De leschte Samschdeg war an der Coque mat de Coupe – Finallen bei den Dammen a bei den Hären, deen 1. groussen Héichpunkt vun der Saison.
Besser gesot, et hätt sollen en ‘‘Highlight‘‘ sinn, mä dovu ware mer leider ganz wäit ewech.
D’Finale vun der ‘‘Coupe des Dames‘‘ tëscht der Amicale an der Etzella war zwar net héichklasseg, op d’mannst awer war se spannend bis zum Schluss.
Um Enn konnt de Favorit Steesel sech knapp mat engem Punkt Differenz duerchsetzen. Dobäi hat d’Amicale am leschte Véierel esouguer een Ament 16 Punkten Avance.
No der Defaite waren d’Gefiller vum Ettelbrécker Trainer Amadeo Dias dann och éischter gedeelt.
Wien sech duerno vun der Härefinalle tëscht deene momentan 2 beschten Equippen eng Delikatess erwaart hat, gouf batter enttäuscht.
Et war praktesch iwwer 40 Minutten e gellege Kramp an alles anescht wéi e Pleséier fir d’Spectateuren.
An do soll mer keen als Entschëllegung mat deem groussen ‘‘Enjeu‘‘ an deenen haarde Kierf an der Coque kommen. Dat ass als Excuse einfach nëmme bëlleg.
Natierlech war awer de Steeseler President Frank Fischer zefridden mat der Victoire vu senger Equipe.
De Gros vun de Leit an der Hal a besonnesch déi virun der Telé konnten awer just de Kapp rëselen iwwer dat, wat do um Terrain gebuede ginn ass.
Dass et och anescht geet, hu schonn dacks Coupe – Finalen an der Coque gewisen, ech denken do ënner anerem och un déi vum leschte Joer.
Dës Kéier allerdéngs gouf erëm eng gutt Geleeënheet verpasst, fir Reklamm fir de Basket ze maachen, besonnesch bei deene Leit déi soss net reegelméisseg an d’Hale ginn.
SPOTLIGHT
D’Annonce vum Steeseler Trainer Ken Diederich, een Dag virun de Coupe – Finalen, als Coach vun der Amicale no der Saison opzehalen, war bestëmmt kee schlechte Motivatiounscoup fir seng Spiller.
No der Finale hat de Ken Diederich zimlech gemëschte Gefiller.
MAGIC NUMBER
Bei den Hären bleiwen am Op- an Ofstigsgrupp nach 7 Matcher ze spillen.
Am Relegatiounsgrupp huet de Stater Racing 3 Punkten Avance op den Zweetleschte Konter.
Déi Konter hirersäits hunn 1 Punkt Retard op d’Résidence Walfer.
A grad zu Walfer musse Birenbaum a Co muer den Owend untrieden, eng fir béid Equppen ganz wichteg Partie.
Am Ofstigsgrupp dogéint schéngt schonn alles kloer ze sinn. D’Arantia Fiels an d’Kordall Steelers sinn hei wuel net méi anzehuelen.
SPROCH VUN DER WOCH
Rich, verstees du vläicht, wat de Steeseler Dammen – Trainer René Keiser heimat wollt soen?
Also, sou wéi ech et verstinn, hätt dir 2 jo richteg gutt Spiller misse gewiescht sinn. Firwat war dat dann net esou?