Single vu Linkin Park.