Lynn de Weekend ginn nees déi bescht Liichtathletik Veräiner aus dem Land gesicht.
Jo e Samschdeg gëtt fir d'éischt den Nofolger vum Celtic Dikrech bei der Coupe des Dames gesicht, woubäi et vir déi aner Veräiner net einfach gëtt, géint déi Dikrecher Dammen unzekommen. An e Sonndeg gëtt da bei den Hären de Successeur vum Iwwerwaachungs Gewënner aus dem leschte Joer dem CA Bieles gesicht.
Den CSL deen an de leschte Joeren d'Coupe du Prince dachs dominéiert huet, well dës Saison d'Coupe nees mat an Haaptstad huelen, dozou de Christophe Bestgen.
Cut
Een deen dëst Joer keng Punkte fir seng Equipe wäert sammelen ass de Pol Mellina vum Celtic Dikrech, fir hien huet eng aner Course Prioritéit.
Cut
Bei der Rout du Vin, déi den 25. Oktober zu Réimech gelaf gëtt, ginn traditionell och d'Lëtzebuerger Championen iwwert 21 Kilometer gesicht. Wéi stinn dann d'Chancen vum Pol Mellina?
2013 an 2014 war den Athlet vum Celtic Dikrech scho Champion. Mat senger Beschtzäit vun 66 Minutten an 57 Sekonnen ass hien de Moment de beschte Lëtzebuerger an ass de klore Favorit.
Seng Konkurrenz ënnerschätz hien awer nawell net.
Cut
Zanter 55 Joer gëtt et d'Route du Vin schonn. En Highlight fir vill Leefer hei am Land. Wat mëscht dës Course dann esou besonnesch.
Cut
Jingle Leeschtung vum Mount
Op de Paralympics zu Rio huet den Tom Habscheid seng perséinlech Beschtleeschtung ëm 27 Zentimeter op 13 Meter 28 verbessert.
Um Enn war et déi 7. Plaz an déi huet de Sportler ganz glécklech gemaach.
Cut
De Bommstousser deen zanter 2012 an der Liichtathletik aktiv ass, kuckt dann och schonn op déi nächst Paralympics nofiers.
Cut
A 4 Joer e Lëtzebuerger op de Paralympics um Podium stoen ze hunn, wär sécherlech net dat schlechst.