RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche, Tom Bellion, 28/11/2018 07:45
    Enn November, dem Wantermount, ginn zu Lëtzebuerg déi éischt Wanter- a Chrëschtmäert op a si dauere bis Enn Dezember, dem Chrëschtmount. A senger Carte blanche mécht den Tom Bellion sech ee puer Gedanken iwwert d'Schreifweis vun deenen Events. Keep calm op de Chrëscht- a Wantermäert!
    0 min
  • Commentaire, 27/11/2018 07:45
    Brexit, snif! Se maachen also elo eescht, d' Brite mam Brexit. A jiddwereen, dee gefrot gëtt, seet dat wier guer näischt Guddes. Eng Scheedung, eng lose-lose-Situatioun fir d' EU a fir de Kingdom.
    E Commentaire vum Nico Graf.
    0 min
  • Carte Blanche, Ben Fayot, 26/11/2018
    D'Gedenkzeremonien vum 1.Weltkrich weisen, wéi déi Katastroph durch den Nationalismus ausgeléist gouf.
    Honnert Jor dono geht ët ëmmer nach an  ëmmer méi drëm, deen Nationalismus ze iwerwannen.
    Ët gët haut erëm extrem rieds an extrem lénks Bewegungen, déi  de Réckzuch op d'national Souverainetéit priedegen.
    Mais dee Réckzuch ass weider neischt wéi geféierlechen nationalen Egoismus.
    A sechs Méint sin Europawahlen. Do entscheed sech, ob et weider geht mat dem fridlechen a solidareschen Europa, oder ob nationalistesch Parteien vu rieds a vu lénks am EP souvill Muecht kréien, dass se d' EU zerstéiere kënnen.
    Fir Lëtzeburg ass dat eng existenziell Fro. D'Geschicht erënnert drun, dass ons Eegestennegkeet dovunner ofhänkt,dass ons grouss Noperen se respektéieren. Dee Respekt ass durch d' europäesch Verträg garantéiert.
    Dofir gët ët hei zu Lëtzeburg keng Partei, déi d'Europäesch Unioun refuséiert.
    Wuel gët d'Europapolitik kritizéiert, och emol mat Recht.
    Mais vleicht gët et der, denen nationalpopulistesch  Idien gefalen.
    Sie mussen wëssen, dass dat direkt schiedlech fir Lëtzeburg ass.
    Dofir mussen d'politesch Fronte klor sin. Et muss klor sin, wat an enger demokratescher a solidarescher Unioun acceptabel ass a wat nët.
    Dat gëlt besonnesch fir d'EP.
    Eng grouss Majoritéit vum EP huet dem Hr Orban seng Politik offiziell kritizéiert. Dorënner och seng eege Partei, d'Europäesch Vollekspartei.
    Sie huet awer den Hr Orban nët op d'Schëff geschéckt.  
    Do sin d'Fronten also nët klor an dat schued der EU.
     Mais d'Fronte mussen och klor sin fir d'Memberlänner.
    Wien vun denen ass Bremser, wien kuckt fir t'éischt no sengen nationalen Interessen an dann eréischt no dem Ganzen? Wien wëllt d'EU weiderbréngen a staark maachen?
    Ass Lëtzeburg e Bremser oder e Lusspetter, wéi mol schon an der Vergaangenheet?
    Ech hoffen nët.
    Ech erwaarden vun der neier Regierung, dass se sech nët nëmmen mat der eigentlech niewesächlecher Fro vun héijen EU-Posten ofgët.
    Ech erwaarden an hirem Programm eng klor an détailleirt Durstellung, wéi Lëtzeburg  d'EU wëllt stärken. Sie därf dobei kurzfristeg Interessen vun dem engen oder anere Wirtschaftssecteur nët iwer déi laangfristeg  Perspektiv vun enger staarker Unioun stellen.
    Et ass och un der Zeit, dass déi nei Regierung den europäeschen Débat zu Lëtzeburg op e méi héijen  Niveau hiewt.
    Zum Beispill dass de Staatsminister, dee Lëtzeburg am europäesche Rot vertrëtt, vrun de Sommeten an d'Chamber kënnt an do öffentlech durstellt, wat onst Land hanner zouenen Diren vertrëtt an och dono dem Parlament Rechenschaft ofleet.
    Et ass och wichteg fir onst Land, dass jidfer Minister - aaler an neier - eng zolid europäesch Kompetenz huet oder sech uneegent, well och d'Minister sin europäesch Acteuren. Datselwecht gëlt iwregens och fir all ons Deputéiert.
    A schliesslech erwaarden ech vun der ganzer Lëtzeburger Politik eng nei Begeeschterung fir den europäesche Friddensprojet, ouni deen onst Land nët liewe kann.





    0 min
  • Carte Blanche, Ben Fayot , 26/11/2018 07:45
    Mir brauchen eng nei Begeeschterung fir Europa!
    A sechs Méint sinn Europawahlen, an dat an enger Zäit, wou d'Zukunft vun der Europäescher Unioun um Spill steet. Wéi soll Lëtzebuerg domat ëmgoen? Dozou eng Carte Blanche vum Ben Fayot.
    0 min
  • Carte Blanche, Ben Fayot, 26/11/2018 07:45
    Mir brauchen eng nei Begeeschterung fir Europa!
    A sechs Méint sinn Europawahlen, an dat an enger Zäit, wou d'Zukunft vun der Europäescher Unioun um Spill steet. Wéi soll Lëtzebuerg domat ëmgoen? Dozou eng Carte Blanche vum Ben Fayot.
    0 min
  • Carte Blanche, 23/11/2018
    Ech hunn virun e puer Wochen an enger Zeitung en Artikel gelies iwwert räich Leit op eiser Welt. Mir wëssen jo all, dass de Räichtum op eiser Welt ganz ongläich verdeelt ass. Mir hunn och schonns all héieren iwwert d’Akommes- Schéier, déi ëmmer méi auserneegeet. Dat heescht: Di Aarm gi méi aarm an di Räich gi méi räich. Dat bedeit awer wat?
    Kaum e vun eisen Matbierger fillt wat dat bedeit. Mir héieren et all, awer et léist eis leeschten kal.
    Ech verstinn, dass et Ënnerscheeder an de Paien gëtt, och nach am Akommes. Ech well hei kee Fuddernéit maachen.
    Et muss een awer fillen wat gerecht ass a wat ongerecht ass!
    Dollar-Milliardären op der Welt ginn ëmmer méi räich. Di boomend Aktienmärt, Immobiliëpräisser, di ëmmer méi no uewen ginn an de Wirtschaftswuesstem hunn gemaach, dass d’Verméigen vun deenen räichsten Mënschen op der Welt am Joer 2017 mam Virjoer verglach em 19% gestiegen ass. Haut ass dat eng Rekordzomm vun bal 9 Billiounen Dollar. Dëst Verméigen ass méi wéi duebel so héich wéi di gesamt jäerlech Wirtschaftsleeschtung vun Däitschland.
    1% vun deenen Räichsten op der Welt hunn 2X méi Wuesstem matgeholl wéi 50% vun deenen Äermsten op der Welt.
    An deenen leschten 20 Joren hunn déi Mënschen mat privatem Verméigen sech gewalteg beräichert. Awer gelungener Weis hunn d’Länner sech dem géintiwwer gewalteg verärmt. Al Nationalstaaten sinn ausser aller Norm verschëld. Des Laaschten bezuelen mir awer eleng. Schlecht Aarbechtslosenennerstetzung, wann iwwerhaapt, schlecht Gesondheetssystemer, wann iwwerhaapt, schlecht Pfleegehellef, wann iwwerhaapt, schlecht Bildungssystemer, wann iwwerhaapt, schlecht Ernährung, wann iwwerhaapt, schlecht Wunnengsméiglechkeeten, wann iwwerhaapt, schlecht Pensiounen, wann iwwerhaapt, asw.
    D’OECD schléit fir, fir des Ongläichheeten gegenzestéieren, dass
    •    Progressivitéit bei de Steiersystemer verschäerft sell ginn
    •    De Kampf géint Steierhannerzéiung ze verschäerfen
    •    De Kampf géint d’Wéisweschen vun illegalem Geld ze verschäerfen
    •    Eng anstänneg Bildung fir all Mënsch
    •    Anstänneg bezuelten Aarbechtsplazen fir jiddwereen.
    Dat wéier e gudden Regierungsprogramm!
    Nodeems, dass ech dësen Artikel gelies hat, hunn ech du um Fernseh e Reportage gesinn, wou 10 dausenden Mënschen vun Süd-Amerika op dem Wee ant d’USA waren,… geflücht sinn.
    Dat huet mech dunn un di rezent Flüchtlingswell an Europa erënnert.
    Wat war do eis Reaktioun?
    Mir bauen Maueren,oder soss Clotüren. Mir schécken des Mënschen an hiren Elend zeréck. Mir wëllen jo nëmmen net, dass sech eppes bei eis ännert.
    Di Aarm sollen aarm bleiwen, si sinn jo selwer schold. Di Räich kennen jo méi räich ginn, jo esouguer onermoosslech räich.
    Der onermoosslech Räicher ginn et der manner wi 2300 Mënschen op eiser Welt!
    Am Joer 2017 besetzen di 42 räichst Menschen op der Welt genau sou vill Verméigen wi di ärmsten 3,7 Milliarden Menschen op der Welt.
    Lost mer eis also och an Zukunft mat der Armut beschäftegen, …oder!?
     


    0 min
  • Carte Blanche, 21/11/2018

    Bei de Resultater vun de Chamberwale vum 14.Oktober gouf et vill Surprisen, net nëmme beim Ofschneide vun den eenzelne Parteien, mä och bei de Kandidaten. Nëmmen 12 vun deene 60 gewielten Deputéierte si Fraen, d.h.dass vun 249 Kandidatinnen net emol 5% et an d’Chamber gepackt hunn. Bei enger Regierungspartei gouf net emol eng eenzeg Fra gewielt: L.S.A.Peu !
    Säit 2016 hu mer eng gesetzlech Quote vu 40 %, domat hu mer eis gebrezt an Europa an d’Hoffnung war grouss dass, wann elo op all Kandidatelëschte 40 % Frae misste sinn, och méi Frae ginge gewielt ginn.
    Dat ass no hanne lass gaangen. Firwat?
    Bei eisem Walsystem: Panachage a Virzugstëmmen, kann et virkommen, dass esouguer keng Fra gewielt gëtt, wann et , wéi bei de Gringen, eng Paritéit vu Geschlechter op de Kandidatelëschte gëtt.

    Et ass no de Walen, e.a. am Conseil National des Femmes, an deem ech als Presidentin vun der Fédération Nationale des Femmes Luxembourgeoises sëtzen, vill iwwer d’Ursaache vun dësem Resultat diskutéiert ginn. Dobei gouf virun allem versicht, d’Schold do ze sichen, wou se eigentlech net ass : bei de Parteien a bei de Journalisten, déi d’Kandidatinnen net genuch an d’Fënster ginge stellen. Wann dat esou wier, firwat sin dann z.B. zwou Fraen, déi 5 Joer laang an der Regierung souzen, net emol gewielt ginn?

    Sécher ass et schwéier, zu Lëtzebuerg gewielt ze ginn, wann ee net bekannt ass, och fir Männer.
    Mä haut gëtt et jo Méiglechkeeten, sech bekannt ze maachen, vun deenen ech 1964, wou ech fir d’éischt fir d’Chamber kandideiert hunn, net emol dreeme konnt.

    Ech hunn och erlieft, dass ech jorelaang ni an de Radio oder an d’Televisioun geschéckt gouf. Ech hunn et awer fäerdegbruecht, vun 1965 bis 2014 gewielt ze ginn, wann ech da kandidéiert hunn. Dat huet vill Asaz, Aarbecht an Zäit kascht. Mä et huet sech gelount. Ech halen net vill vu Quoten.

    Et gëtt bei eis am Land méi weiblech wéi männlech Wieler.Wann d’Frae géife Frae wielen, dann hätten dach männlech Kandidate manner Chancen.
    Den CNFL huet en deiere faarwegen Dépliant an Dausenden Exemplairen drécke gelooss, an deem d’Wieler opgefuerdert ginn, de 14. Oktober,  99 Joer nodeem d’Fraen d’Walrecht kruten, fir den Equilibre ze stëmmen.
    D’Resultat ass bekannt.

    Loosse mer eis näischt virmaachen. Et gëtt kee Wonnermëttel vun uewen erof, fir datt méi Fraen an d’Chamber kommen. Et sief dann, dass gewielte Männer missten zerecktrieden, fir dass eng Fraequot an der Chamber ereecht géif. Ech hoffen, dass et net esou wäit kënnt.

    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Weltspiegel Podcast by ARD Weltspiegel

Weltspiegel Podcast

37 Listeners

Mit den Waffeln einer Frau by barba radio, Barbara Schöneberger

Mit den Waffeln einer Frau

82 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - Commentaire by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Commentaire

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners