RTL - BicherLies

RTL - BicherLies

By RTL Radio LëtzebuergArtsBooks
Download on the App Store

RTL - BicherLies episodes

  • 29. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Tomas Bjørnstad (Nico Helminger), 13/11/2024
    An dëser Episode vun der RTL BicherLies hunn d'Bea Kneip an de Jérôme Jaminet eigentlech 2 Invitéeën: Den Nico Helminger a säin Heteronym Tomas Bjørnstad

    2018 ass de Gedichtband "Fjorde" erauskomm, geschriwwen vun engem gewëssen Tomas Bjørnstad, engem bis dato onbekannten Auteur mat norwegesche Wuerzelen. Eréischt no 4 Joer an zwee weidere Bicher gouf bekannt dass den Tomas Bjørnstad en Heteronym vum Nico Helminger ass. (En Heteronym ass eng Form vu Pseudonym, an der net just e fiktiven Numm, mä eng ganz Schrëftstellerperséinlechkeet mat enger eegener fiktiver Biografie geschafe gëtt) 
    Säin neitstent Buch "Die Verlorenen" ass e Roadmovie, d'Dréibuch vun engem Film Noir an dem zwee Optragskiller, déi och nach op deeselwechte Virnumm (Roy) lauschteren, sech op der Sich no hirem Affer durch d'Paräisser Banlieue schloen woubäi se fläisseg Gin becheren an och schon emol en Ëmwee iwwer Disneyland a Kaf huelen. Begleet gi se vu Mierschwéngercher déi dann och nach d'Haaptroll an engem Mäerche spillen...Am Interview erzielt den Nico Helminger wéi d'Figur vum Tomas Bjørnstad eigentlech entstanen ass. Ausserdem geet et ëm onerwaarte Begéignungen, verschwonne Buchstawen an natierlech...ëm Mierschwéngercher.
    40 min
  • 28. Schrëftsteller am "Kräizverhéier": De Jean Schoos, 26/06/2024
    "Gudde Gendaarm - béise Gendaarm" Mat "Attentat", dem 5ten a leschte Fall fir de Sûreté-Offizéier René Fischbach, geet déi beléifte Krimi-Serie op en Enn.

    1983. De Fischbach ass zënter 20 Joer am Déngscht an huet de Rang vum Majouer erreecht. Säin Idealismus ass am Laf vun de Joren allerdengs op der Streck bliwwen. En Attentat, eng Erpressung, an, net zulescht, eng Läich am Stauséi, stëppelen awer säi Virwëtz. War deen Doudegen mam Cric um Fouss wierklech just en harmlosen däitsche Journalist deen e  Buch iwwer d'Lëtzebuerger Schwäiz schreiwe wollt? Bei senger Enquête stéisst de Fischbach nees op säin éiwege Géigespiller, de Lacaf, an den Dickweiler Krees ass natierlech och net wäit. Mä de Fischbach beweegt sech op dënnem Äis...
    An dëser Episode vum Podcast RTL BicherLies enquêtéieren de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip an natierlech huelen si den Haaptverdächtegen, den Auteur Jean Schoos, an d'Kräizverhéier! Hie verréit hinnen wou seng Faszinatioun fir Krimien hirkënnt, wéi ee Konzept hannert der Serie "Gudde Gendaarm - béise Gendaarm" stécht, an wat hien als nächst schreiwe wëll, elo wou den Dossier Fischbach ofgeschloss ass. 

    Iwwer dës Bicher an Auteuren gëtt soss nach am Podcast geschwat:
    D'Maj Sjöwall (1935-2020) an de Per Wahlöo (1926-1975) waren eng schwedesch Schrëftsteller-Koppel déi als Pionéier vum skandinavesche Krimi gëllen. Hire Roman-Zyklus an 10 Bänn dréit den Titel: "Roman über ein Verbrechen".
    Och den US-amerikanesche Schrëftsteller Ed McBain (1926-2005) gehéiert zu de grousse Virbiller vum Jean Schoos.
    Den Horst Bosetzky huet seng Krimien deelweis ënnert dem Pseudonym "-ky" geschriwwen
    Orlando Figes: "Krimkrieg. Der letzte Kreuzzug" (Berlin Verlag, 2011)
    Herfried Münkler: "Welt in Aufruhr: Die Ordnung der Mächte im 21.Jahrhundert"  (Rowohlt Berlin 2023)
    Christopher R.Browning: "Ordinary Men: Reserve Police Battalion 101 and the Final Solution in Poland" (Harper Perennial, 1998)
    44 min
  • 27. Weltbibliothéik: Ganz no bei eis: Literatur aus Holland a Flandern, 29/04/2024
    An hirer Weltbibliothéik waren de Jérôme an d'Bea schon a Mëttelamerika, a Kanada oder am Myanmar. Haut geet d'Rees awer net ganz esou wäit!

    Ënnert dem Motto „Alles außer flach“ waren Holland a Flandern dëst Joer Gaaschtland op der Leipziger Buchmesse. Grond genuch fir eis zwee BicherLieser sech mat der Literatur aus Benelux auserneenzesetzen! A si waren hellop begeeschtert. Net nëmme Klassiker wéi de Cees Noteboom oder de Jeroen Brouwers hunn et hinnen ugedoen, mä och zäitgenëssesch Auteuren wéi de Gerbrand Bakker, d'Lize Spit oder d'Gaea Schoeters.
    An: de Gijs Wilbrink dee mat sengem Débutroman "Tiere" direkt den Duerchbroch gepackt huet an deen dem Jérôme an dem Bea en Interview ginn huet. Hie verréit ënner anerem wat et mat der misteriéiser Regioun "Achterhoek" op sech huet a firwat de Vincent Van Gogh fir hien esou eppes wéi eng Punk-Ikon ass.


    Iwwer dës Bicher gëtt geschwat:

    "Tiere" Gijs Wilbrink (Ullstein)
    "Der Sohn des Friseurs" Gerbrand Bakker
    "Kontur eines Lebens" Jaap Robben
    "Der ehrliche Finder" Lize Spit
    "Trophäe" Gaea Schoeters
    "Angerichtet" (Het Diner) Herman Koch
    "Was man sät" Marieke Lucas Rijneveld
    „Alles außer flach“ (divers) Essays über aktuelle Literatur aus den Niederlanden und Flandern
    30 min
  • 26. Am Kräizverhéier: d'Schrëftstellerin Fabienne Faust, 18/02/2024
    De Jérôme an d'Bea ënnerhalen sech mat hir iwwer hirt neit Buch "Die Häuser von drüben",e Band mat Kuerzgeschichten op Däitsch.

    D'Fabienne Faust huet sech bis elo éischter en Numm als Lyrikerin gemaach, an dat a verschiddene Sproochen. Mat "Tu veux danser" (éditions Phi 2014) oder "Hier - ein Fehlen" (éditions Phi 2020) huet si sech an der Poesie-Zeen zu Lëtzebuerg etabléiert. Weider ervirzesträichen ass zum Beispill nach hir Mataarbecht um Sammelband "High Five" (Black Fountain Press 2019) zu dem si Gedichter op Englesch bäigesteiert huet. Mat hirem neitste Buch "Die Häuser von drüben" geet si op en neie Wee, et ass e Band mat Kuerzgeschichten op Däitsch. Am Interview mam Jérôme Jaminet a mam Bea Kneip erzielt si, wat si dozou inspiréiert huet, a firwat de Bléck aus der Fënster an op "Die Häuser von drüben" fir si esou wichteg ass.
    "Die Häuser von drüben" vun der Fabienne Faust ass bei den éditions Phi erauskomm
    D'Kuerzgeschicht "Summer Flakes" vun der Fabienne Faust ass am Recueil "Solarpunk" enthalen, erauskomm bei "Aner Welten"
    27 min
  • 25. Weltbibliothéik: Literatur aus Slowenien, 14/12/2023
    2023 war Slowenien Gaaschtland op der Frankfurter Buchmesse. De Jérôme an d'Bea hu sech an déi slowenesch Literatur eragelies

    "A Honeycomb of Words" oder "Waben der Worte" dat war de Motto vun der slowenescher Präsenz zu Frankfurt. An hirer Präsentatioun erklären d'Organisateuren dat esou:"So wie de Bienen - angesichts ihrer Größe- unermesslich weit in die Welt hinausfliegen, um mit einem Tropfen Nektar und einem Pollenkorn heimzukehren, so kamen auch verschiedene kulturelle, künstlerische und intellektuelle Einflüsse in die slowenische Sprache und die slowenische Kultur...So entstand eine Kultur, die die europäische Vielfalt widerspiegelt und zugleich einzigartig und originell ist. Es ist eine eigenständige Zelle, die weiß, dass sie ihre Existenz und Entwicklung der Eingebundenheit in die Wabe der Menschheit verdankt."
    Slowenien ass e klengt Land, mat ronn 2 Milliounen Awunner. Dass seng Literatur awer alles anescht wéi kleng ass, dovu konnten de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech iwwerzegen. Si hu Bicher vu prominente sloweneschen Auteuren wéi dem Drago Jančar, der Mojca Kumerdej an dem Aleš Šteger gelies a sech mat der Katja Stergar (Directrice vun der slowenescher Buchagence) souwéi der amerikanesch-slowenescher Autorin Erica Johnson Debeljak ënnerhalen. A si hunn och e puer slowenesch Spezialitéiten dégustéiert!

    Iwwer dës Bicher gëtt am Podcast geschwat:
    "Als die Welt entstand" Drago Jančar
    "Unter die Oberfläche" Mojca Kumerdej
    "Das Lachen der Götter" Aleš Šteger
    "Verliebt, verheiratet, verwitwet, verhurt" Erica Johnson Debeljak (S.Marix Verlag)
    "Die Wilden und die Eleganten - Neue Literatur aus Slowenien" zusammengestellt von Aleš Šteger (Die Horen, Zeitschrift für Literatur, Kunst und Kritik, Nummer 291) Wallstein Verlag
    33 min
  • 24. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Jean Back, 24/10/2023
    Mat "Nuebelschnéier" huet de Jean Back e ganz perséinlechen Erzielband erausbruecht.

    "Nuebelschnéier", dat sinn zwou Kuerzgeschichten an e Kapitel mat Textfragmenter déi op den éischte Bléck näischt mateneen ze dinn hunn, déi awer all iergendwéi zesummenhänken.
    "De Firmi" gëtt aus der Siicht vun engem klenge Jong erzielt, deen an enger Psychiatrie ass, well e vu senger Mamm mësshandelt gouf. Trotzdeem wënscht en sech näischt méi wéi nees bei si ze kommen.
    "De wäissen Tiger" spillt an engem Altersheem. Den Enkel, dee seng Bom regelméisseg do besicht, fënnt no an no méi iwwert hier Jugendzäit eraus a léiert déi eeler Damm vun enger ganz anerer Säit kennen.
    An "Ze déif a d'Gewan gekuckt - 20 Glieser an e puer Schierbelen" verschafft de Jean Back den Doud vu senger Mamm, déi viru kuerzem am Alter vun 93 Joer gestuerwen ass.
    Am Interview mat de "BicherLieser" Jérôme Jaminet a Bea Kneip verréit de Jean Back wéi en duerch de Roger Manderscheid un d'Schreiwe komm ass, hien erzielt vun enger Schoulaufgab déi him, Joren duerno, e wichtege Literaturpräis abruecht huet an hie geet op dee schwierege Prozess vun der Trauer ëm seng Mamm an.

    De Jean Back, Joergang 1953, schreift op Däitsch an op Lëtzebuergesch. Mat "Wollekestol" huet hien 2003 säin éischte Roman bei den Editions ultimomondo erausbruecht. Fir seng Novelle "Amateur" gouf hien 2010 mam European Prize for Literature ausgezeechent. Nieft der Literatur interesséiert sech de Jean Back och fir Molerei, Fotografie a Film. Vun 1989 bis 2015 war hien Direkter vum Centre National de l'Audiovisuel (CNA) zu Diddeleng.
    "Nuebelschnéier" vum Jean Back ass bei Kremart Edition erauskomm.
    38 min
  • Weltbibliothéik: Literatur aus Spuenien, 20/09/2023
    Méi wéi Stéierkampf a Sangria: De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip maachen en Tour iwwer déi iberesch Hallefinsel

    Iwwer dës Bicher gëtt am Podcast geschwat:

    "Tage ohne Cecilia" Antonio Muñoz Molina
    "Die Mauersegler" Fernando Aramburu
    "Die Reise nach Ordesa" Manuel Vilas
    "Mein Herz so weiß" Javier Marías
    "Mitten im Sommer" Ana Iris Simón
    "Geliebte und Feinde" Rosa Montero
    "Das Schweigen des Sammlers" Jaume Cabré
    "Singe ich, tanzen die Berge" Irene Solà
    "Juan Belmonte. Stiertöter" Manuel Chaves Nogales

    Am Interview: d'Journalistin a Schrëftstellerin Rosa Montero
    36 min
  • 22. De Pit Hoerold schreift Gedichter géint de Krich, 20/07/2023
    A sengem neie Gedichtband "Das Karussell von Odessa" beschäftegt de Pit Hoerold sech mam Krich an der Ukraine.

    D'Situatioun tëscht der Ukraine a Russland hat hie scho laang virum 24ste Februar 2022 am Bléck. Wéi de Krich dunn ausgebrach ass, war et dem gebiertege Beetebuerger wichteg, sech och literaresch domat ausenaner ze setzen.

    De Pit Hoerold ass net nëmme Lyriker, mä och Museker, Auteur vu Kannerbicher, an hien ass ee vun de Pappen vum Prix Laurence, bei dem all Joers jonk Auteuren tëscht 12 a 26 Joer hir Texter areeche kënnen. Haaptberufflech huet hie sech mat Publicitéit beschäftegt, a senger Fräizäit ass hien e passionnéierte Velosfuerer. Iwwer all dat, an nach villes méi huet hien sech mam Jérôme Jaminet a mam Bea Kneip fir hiere literaresche Podcast "RTL BicherLies" ënnerhalen
    41 min
  • 21.Am Kräizverhéier: D'Margret Steckel, Laureatin vum Batty-Weber-Präis, 03/06/2023
    Si huet 15 Bicher verëffentlecht, 1997 krut si de Servais-Präis an elo de Batty-Weber-Präis

    D'Margret Steckel, déi 1934 a Mecklenburg gebuer ass, 1955 d'DDR verlooss huet, an zënter 1983 zu Lëtzebuerg lieft, verschafft an hiere Bicher déi ënnerschiddlechst Themen. Vum Polit-Skandal iwwer Kandheetserënnerungen bis zu engem grousse Roman iwwer d'Famill Servais. Si huet villes z'erzielen an si mécht dat esou spannend dass de Jérôme an d'Bea doriwwer bal d'Zäit vergiessen!

    Iwwer dës Bicher gëtt am Podcast geschwat:
    Vun der Margret Steckel:
    "Aus-Weg-Los" (Erzählung) Lambda, Hamburg 1989
    "Nie wieder nirgendwo" 1993
    "Der Letzte vom bayrischen Platz" éditions Phi 1996
    "Die Träne aus der Wand" Neuer Hochschulschriftenverlag, Rostock 2000
    "Die Schauspielerin und ich" éditions Phi 2003
    "Servais, Roman einer Familie" éditions Guy Binsfeld 2010
    "Ins Licht sehen" (Erzählungen) capybarabooks 2016
    "Jette, Jakob und die andern" capybarabooks 2017
    "Daisy Fiedler" capybarabooks 2021
    "Meine Sprache, mein Farbkasten - Rede zur Literatur 08" CNL 2021

    Vun aneren Auteuren:
    "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" Elise Schmit, Hydre éditions
    "Ein Wort in Esels Ohr" Jérôme Jaminet, capybarabooks
    45 min
  • 20. Weltbibliothéik: Literatur aus Eisterräich, 22/04/2023
    Eisterräich ass dëst Joer Gaaschtland op der Leipziger Buchmesse vum 27sten bis den 30sten Abrëll.

    Grond genuch fir eis RTL-BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip fir sech mat der Literatur aus der Alperepublik ze beschäftegen! De Jérôme huet sech souguer druginn, fir de Motto vun der éisterräichescher Präsenz zu Leipzig op déi richteg éisterräichesch Manéier auszeschwätzen. "meaoiswiamia", dat ass guer net esou einfach!
    Wat sech hannert dem Motto verstoppt, wéi et dem Verlagswiesen an Eisterräich geet, a wéi eng Auteuren an Auteurinnen aus der Alperepublik een op kee Fall verpasse sollt, doriwwer hunn d'Bea an Jérôme sech natierlech och mat der Katja Gasser ënnerhalen.
    Ausserdeem hu si mat der Helena Adler, enger vun den aktuell erfollegräichste éisterräichesche Schrëftstellerinnen, iwwer hieren neie Roman "Fretten" geschwat, si diskutéieren iwwer dem Michael Köhlmeier seng Roadnovel "Frankie" an si hunn natierlech nach eng ganz Rëtsch Lies-Tipps mat am Gepäck!
    36 min

About RTL - BicherLies

From the publisher's feed

Ee Bicher-Podcast an deem Lëtzebuerger Bicher, an déi international Aktualitéit, am Mëttelpunkt stinn.

More shows like RTL - BicherLies

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners