Iwwerdeems d’Dammen schonn an der wuelverdéngter Chrëschtvakanz sinn, mussen d’Hären sech nach e bësse gedëllegen.
Fir si steet haut nämlech de 14. Spilldag um Programme, duerno eréischt kënnen si sech mat de Fester vum Joresenn beschäftegen.
An den Owend gëtt et mat der Partie Steesel géint Diddeleng souguer e gellege Klassiker.
Annuléiert gouf de Matcher Walfer géint d’Musel Pikes. Zu Walfer hunn se nämlech en zolitte Problem mat der Hal, wou de Buedem sech wéinst der Fiichtegkeet plazeweis gehuewen huet.
An deenen aneren 3 Partien sinn d’Etzella géint Konter, d’Sparta géint Hiefenech an de Basket Esch um Racing kloer favoriséiert.
SPOTLIGHT
En Dënschdeg an e Mëttwoch waren Véierelsfinallen an der ‘‘Coupe de Luxembourg‘‘ programméiert.
De Spëtzematch war hei ouni Zweiwel d’Partie Musel Pikes géint de Basket Esch.
An enger ganz intensiver a scho bal dramatescher Partie konnten d’Pikes sech no Verlängerung mat 95 op 92 duerchsetzen.
Déi däitlechste Victoire konnt d’Résidence op der Sparta feieren. De Max Schmit vu Walfer war nom Match richteg begeeschtert vun hirer Leeschtung.
Op Blessur hin huet d’Résidence missen méi wéi eng Halschecht op ee vu sengen Amerikaner verzichten. D’Sparta konnt dovun awer net profitéieren, am Géigendeel.
De Xavier Engel vun der Sparta hat no der Partie Problemer fir déi Bartrenger desolat Leeschtung ze explizéieren.
Nieft de Musel Pikes a Walfer, konnten sech och nach d‘Etzella zu Hesper, an d’Amicale Steesel an der Fiels fir Halleffinallen qualifizéieren.
Béid Equippen haten awer zolidd Aarbecht fir sech duerchzesetzen. Ettelbréck huet esouguer 2 Verlängerungen gebraucht.
MAGIC NUMBER
Mat de Musel Pikes, Walfer, der Etzella an der Amicale konnten sech 4 Equippen aus der Total League fir de ‘‘Final Four‘‘ an der ‘‘Coupe de Luxembourg‘‘ qualifizéieren.
Bei den Dammen hunn déi lescht Woch d’Amicale, d’Etzella, Konter, a Woltz aus der Nationale 2 de Wee an d’Coque gepackt.
SPROCH VUN DER WOCH
Mäin Interview mam Walfer Trainer Erny Gruskovnjak vum leschte Weekend schwätzt am Fong fir sech, lauschter emol.
War dir 2 ieren am selwechte Rechecours?