Den 20. November war zu Heischent den Trail Uewersauer.
Gewonnen gouf déi 14. Editioun vum Moritz auf der Heide, an dat souguer relativ souverän.
CUT 1
Am Kader vun dëser Course gouf den nationalen Champion am Trail gesicht.
Bei den Dammen grad ewéi bei den Hären waren d'Titelverdeedeger Sandra Huberty an Thierry Hübsch net um Depart.
Bei den Hären gouf et eng Victoire vum Mathieu Deville, deen eréischt zanter kuerzem déi Lëtzebuerger Nationalitéit huet an éischter per Zoufall vun dësem Championnat gewuer gouf.
CUT 2
Bei den Dammen huet d' Tatjana Quesada vun Ufank un déi 53 Kilometer laang Course dominéiert an sech esou den Championstitel geséchert.
Um zweeten Cross vun der Saison zu Esch war d'Victoire an der Haaptcourse genee wéi schonn beim éischten Cross fir d' Liz Weiler bei den Dammen an den Christian Molitor bei den Hären.
Den leschten Weekend war dann och schonn den drëtten Laf vum Cross Challenge, dëst am Bambësch organiséiert vum CSL.
Hei konnt sech bei den Dammen d'Charline Mathias duerchsetzen. Bei den Hären hat den Andrea Baratte d'Nues vir.
Um Championnat de Meurthe et Moselle zu Metz waren och Lëtzebuerger Athleten um Depart.
Am Bommstoussen gouf et ee ganz gutt Resultat vum Stephany Krumlovsky.
Mat 13 Meter an 88 Zentimeter verbessert si hiren alen nationalen Rekord em 4 Zentimeter.
Am Kader vun der Assemblée General vun der Federatioun gouf mam Mathis Mellina den neien General Sekretär virgestallt.
De Georges Klepper huet säin Amt wéint Krankheet missten nidderleeën, ma en bleift der Federatioun awer erhalen sou den President vun der FLA, Claude Haagen.
CUT 3
Dann gouf och nach en neien Projet virgestallt; aus dem Olympic Challenge Team, gëtt den International Challenge Team.
CUT 4
Ziel vun dem International Challenge Team, ass et dann natierlech mat e puer Athleten op den Olympeschen Spiller 2020 zu Tokyo derbäi ze sinn.