RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Commentaire GROTZ, 20/11/2018 07:45
    Wien alles an d'Regierung kënnt ass fixéiert, nach gëtt um Programm geschriwwen, deen d'Dreier-Koalitioun déi nächst 5 Joren wäert wëllen ëmsetzen - an och DO steet scho vill fest - eent ass sécher, d'Handschrëft vun der LSAP an deene Gréngen wäerte mer mussen mat der Lupp sichen - dat mengt de Moien eise Chefredakter Roy Grotz..
    0 min
  • Carte Blanche, Gilles Hempel, 19/11/2018
    Aktuell hunn mir zou Lëtzebuerg zwee grouss ëffentlech Bauträger: D’SNHMB mëscht säit jeehier ee ganz gudde Job an och de Fonds du Logement schéngt sech ënnert neier Führung esou lues erëm ze erkréien. Si hunn Allenzwee grouss Projete fir déi nächste Jore geplangt. D’SNHBM baut zou Kehlen ee super innovative Projet mat iwwer 800 Wunnengen an de Fonds du Logement huet gleich zwee esou grouss Projet’en an der Pipeline: Een zu Diddeleng an een zou Wolz. Domat wäerten déi zwee ëffentlech Promoteur awer fir déi nächste Joren zimlech ausgelaascht sinn. Mee net nëmmen sie. Och bei de Baufirmen an den Handwierker fänkt et un enk ze ginn. De Projet Elmen vun der SNHBM muss an dräi Phasë gebaut, well net genuch Baufirmen disponibel si fir alles beieneen ze bauen. An och zou Diddeleng an zou Wolz wäert musse ganz lues step by step gebaut ginn, well Bauaarbechter feelen. An och keng neier méi op Lëtzebuerg kommen.
    Vun dem Loun, deen een do kritt, kann een sech et nämlech net méi leeschte fir hei zu Lëtzebuerg würdeg ze wunnen. De ganzen Dag um Chantier malochen, fir dann Owes an engem schmuddelege Cafészëmmer ze hocken. Fir esou ee Liewe kommen ëmmer manner Leit op Lëtzebuerg. Mir si mëttlerweil an engem richtegen Däiwelskrees ukomm: Mir hunn keng abordabel Wunnenge fir déi Leit ze logéieren, déi eis déi nei Wunnenge baue sollen.
    Wéi solle mir deen historesche Retard vun deenen 30.000 feelende Sozialwunnengen ophuelen, wann kee kennt fir eis se ze bauen?
    Villäicht musse mir ganz nei Weeër goen an eis vun der klassescher Bauweis verabschiden. Op allen Fall brauche mir onbedéngt nach mindestens een zousätzleche Bauträger. Deen neien Acteur kéint sech dann op de Modulbau spezialiséieren. Bei der Approche gi Wunnengen a Form vu Moduler an enger Fabrick komplett fäerdeg produzéiert. Clef en main. Mat Kichen, Buedzëmmer, fäerdeg ugestrach, usw. Mir kéinten déi Modulen am Ausland produzéieren an dann hei opriichte loossen. Lokal brauch een dofir ganz wéineg Manpower.
    Déi Modulen hunn hautdesdaags een Komfort, deen enger klassescher Bauweis an naicht méi nosteet. Och energetesch sinn si um neiste Stand. Ee karéierten Urbanist kéint sech villäicht un der quadratescher Ästhetik stéieren. Mee soss gëtt et eigentlech keen Argument dogéint.
    Ob eis am Logement d’Quadratur vum Däiwelskrees gelénge wäert, steet haut nach an de Stären. De Modulbau géif eis awer schonn ee gutt Stéck weiderbréngen.

    0 min
  • Carte Blanche, Gilles Hempel, 19/11/2018 07:45
    Wunne gëtt hei am Land ëmmer méi deier an déi néideg Sozialwunnenge feelen. Ee Moyen fir an dem Beräich méi séier virun ze kommen ass de Modulbau. Dozou eng Carte blanche vum Gilles Hempel, Direkter vun enger ONG a Virdenker am Logement.
    0 min
  • Apropos Den hellege Stull, 17/11/2018 13:15
    De Mënsch ass gescheit a ka mat senger Intelligenz villes erreechen. A wann déi net duer geet, da kritt e vun der artificieller Intelligenz, de Computere, gehollef. An awer ginn et paradoxerweis Problemer, fir déi een einfach keng Léisunge fënnt. De Camille Ney ass nach viru Kuerzem esou engem begéint.
    0 min
  • Carte blanche, 16/11/2018
    Elo wou se a reeller Gefohr sinn gëtt vill vun hinne geschwat: d'Volleksparteien. Wat ass dat dann, eng Vollekspartei? Am Fall vu Lëtzebuerg kann ee schlecht ofstreiden datt esouwuel LSAP ewéi d'CSV authentesch Volleksparteien sinn – oder muss ee scho soen "waren"? Wa mer dat historesch gesinn, sti se vir zwee komplementar an eventuell antagonistesch Aspekter vun eisem Land. Ass et villäicht eng weltlech Religioun, de vum Marxismus inspiréierte Reformismus, géint e vu Roum gesteierten gesellschaftlechen Konformismus, ass et d'Lëtzebuerger Wort géint d'Escher Tageblatt, d'Gewerkschaftszentral vum Escher Boulevard Kennedy géint de Erzbistum an der Stadter Lantergässel, sinn et opgekläerte Bierger géint obskurantistesch Klerikaler? Et kann een net erwaarden datt all Mënsch mat enger Analyse ewéi dëser d'accord ass ëmsou méi et och bei de chrëschtlechen eng Sozialbewegung ginn ass an nach ëmmer gëtt, datt net all Paschtouer obskurantistesch ass an datt et LSAP-Membere soll ginn di an der Kierch bestuet gouwen an deenen hir Kanner d'éischt Kommunioun maachen. Ob een sech elo zu deem engen oder deem anere Bord zielt, huet mat engem onbestëmmten, diffusen Zougehéieregkeetsgefill ze dunn dat, just well e Gefill ass, schwéier mat Wieder anzefänken ass. – Wat awer net verhënnert datt et do eng Realitéit gëtt an datt eng klassesch Vollekspartei déi erëmspigelt.
    Et gehéiert natierlech och zu enger Vollekspartei datt se fir "hir Leit" suergt an ech setzen "hir Leit" zwëschen Anführungszeechen. Di richteg Memberskaart konnt schonn an der enger oder der anerer Südgemeng, bei  klengeren oder gréissere Gefällegkeeten hëllefen, an dat selwecht konnt och fir d'Stad Lëtzebuerg gëllen, an dat obschonn d'DP am Fong keng Vollekspartei ass. Wat de fréieren "CSV-Staat" ugeet, sou war deen net  d'Erfindung vun opbruechten lénke Leitartikler mee eng Realitéit. Déi Zäiten missten dout sinn an dat ass Gëft fir den opportunistesche Volet vun der CSV, fir hir Zukunft als Vollekspartei an hir zukünfteg Wahlresultater.
    Eng Vollekspartei ass also esou eppes ewéi eng vun der Weltuschauung bestëmmte Sammelbewegung. Et fënnt een sech do zesummen wou een de richtege Stallgeroch an der Nues huet a wou een ënnert Gläichgesënnten ass .

    Elo schéngt et datt de Geschäftsmodell "politesch Sammelbewegung" speziell bei jonken onpolitesche Wieler a Gefor ass. Fir vill Leit sinn konkret Optioune fir den Alldag méi wichteg  an déi bestëmmen hiert Verhalen an der Wahlkabin. Dat heescht awer datt esou eng Wahlklientell séier enttäuscht an da fort ass.

    Wou mer wierklech frou sollte sinn, ass d'Tatsaach datt de Wieler-Revervoir fir rassistesch, béisaarteg, intolerant Mattbierger kleng ass an hoffentlech esou bleiwt.
     


    0 min
  • Carte blanche , 16/11/2018 07:45
    Volleksparteien zu Lëtzebuerg. Si se um Stierwen oder wibbelen se nach?
    Dat freet sech de Jean-Louis Schlesser a mengt datt se net dout sinn awer zu deene bedreete politeschen Déierenaarte gehéieren.
    0 min
  • Carte blanche, 16/11/2018 07:45
    Volleksparteien zu Lëtzebuerg. Si se um Stierwen oder wibbelen se nach?
    Dat freet sech de Jean-Louis Schlesser a mengt datt se net dout sinn awer zu deene bedreete politeschen Déierenaarte gehéieren.
    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Weltspiegel Podcast by ARD Weltspiegel

Weltspiegel Podcast

37 Listeners

Mit den Waffeln einer Frau by barba radio, Barbara Schöneberger

Mit den Waffeln einer Frau

82 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - Commentaire by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Commentaire

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners