Den 19. an 20. Januar waren an der Coque déi national Indoor Championnater.
Genee wéi d'lescht Joer konnt sech d' Patrizia Van der Weken vum CA Schëffleng direkt zwee Titelen sécheren.
Och d' Charline Mathias konnt sech iwwer zwee Titelen freen, dëst iwwert d'800 an d'1500 Meter.
CUT
De Kevin Rutare, deen als Favorit an den Héichsprongconcours gaangen ass konnt och den Erwaardungen gerecht ginn.
CUT
Fir eng Iwwerraschung huet den Jacques Frisch gesuergt, deen op den 800 Meter gestart ass an d'Course am Sprint fir sech entscheede konnt.
CUT
Um Championnat vun der Groussregioun koum d'Lëtzebuerger Equipe op déi 4. Platz. Den Bob Bertemes huet am Bommstoussen gewonn, grad ewéi d'Edna Semedo an der Perche.
D'Charline Mathias ass deen Dag iwwert d'3000 Meter gestart an konnt dem Martine Nobili säin nationalen Rekord em 9 Sekonnen verbesseren.
Am Kader vun engem Meeting zu Metz konnt den Bob Bertemes säin eegenen nationalen Rekord em 7 Zentimeter verbesseren.
Domat huet den Athlet vum CAB sech fir verschidden grouss Kompetitiounen qualifizéiert, sou den Mathis Mellina vun der FLA.
CUT
Den Vectis Meeting an der Coque war fir d'Lëtzebuerger Athleten eng gutt Geleeënheet sech op internationalem Niveau ze moossen.
D'Cathy Zimmer konnt hiren Concours am Héichsprong fir sech entscheeden.
CUT
Fir d'Norme vun der Juniors EM feelt dem Cathy Zimmer elo net méi vill.
CUT
Leeschtung vum Mount:
D' Leeschtung vum Mount kënnt des Kéier vum Charline Mathias.
D'Athletin vum CSL huet direkt dräi nei national Rekorder opgestallt. Dëst op den 800, den 1500 an den 3000 Meter.
Fir d' Charline Mathias leeft et den Moment richteg gutt, dat huet een och e Freideg den Owend um Indoor Meeting an der Coque gesinn.
CUT
An der selwechter Course konnt d'Vera Hoffmann iwwregens eng nei Beschtzäit bei den Espoiren realiséieren.