Nodeems d’Coupe – Finalisten bekannt sinn, geet et dëse Weekend weider mam 2. Deel vum Championnat.
Bei den Hären steet am Titelgrupp eng Tëscheronn mat 5 Spilldeeg um Programm, déi vill Leit fir zimlech onwichteg halen. Gespillt ginn se trotzdeem.
Am Relegatiounsgrupp dogéint geet et direkt richteg zur Saach. Hei ginn a 14 Ronnen déi 2 Of-, respektiv Opsteiger gesicht.
SPOTLIGHT
De leschte Samschdeg koum déi traureg Nouvelle vum Dout vum Niki Bettendorf.
Zwar net nëmmen, mä besonnesch och an der Lëtzebuerger Basketfamill, war den Niki Bettendorf eng bekannte Perséinlechkeet.
Als Spiller, Trainer a President war hien Joerzéngtelaang d’Gesiicht vun der Sparta Bartreng.
Donieft war den Niki och Vize – President vun der FLBB an duerno aktiv bei den ‘‘Anciens‘‘ vum Lëtzebuerger Basket.
Virun allem war den Niki Bettendorf en extrem léiwe Mënsch, an all Leit, déi d’Chance haten hien ze kennen, wäerten e wuel ni vergiessen.
LET’S TALK ABOUT
De Lëtzebuerger Thomas Grün spillt bekanntlech bei de Galdiators vun Tréier an der 2. Däitscher Bundesliga.
Reegelméissege Gaascht bei den Heemmatcher an der Arena ass eisen hausinterne Basketspezialist Nico Graf ….
Band:
MAGIC NUMBER
Eise Magic Number haut ass 1.
Dat well den James Harden, Profi vun de Houston Rockets, eppes realiséiert huet, wat bis ewell nach kengem gegléckt ass, an hien domat deen éischten ass.
Den Harden huet am Match géint d'Orlando Magic, 60 Punkten, 11 Assists an 10 Rebounds realiséiert. Esou een ’’Triple Double’’ mat op d'mannst 60 Punkte gouf et nach ni.
SPROCH VUN DER WOCH
D'Residence Walfer huet et dës Saison wierklech net einfach, mat Auslänner – Wiessel, futtissem Buedem an der Hal an sou weider, an sou weider.
Den Trainer Erny Gruskovnjak huet awer elo d’Formel fonnt, fir d’Saison dach nach ze retten.