RTL - Sprint

RTL - Sprint

By RTL Radio LëtzebuergSports
Download on the App Store

RTL - Sprint episodes

  • Sprint, 19/05/2016 18:20
    Am Sprint geet et ëm den Nuetsmarathon an der Staat. Den Franky Hippert an d'Jana Peters hu mam Karin Schank geschwat, der lëtzebuerger Championne an dëser Disziplin.
    0 min
  • Sprint Abrëll, 21/04/2016
    Den 18. März waren zu Portland an den USA IAAF Indoor Weltmeeschterschaften.
    Fir Lëtzebuerg war den Bob Bertemes am Bommstoussen mat derbäi.
    Den Athlet vum CA Bieles gouf um Enn den 15. dat mat enger Wäit vun 19 Meter 48 Zentimeter.

    Den 20 Mäerz war zu Dikrech den Nordstaatsemi.
    Den éischten Semi hei am Land vir dëst Joer hat vill Leefer ugezunn.
    Gewonnen gouf d'Course vum Justin Mathieu, dat virum Arnaud Robin.
    Eischten Lëtzebuerger gouf den Christian Molitor.
    Bei den Dammen war d'Victoire fir d'Heitske Bouwmeister, knapp hannendrun déi éischt Lëtzebuergerin Liz Nepper.

    Am Kader vun dësem Evenement waren dann och déi national Championnater vun den 10 Kilometer op der Strooss.
    Wéi erwaart konnten sech d'Favoriten duerchsetzen.

    Bei den Hären gouf d'Course vum Yonas Kinde gewonnen. Domadder gouf den Athlet vum Celtic Dikrech Champion de la Fédération.
    Neien nationalen Champion gouf den Pol Mellina.
    CUT
    Bei den Dammen konnt sech d'Martine Mellina géint hir Konkurrenz duerchsetzen a, virun eegenem Public iwwert den Titel freeën.
    CUT
    Fir dat zweet am Championnat Jil Gloesener ass et deen Dag net esou gelaf wéi erhofft
    CUT

    E gutt Resultat gouf et vum Christian Molitor den 10 Abrëll, um Marathon zu Rotterdam. Den Athlet vun Celtic Dikrech ass déi 42 Kilometer an enger Zäit vun 2 Stonnen 37 Minutten an 1 Sekonn gelaf.

    Dëst ass en wichtegen Schrëtt fir den Christian Molitor. Zanter e puer Méint huet en sech neemlech en neit Ziel gesat; d'Paralympics zu Rio.

    Seng Participatioun ass also schonn zum Deel geséchert, elo muss säin Handicap nach vun dem Olympeschen Comitée accordéiert ginn.
    Dës weideren muss en sech och nach iwwert d'1500 Meter qualifizéieren.

    De Moment ginn et erëm vill Diskussiounen ëm den nationalen Liichtathletiksstadion.
    A noer Zukunft soll den Stade Josy Barthel nämlech net méi fir den Stater Veräin, grad ewéi fir regional an national Coursen zur Verfügung stoen.

    Den Plang ass elo deen datt den INS um Cents soll aus an emgebaut ginn, sou den Claude Haagen.
    CUT
    De Bauteminister François Bausch ass ganz optimistesch wat dësen Projet ugeet.
    CUT
    De Fall gesat et leeft alles no Plang, dierft den nationalen Liichtatletiksterrain Mëtt 2018 fäerdeg sinn.
    Bis dohin gëtt weider um Stade Josy Barthel trainéiert.
    0 min
  • Sprint Abrëll , 21/04/2016 18:20
    Am Sprint vun haut schwätzen de Jeff Kettenmeyer an d'Jana Peters net nëmmen iwwert d'Resultater vum leschten Mount, mee och iwwert deen neien nationalen Liichtathletikstadion deen um Cents gebaut gëtt an 2018 soll fäerdeg ginn.
    0 min
  • Sprint Abrëll, 21/04/2016 18:20
    Am Sprint vun haut schwätzen de Jeff Kettenmeyer an d'Jana Peters net nëmmen iwwert d'Resultater vum leschten Mount, mee och iwwert deen neien nationalen Liichtathletikstadion deen um Cents gebaut gëtt an 2018 soll fäerdeg ginn.
    0 min
  • Sprint, 17/12/2015
    Den 24. internationalen Deulux Laf gouf vum Yonas Kinde gewonnen, dëst an der Zït vun 30 Minutten an 46 Sekonnen.  Zweeten mat engem Retard vun knapp 2 Sekonnen  gouf den Pol Mellina.

    Ma och bei den Dammen hun d'Letzebuerger dominéiert, héi konnt sech d'Martine Mellina géint d'Konkurrenz duerchsetzen.

    Wéi gewinnt war am Kader vum Trail Uewersauer den nationalen Championnat am Trail. Déi 13 editioun vum Trail Uewersauer gouf vum Pierre Serafini gewonnen, domadder gouf en och éischten Letzebuerger.

    Grouss Iwwerraschungen em den Titel sinn ausbliwwen an d'Favoriten haten um Enn d'Nues fir. Bei den Hären heescht den néien Champion Thierry Hübsch, a bei den Dammen war den Titel fir d'Sandra Huberty.


    Um Enn vum Joer gett wéi gewinnt e Bilan gezunn, ma sou och bei der FLA. Den Präsident Claude Haagen kuckt op eng lang an flott Saison zréck.
    CUT 1
    Besonneg op d'Weltmeeschterschaft bléckt den Claude Haagen gären zréck.
    CUT 2
    Ma och fir dat nächst Joer stinn schon sou muench Zieler fir d'Athleten a fir d'Federatioun fest. Fir kennen sou Leeschtungen ze bréngen mussen d'Athleten och deementspriechend encadréiert ginn.
    CUT 3
    Gutt Resultater wéi déi vum Charline Mathias an dem Bob bertemes,  sinn dann och emmer eng Motivatioun fir déi Jonk.
    CUT 4
    Den Kallenner vun der FLA ass dann och ëmmer gutt gefëllt.
    CUT 5
    Lafen gëtt ëmmer méi populär, ma och do wëll d'FLA weider drun schaffen fir méi Lizenzéiert Leefer ze kréien.
    CUT
     




    0 min
  • Sprint , 17/12/2015 18:20
    De leschten Mount war rëm sou munches lass an der Liichtathletik. D'Jana Peters an den Jeff Kettenmeyer verroden Iech wien neien Lëtzebuerger Champion am Trail ginn ass an maache mam Präsident vun der FLA den Resumé vum Joer 2015.
    0 min

About RTL - Sprint

From the publisher's feed

De Magasinn vun der Lëtzebuerger Liichtathletikfederatioun.

More shows like RTL - Sprint

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners