RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Commentaire, 15/11/2018 07:45
    Um Bord vun de Koalitiounsverhandlunge vu gëschter gouf also eng éischt Personaldécisioun annoncéiert, an zwar dass den Étienne Schneider net als EU-Kommissär op Bréissel wäert goen.
    Dat dierft och bis op Weideres déi eenzeg Ukënnegung an deem Sënn bleiwen, mengt den Eric Ewald de Moien a sengem Commentaire:
    0 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h15, 14/11/2018
    D’Frontalier spillen an der Lëtzebuerger Ekonomie eng wichteg Roll, an doduerch ass d‘Problematik vun der Mobilitéit och enk un si gebonnen.

    Ech géif eisen Mobilitéitsproblem net alleng un den Frontalier festmachen, awer effektiv ginn et zu Lëtzebuerg esou vill Grenzgänger wei nach ni. Duerch déi héich Immobiliëpräisser bei ons am Land sinn d’Frontalier och net ëmmer interesséiert fir bei ons an d’Land wunnen ze kommen. Vill vun hinne preferéieren an hire Heemechtslänner, op dat elo Däitschland, Frankräich oder d’Belsch ass, wunnen ze bleiwen an all Dag laang Zäit am Verkéier ze verbréngen.
    Fir d’Ekonomie hei am Land ass des Situatioun net onbedéngt déi Bescht, mir verléieren un Attraktivitéit - a vill vun den Talenter huelen et net méi a Kaf fir all Dag iwwert 2 Stonnen am Verkéier ze stiechen. Eng Rei vu Betriber hunn dorops scho reagéiert a versichen nei Léisungen unzebidden. Eng vun de Léisunge schéngt den Teletravail ze sinn, wou de Mataarbechter net méi all Dag an de Büro kennt, awer einfach vun Doheem aus schafft. 

    Mengt Dir dann, dat de Teletravail d’Léisung vu ville Problemer wäert sinn?

    Den Teletravail ass sécherlech eng vun de Léisungen, awer virun allem fir de Frontalier sinn doduerch och steierlech Konsequenze verbonnen. Bei de steierleche Reglementatiounen déi am Moment applizéiert ginn, definéiert de Wunnsëtz, ewéi d'Steierlaascht tëschen de Länner opgedeelt gëtt. Do ginn et mat eisen Nopeschlänner verschidden Accorden iwwert Fréideg, also wou de Mataarbechter net zu Lëtzebuerg schafft, an awer net am Land vu sengem Wunnsëtz versteiert gëtt – déi sinn awer jee no Land séier opgebraucht.
    Den Teletravail ass och net an all Secteur applikabel, fir de Commerce oder de sozialen a medezinesche Secteur ass et sécherlech méi schwéier.

    Wat kéint en da soss nach maachen?
    Ech mengen dat et bei ons am Land zu engem Ëmdenke muss kommen. D’Fro ass, op all Büroe musse ronderëm Staat Lëtzebuerg sinn. Esou kéint een sech virstellen, d’Büroen ze dezentraliséieren oder verschidde méi kleng Büroe méi no un d’Grenz ze placéieren.Flexibilitéit vun den Aarbechtsstonnen ass sécherlech och en Punkt: Mussen d'Leit um Büro tëschen 8 an 9 Auer ufänke mat schaffen?
    Den ëffentlechen Transport an de Covoiturage mussen awer och hiren Undeel liwweren.
    0 min
  • Carte Blanche, 14/11/2018

    An de leschte Wochen an Deeg ass an de Medien - och op dëser Antenne -  vill iwwer d’Zukunft vu Volleksparteie rieds gaangen.
    Den Hannergrond si rezent a manner rezent d’Walresultater heiheem souwéi an eisen Nopeschlänner. Sozialisten a Chrëschtdemokraten hunn do op ville Platze staark missen Plomme loossen.
    Parallel zum Réckgang bei dësen traditionellen an ideologesch gefestegte Parteien hunn engersäits nei kleng politesch Schnellbooter an anerersäits déi Gréng a leider och Populisten  an Extremiste gepunkt.
    Manner Ideologie, méi Pragmatismus, méi Demagogie a Versprieche vun einfache Léisungen? Ass dat d’Formel no dir d’Parteielandschaft duerchernee gerëselt gëtt?
    Jo, esou gesäit et aus. Ursaache fir des Entwécklung ginn et der méi.
    Nu ass et ganz kloer esou, dat vill Lei ëmmer manner mat Ideologien eppes kennen ufänken a sech – anescht ewéi fréier - ëmmer manner enger bestëmmter politescher Famill zougehéiereg spieren.
    Dann ass et och esou, dat  Politik méi ewéi jee mat Käpp a Verbindung bruecht gëtt. Doriwwer eraus jugéiere vill Wieler  d’Politik eenzeg an eleng vun hirer direkter perséinlecher  Warte aus. D’Individualiséierung vun der Gesellschaft ass deemno och an der Politik gelant, mat allem wat dat mat sech bréngt.
    Wat bedeit dëst elo fir d’Volleksparteien, fir hirt politescht Personal fir  hir Programmatik.
    Ganz einfach. Si mussen sech nei opstellen. Virun allem muss hier DNA kloer erkennbar ginn. Firwat steet een, a firwat net. «Kante zeigen», soen eis däitsch Noperen dofir. Dat ass keng einfach Übung fir Parteien, déi eigentlech iwwer Joerzéngte ganz breet opgestallt waren, an no baussen an no banne ganz  ënnerschiddlech Positiounen  op e gemeinsamen Nenner bruet hunn.
    Volleksparteien hunn traditionell verschidde Fligelen. Hir Politik ass deemno e Kompromëss. An eben dat-  esou schéngt et - geet haut de Wieler net méi duer.  
    Stéchwuert programmatesch Erneierung: Volleksparteie mussen hire Profil schäerfen. - Fir duerno dann erfollegräich bei  Walen ze sinn, muss och Interessi un Programmer bestoen. An de Woche virun de Walen heiheem ass mir ëmmer erëm opgefall, wéi wéineg iwwer dat gewosst wor, wat Parteien am Fong virgeschloen hunn. Et ass eben méi einfach deenen nozeplapperen, déi soen, et géif keng Differenzen an näischt Neies ginn, ewéi Programmer ze liesen.
    Egal wéi. Parteie virun allem Volleksparteie mussen  aner Weeër fannen, Inhalter un d'Fra an un de Mann ze bréngen. Dobäi kennen se nëmme mat engem gudde Mix vun Empathie a Kompetenz punkten.
    Et gëtt gesot d’Volleksparteie wieren en Auslafmodell. De Lenks-Riets-Schema ass esou e Modell. D’Volleksparteie mengen ech net. An dësem Kontext stoung virun Deeg en interessanten Artikel an der Welt an deem sech mat den zwou grouss Volleksparteien am Däitschland beschäftegt ginn ass.
     D’Konklusioun wor déi, dat SPD an Unioun wesentlech dozou bäigedroen hunn, dat Däitschland nees  opgebaut konnt ginn an zu deem ginn ass, wat et haut ass. Dat ass net näischt. Dat däerf net vergiess ginn. Elo missten d’Volleksparteien am Haut ukommen, de Leit besser nolauschteren, sech den Erausfuerderunge vun haut stellen a kloer Konzepter fir muer entwéckelen.  Am Kloertext: si musse mat ale Reflexer, Rezepter an dem Selbstverständnes, Regierungspartei ze si, briechen.
    Dat kann  een eent zu eent och op Lëtzebuerg iwwerdroen.
     


    0 min
  • Commentaire, 13/11/2018 07:45
    Et ass zwar ee Sujet, dee grad elo wou d’Aktualitéit et zouléisst kann ugeschwat ginn. Mee d’Manéier wéi en diskutéiert gëtt, gëtt dem Ganzen net gerecht, fënnt d’Nadine Gautier haut a sengem Commentaire. Rieds geet vun der gerénger Zuel vu Fraen, déi et direkt an d’Chamber gepackt hunn. Ouni déi déi noréckelen, sëtzen nämlech “just” 12 Politikerinnen um Krautmaart.
    0 min
  • Carte Blanche, 12/11/2018
    An Europa zeechent sech déi lescht Joren e kloren Trend of: déi traditionell Parteielandschaft, mat enger oder zwou grousse Volleksparteien, déi entweder zesummen oder mat engem méi klenge Partner d’Saach ënnert sech ausmaachen, gëtt et net méi.
     
    Dësen Trend gëllt elo och fir Lëtzebuerg. Et brauch een sech nëmmen d’Resultater vun de leschte Chamberwalen unzekucken. Grouss Majoritéiten, déi ganz no un Verfassungsmajoritéiten erukommen – also un zwee Drëttel vun de Sëtz – gehéieren der Vergaangenheet un. Déi zwou Parteien mat de meeschte Sëtz –  d’CSV an d’DP –  géifen an enger Koalitioun haut just nach 45% vun de Wieler representéieren. Déi aktuell a wahrscheinlech zukünfteg Dräi-Parteie-Majoritéit, huet prozentual souguer dobäi gewonnen an huet quasi d’Hallschent vun de Wieler hannert sech.
     
    Virun allem déi kleng Parteien, mat deels simplisteschen, jo populistesche Léisungen, rëselen d’Parteielandschaft an Europa ganz zolidd duercherneen.
     
    An Däitschland ass et déi rietspopulistesch AFD, déi a verschiddene Bundeslänner weider u ganz grousser Zoustëmmung gewënnt. Et si virun allem déi sozial méi Schwaach, mä net nëmme si, déi op d’Populisten erafalen.
     
     
    Dësen Trend hunn déi grouss politesch Stréimungen zum Deel awer sech selwer zouzeschreiwen. Gedriwwe vun engem Sondage zu deem nächsten versichen vill Politiker duerch ganz kuerzfristeg populär Moossnamen hiren Image ze verbesseren. Si dinn d’Leit gleewen, dass de Staat alles kann an zwar direkt . Dobäi gët deen Eenzelen aus der Eegeverantwortung entlooss. Well dat awer net fonctionnéiert an net fonctionnéiere kann, ginn d’Glafwierdegkeet an d’Vertraue verluer an d’Wieler ginn aus Entäuschung an d’Äerm vun de Populisten gedriwwen. Ganz oft baséeiren déi hir Propaganda dorop, dass anerer um perséinleche Problem vun deem Eenzelen Schold sinn : Auslänner, Mënschen mat enger anerer Relioun, enger anerer Hautfaarw, enger anerer sexueller Orientéierung, sougenannten Eliten oder och nach d’Press.
     
    Déi grouss Parteien an Europa mussen sech dees bewosst sinn, wa si an Zukunft net weider wëllen un Terrain verléieren. Si dierfen dobäi awer net einfach d’Konzepter vun de Populiste kopéieren. A Bayern, wou d’CSU Jorzéngten dominéiert huet, hu mir gesinn, datt dee Modell, ech géng soën zum Gléck, schif gaangen ass.
     
    D’Parteie mussen erëm op d’Leit duergoen an erausfannen, wat si wierklech beschäftegt, wat hir konkret Problemer sinn a wéi ee kann hëllefen mat kohärenten, pragmatesche an zukunftsorientéierten Léisungen, déi och muer nach gräifen ouni awer domat déi nächst Generatioun ze hypothekéieren.
    Hei zu Lëtzebuerg ass et der leschter Regierung gelongen mat Reformen net nëmmen d’Erausfuerderungen vun haut unzegoën, mä och Perspektiven fir déi  nächst  Generatioun ze garantéieren an onst Land op muer virzebereeden. Dat muss och der zukünfteger Regierung geléngen am Intérêt vun ons all.
     


    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Weltspiegel Podcast by ARD Weltspiegel

Weltspiegel Podcast

37 Listeners

Mit den Waffeln einer Frau by barba radio, Barbara Schöneberger

Mit den Waffeln einer Frau

82 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - Commentaire by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Commentaire

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners