RTL - Am Takt

RTL - Am Takt

By RTL Radio LëtzebuergMusic
Download on the App Store

RTL - Am Takt episodes

  • Am Takt: Dëppegéisser & DJ Mike MC, 19/09/2022
    E Samschden (24/09/2022) feieren d'Dëppegéisser endlech Gebuertsdag an de Mike Welter, DJ Mike MC, zitt de Bilan vu senger Aktioun fir de gudden Zweck. D'Fro stellt sech wéi vill Joer d'Dëppegéisser eigentlech feieren a wat de Mike nach alles sou wëlles huet. D'Äntwerte gouf et Am Takt.
    11 min
  • Am Takt: Marc Welter, Amii Watson & Them Lights, 12/09/2022
    Et ass och Rentrée fir Am Takt. Nei dës Saison; d'Sendung mat 100 Prozent Musek vun Heiheem kënnt vun elo u schonn ëm 19:00. Um Format huet sech näischt geännert; national Kënschtler komme sech an hir Musek bei de Bob virstellen. Ugefaange mam Marc Welter dee mat senger Joint Bunch an der Rockhal säin éischten Album virstellt, dem Amii Watson dat den Ament a Kroatien un neier Musek schafft a mam Sacha Hanlet deen akutell eng 3 Joer laang Residenz an der Kulturfabrik huet.
    22 min
  • Am Takt: Joel Heyard, 27/06/2022
    Hannert dem Projet The Gazmen verstoppt sech virun allem de Joël Heyard an de Jeff Herr (allen 2 Batteur aus Leidenschaft). Wann déi 2 dann opdréinen, muss fréier oder spéider och e Sänger oder eng Sängerin op de Plang geruff ginn. Fir déi éischt Publikatioune vun The Gazmen huet een zum Beispill dacks de Lata Gouveia héieren. Ma elo fir de Kultursummer zu Hesper gëtt nach eng Schëpp drop geluecht. The Gazmen invitéieren op de Rock am Park, net nëmme virun d'Bün mä och op d'Bün.
    6 min
  • Am Takt: Gollo Steffen & Roger Hamen, 13/06/2022
    Viru 40 Joer war e Concert vun der Robert Stephen Band am Melusina. Wie sech e bësse mat der lokaler Zeen auskennt, weess datt et sech hei ëm de Gollo Steffen handelt. Well d'Grupp der Meenung ass datt dee Gebuertsdag gefeiert soll ginn, verwandelt sech d'Mierscher Kulturhaus de 24. a 25. Juni an eng Zäitmaschinn.
    15 min
  • Am Takt: Superdrive & Mad Ones Fest, 30/05/2022
    Eng Zort Supergroup kéint een d'Grupp Superdrive nennen, ëmmerhi sinn hei Membere vu bekannte Lëtzebuerger Gruppe vertruede wéi Surf Cowboys a Michael Sheperd Band. A wéi den Zoufall et wëllt, Superdrive kruten op de leschte Stëppel nach eng Plaz um Mad Ones Fest dëse Weekend an der Kulturfabrik, dat war de Menü Am Takt.
    16 min
  • Am Takt: Go by Brooks, Corbi, Mike Welter, 16/05/2022
    Do war nawell eng lass Am Takt. Go by Brooks presentéieren e Freiden zu Diddeleng am Centre Culturel Opderschmelz hiren neien Album This Is Her War. De Corbi geet et Samschden an d'Rotondes seng nei Plack Kuebemania virstellen an de Mike Welter huet a senger Pensioun erëm Zäit fonnt fir Musek ze maachen.
    18 min
  • Am Takt: Carmen Angela bréngt seng éischt EP eraus, 16/05/2022
    Déi jonk Sängerin Carmen Defay, och bekannt ënnert dem Kënschtlernumm "Carmen Angela" huet ausgangs lescht Joer bei der Ouverture vum kulturellen Tiers-Lieu Bâtiment4 e bleiwenden Androck beim Publikum hannerlooss. Knapp 6 Méint méi spéit mellt si sech elo zeréck mat hirer éischter EP „Backup Life“. D’Valeria Wiwinius hat sech mam Carmen getraff a mat him iwwer dëse Meilesteen a senger Karriär geschwat.
    5 min
  • Am Takt: Edsun, 25/04/2022
    Am Takt is back. Et gëtt e gudde Grond firwat et déi lescht Zäit e bësse méi roueg ronderëm den Edsun war. De Sänger, Dänzer a Performer huet sech ganz vill Zäit geholl fir eng grouss Show op d'Been ze stellen. Vum Resultat kënnt dir iech de 6. Mee an de Club vun der Rockhal iwwerzeege goen.
    13 min

About RTL - Am Takt

From the publisher's feed

100% Lëtzebuerger Musek: Neiegkeeten aus der Zeen, Newcomer, Akkustesch Live-Sets, an Interviewe mat den Artiste vun heiheem.

More shows like RTL - Am Takt

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners

Vun Alabama bis Wyoming: 50 Staaten, 1 Land. by RTL Radio Lëtzebuerg

Vun Alabama bis Wyoming: 50 Staaten, 1 Land.

0 Listeners