RTL - Sprint

RTL - Sprint

By RTL Radio LëtzebuergSports
Download on the App Store

RTL - Sprint episodes

  • Sprint, 17/12/2015 18:20
    De leschten Mount war rëm sou munches lass an der Liichtathletik. D'Jana Peters an den Jeff Kettenmeyer verroden Iech wien neien Lëtzebuerger Champion am Trail ginn ass an maache mam Präsident vun der FLA den Resumé vum Joer 2015.
    0 min
  • Sprint , 19/11/2015 18:20
    Am Sprint vun haut kucke mir op déi bescht Resultater vum leschte Mount zréck. Am Kader vum nationalen 'Trail Championnat' dësen Weekend erklärt den 3-fachen-Trail- Champion Thierry Hübsch dem Jana Peters an dem Jeff Kettenmeyer op wat et wierklech beim Trail ukënnt.
    0 min
  • Sprint, 19/11/2015 18:20
    Am Sprint vun haut kucke mir op déi bescht Resultater vum leschte Mount zréck. Am Kader vum nationalen 'Trail Championnat' dësen Weekend erklärt den 3-fachen-Trail- Champion Thierry Hübsch dem Jana Peters an dem Jeff Kettenmeyer op wat et wierklech beim Trail ukënnt.
    0 min
  • Sprint, 19/11/2015
    De 17 Oktober war zu Iechternach den nationalen Championnat am Marathon.
    Bei den Hären war d'Victoire fir den Pierre Weimerskirch. Zweeten gouf den Christian Krombach an Drëtten den Bertil Muller. 

    Bei den Damen konnt d'Karin Schank sech souverän duerchsetzen a wënnt d'Course mat ronn 6 Minutten Avance.
    Op déi zweeten Platz koum d' Fabienne Gehlen, déi drëtt Plaatz war fir d' Tatjana Quesada.

    Den 29 Oktober waren zu Doha am Qatar d' Weltmeeschterschaften vun den Paralympics.
    Mat derbäi war den Tom Habscheid, deen a senger Kategorie am Bomstoussen den 9 gouf.
    Am Diskus ass et fir den Athlet vum CA Diddeleng fir dei 4. Plaz duergangen, dat mat 44 Meter an 27 Zentimeter.

    Portrait:
    Den Thierry Hübsch ass wuel den erfollegräichsten Trail Leefer hei am Land.
    Seng sportlech Carrière huet awer an enger anerer Sportaart ugefang.
    CUT
    Zum Trail koum den Athlet vum CAEG 2011 iwwert Emweeer, ma huet sech awer dunn ganz bewosst fir des Disziplin entscheed.
    CUT
    Trail lafen kann jiddereen sou den Thierry Hübsch, ma gewëssen Viraussetzungen muss een awer erfëllen.
    CUT
    All Ufänger dierf sech dann och iwwert e puer gutt Rotschléi vum routinéierten Athlet freeen.
    CUT
    Ma och d Material spillt eng wichteg Roll.
    CUT
    Den Ament bereet sech den Thierry Hübsch op den nationalen Championnat fir.
    CUT
    Seng Chancen op den Titel gesäit den Thierry Hübsch ganz realistesch
    CUT
    Konkurrenz kritt den Lëtzebuerger dëst Joer vum Portugiseschen Athlet Carlos Sà an dem Däitschen Martin Schedler. 

    4 min
  • Sprint , 20/08/2015 18:15
    Mat der Weltmeeschterschaft steet an der Liichtathletik vum 22.- 30. August zu Peking den Héichpunkt vun der Saison un. Mam Charline Mathias an dem Bob Bertemes sinn och zwee Lëtzebuerger um Depart. D'Lynn Kayser an de Jeff Kettenmeyer kucken am Sprint viraus ob dëse Rendezvous.
    0 min
  • Sprint, 20/08/2015 18:15
    Mat der Weltmeeschterschaft steet an der Liichtathletik vum 22.- 30. August zu Peking den Héichpunkt vun der Saison un. Mam Charline Mathias an dem Bob Bertemes sinn och zwee Lëtzebuerger um Depart. D'Lynn Kayser an de Jeff Kettenmeyer kucken am Sprint viraus ob dëse Rendezvous.
    0 min
  • Sprint, 20/08/2015
    Laang ass et hier, dass sech zwee Lëtzebuerger konnte fir eng Weltmeeschterschaft an der Liichtathletik qualifizéieren.

    Et war 1987 zu Roum. Danièle Kaber war iwwer 10.000 Meter um Depart an de Justin Gloden am Marathon.

    Bei der lëtzebuerger Liichtathletik Federatioun ass een natierlech erfreet doriwwer an et beweist, dass gutt geschafft gëtt, sou de Generalsekretär Georges Klepper

    Cut

    Fir de Bob Bertemes an d'Charline Mathias ass et den éischten Depart bei enger Weltmeeschterschaft.  

    De Georges Klepper mat den Erwaardungen déi d'Federatioun un déi zwee Athleten huet.

    Cut

    D'Charline Mathias hat bis ewell eng ganz gutt Saison an huet hiren nationale Rekord eng Réi kéiere verbessert, de Moment steet en bei 2 Minutten enger Sekonn an 20 Honnertstel.

    Eng Schrecksekonn gouf et awer dunn kuerz virum Héichpunkt zu Peking. D'Lëtzebuergerin hat sech liicht blesséiert, dëst dierft awer lo keen Afloss méi ob d'WM hunn.

    Cut
     
    En Dënschdeg huet d'Charline Mathias sech schonn op de Wee Richtung Peking gemaach. Dat sinn 8 Deeg virun der Course.

    Dass d'Lëtzebuergerin sech esou frei an déi chinesesch Haaptstadt deplacéiert huet, huet och e Grond.

    Cut

    En Ziel huet sech déi ambitionéiert Sportlerin fir d'WM och gesat.

    Cut

    Den zweete Lëtzebuerger deen zu Peking mat dobäi ass, ass de Bob Bertemes. Fir hie fänkt d'WM schonn e Sonndeg un. An och bei him schéngt d'Form ze stëmmen.


    Den 12. Juli konnt de Lëtzebuerger zu Tallin de Vizeeuropameeschtertitel bei den U23 féieren. An Ufank August huet de Bob Bertemes beim internationale Meeting zu Schëffleng den nationale Rekord ëm 57 Zentimeter op 19 Meter an 86 Zentimeter verbessert.

    Rendez-Vous

    Den 13. September organiséiert d'FLA den zweeten Tunnellaf zu Lëtzebuerg. Weider Detailer iwwert dës Stroossecourse vum Georges Klepper.

    Cut


    Umelle fir den Tunnellaf kann een sech iwwert den Internetsite vun der FLA.
    4 min
  • Sprint , 16/07/2015 18:20
    Den leschten Mount goufen direkt dräi nei national Rekorder opgestallt. Mir verroden Iech vun weem an an wéi engen Disziplinnen. Mam Anouk Zens gëtt Iech dann eng jonk Sprinterin virgestallt, vun der een nach wärt héieren. D'Jana Peters an den Jang Mates hunn mat him iwwert hiren Sport geschwat.
    0 min
  • Sprint, 16/07/2015 18:20
    Den leschten Mount goufen direkt dräi nei national Rekorder opgestallt. Mir verroden Iech vun weem an an wéi engen Disziplinnen. Mam Anouk Zens gëtt Iech dann eng jonk Sprinterin virgestallt, vun der een nach wärt héieren. D'Jana Peters an den Jang Mates hunn mat him iwwert hiren Sport geschwat.
    0 min
  • Sprint , 18/06/2015 18:20
    Am "Sprint" verroden d'Jana Peters an de Jeff Kettenmeyer eis ënnert anerem, wéi d'lëtzebuerger Athleten zu Reykjavik op de Spiller vun den klengen Länner ofgeschnidden hunn, a stellen eis donieft d'Charline Mathias fir. Déi jonk Sportlerin mécht zanter e puer Joere mat gudde Leeschtungen op de Mëttelstrecken op sech opmierksam.
    0 min

About RTL - Sprint

From the publisher's feed

De Magasinn vun der Lëtzebuerger Liichtathletikfederatioun.

More shows like RTL - Sprint

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners