RTL - BicherLies

RTL - BicherLies

By RTL Radio LëtzebuergArtsBooks
Download on the App Store

RTL - BicherLies episodes

  • 19. De Volker Kutscher, Auteur vun de Gereon Rath Romaner, 02/02/2023
    Dem Volker Kutscher seng Krimiserie ass d'Romanvirlag fir d'ARD Kultserie "Babylon Berlin"

    Zënter 2017 leeft d'Krimi-Serie Babylon Berlin op der ARD an ass mëttelweil scho richteg Kult ginn. D'Tele-Serie baséiert op de Romaner vum Volker Kutscher.
    De Kommissar Gereon Rath léist am Berlin vun den 1920er an 1930er Joren Mordfäll op.

    Mat "Transatlantik" ass viru kuerzem den 9te Band vun der Serie erauskomm, an den Auteur Volker Kutscher ass en Dënschdeg 7te Februar 2023 an der Cité Bibliothéik an der Stad op Besuch. Grond genuch fir eis RTL-BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip fir sech duerch seng Bicher ze schmökeren an natierlech och en Interview mam Volker Kutscher ze maachen.

    A wann Dir elo virwëtzeg sidd an Iech e bësse méi erziele loosse wëllt, da kënnt Dir Iech fir d'Liesung mam Volker Kutscher umellen, am beschte per Mail op [email protected]. D'Evenement gëtt vum Institut Pierre Werner an Zesummenaarbecht mat der Cité Bibliothéik organiséiert.
    36 min
  • 18. Jugendliteratur zu Lëtzebuerg, 30/12/2022
    De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip ënnerhalen sech mam Roland Meyer, Anja Di Bartolomeo a Claudine Muno

    Jugendbicher ginn der hei zu Lëtzebuerg net vill geschriwwen. Wann der an enger Saison 3 beieneen erauskommen, ass et also sécher derwäert, fir déi Bicher an hir Auteure virzestellen!
    Am neitsten Episode vum literaresche Podcast RTL BicherLies ënnerhalen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech mam Roland Meyer, mam Anja Di Bartolomeo a mam Claudine Muno. Hir Bicher schwätze ganz ënnerschiddlech Themen un, vum Klimawandel iwwer mental Problemer, häuslech Gewalt, d'Pandemie bis bei d'Sich no der eegener Identitéit. Am Gespréich geet et awer net just ëm d'Bicher u sech, mä och ëm d'Situatioun vun de Jonken am allgemengen.
    Net vergiess ass och d'Fro: Liesen déi Jonk iwwerhaapt?
    3 cool Bicher ginn op alle Fall am Podcast virgestallt, an och d'Auteure selwer hunn e puer Buchtipps matbruecht.

    "Koma 21" vum Anja Di Bartolomeo ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm
    "Dëst ass net däi Liewen" vum Claudine Muno ass bei Op der Lay erauskomm
    "Leandro" vum Roland Meyer ass bei capybarabooks erauskomm
    1 hr 10 min
  • 17. Am Kräizverhéier: D'Fabienne Hollwege, 27/11/2022
    D'Schrëftstellerin an Actrice schwätzt iwwer hiert Buch "To LIVE heißt Leben und LIEBE heißt Love"

    Hiert neit Buch "To LIVE heißt Leben und LIEBE heißt Love" ass e Gesamtkonschtwierk an dem d'Fabienne Hollwege nieft Gedichter a Prosatexter och mat Zeechnungen, Fotoen a Collagë schafft. A mat Musek, well et läit och eng CD mat eegene Lidder a vertounte Gedichter dobäi.
    Am Interview verréit d'Fabienne Hollwege wéi si hir Lieweserfahrung als Fra, Mamm a Kënschtlerin am Buch verschafft huet, wéi komplex d'Zesummenaarbecht mat ville verschiddene Kënschtler-Kollegen fir dëse Projet war a wéi eng Bicher si an der Lescht am meeschte beandrockt hunn.
    37 min
  • 16. Weltbibliothéik: D'Literatur aus der Ukraine, 29/10/2022
    An dëser Episod vun der RTL BicherLies schwätzen de Jérôme an d'Bea iwwer Bicher vun ukraineschen Auteur(innen)

    Et ass derwäert, sech an déi ukrainesch Literatur eranzeliesen! Dat ass de Fazit vum Jérôme Jaminet a vum Bea Kneip, nodeems si sech mat de Wierker vun engem Serhij Zhadan, Tanja Maljartschuk oder Andrej Kurkow beschäftegt hunn. An op der Frankfurter Buchmesse konnten si suguer en Interview mam Andrej Kurkow, dem Auteur vu "Graue Bienen", a ganz rezent op Däitsch iwwersat, "Samson und Nadjeschda" ophuelen! Ausserdeem sinn si 3 ganz engagéierten Damme begéint, déi matgehollef hunn tëscht Mäerz an Abrëll vun dësem Joer eng ukrainesch Bibliothéik am Rollengergronn op d'Been gesat hunn.
    46 min
  • 15. Willkommen im Technozän!, 08/09/2022
    Dës Gespréichsronn déi den 2te Mee 2022 am Kader vum Beetebuerger Litera-Tour opgezeechent gouf, beschäftegt sech mam Thema kënschtlech Intelligenz.

    Kënschtlech Intelligenz ass eent vun de groussen Theme vun eiser Zäit. Eng generell kënschtlech Intelligenz oder mënschenähnlech Roboteren wéi se dacks am Film oder an der Literatur beschriwwe ginn, si wuel nach Zukunftsmusek, mä Algorithmen verstoppen sech bal an all Eck vun eisem deegleche Liewen. An engem fréieren Episode vun eiser RTL BicherLies hate mir d'Thema KI an der Literatur schonn opgegraff, a genee dat Thema hunn de Jérôme Jaminet an ech an enger Gespréichsronn verdéift, déi am Kader vun der traditioneller Beetebuerger Litera-Tour an der europäescher Kulturhaaptstad Esch 2022 organiséiert gouf. Den 2te Mee hate mir eis dofir 3 Kl-Koryphäen an de Magic Mirror zu Beetebuerg agelueden.
    Déi éisterräichesch Schrëftstellerin Raphaela Edelbauer huet fir hire Roman "Dave" dee vun der Konstruktioun vun enger genereller KI erzielt, den éisterräichesche Buchpräis gewonnen. Den däitschen Auteur Dietmar Dath schreift a "Venus siegt" vun enger Mënschheet déi sech um Planéit Venus néiergelooss huet, an do mat Robotoren an onofhängege kënschtlechen Intelligenzen zesummelieft. An de Lëtzebuerger KI-Spezialist Maxime Allard setzt dës Fiktiounen fir eis an de Kontext. Wat ass elo scho machbar, wat ass realistesch a wéi eng praktesch an ethesch Froen ginn doduerch opgeworf? Am Gespréich dat Dir hei nach eng Kéier lauschtere kënnt, geet et ënner anerem ëm Autoen déi ouni Chauffeur fueren, ëm Smarthomes a Sexroboteren. D'RTL BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip heeschen Iech domat "Willkommen im Technozän"!
    2 hr 1 min
  • 14. De Bachmannpräis 2022, 11/07/2022
    Ausgangs Juni waren zu Klagenfurt an Eisterräich déi 46st "Tage der deutschsprachigen Literatur". Den RTL-Bicher-Lieser Jérôme Jaminet war dobäi.

    14 Schrëftsteller a Schrëftstellerinne waren invitéiert fir aus hiren Texter ze liesen, an der Hoffnung dee mat 25000€ dotéierten Ingeborg-Bachmann-Präis ze gewannen. Wien den Haaptpräis gewonnen huet a wéi eng Texter mat engem vun deenen anere Präisser belount goufen, doriwwer ënnerhalen sech de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip an der neister Episode vun der RTL BicherLies. Dass déi 7 Jurysmemberen net ëmmer enger Meenung waren a mat Momenter nawel zolitt gestridde gouf, wéi eng Texter aus dëse Sträitgespréicher als Gewënner ervirgaange sinn, a wat déi eenzel Schrëftsteller(innen) sech esou alles afale gelooss hunn fir d'Jury ze beandrocken (mat emol méi an emol manner Erfolleg) ... alles dat gitt Dir am Podcast gewuer!

    Iwwer dës Texter geet am Podcast rieds:

    Leon Engler „Liste der Dinge, die nicht so sind, wie sie sein sollten“

    Elias Hirschl „Staublunge“

    Juan Guse „Im Falle des Druckabfalls“

    Alexandru Bulucz „Einige Landesgrenzen weiter östlich, von hier aus gesehen“

    Ana Marwan „Wechselkröte“

    All dës Texter fënnt een um Site vum Bachmannpräis: bachmannpreis.orf.at

    Den Débutroman vun der Anna Marwan heescht "Der Kreis des Weberknechts" (Otto Müller Verlag, Salzburg)
    33 min
  • 13."Das blaue Sofa" kënnt op Lëtzebuerg!, 08/06/2022
    An hirem Podcast RTL BicherLies verrooden de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip, wien den 13te Juni op dem legendäre bloe Canapé Plaz huelen däerf.

    Wie schon emol zu Frankfurt oder Leipzig op der Buchmesse war, konnt dat Miwwelstéck net iwwersinn: Das blaue Sofa. Op dem bloe Canapé hunn a méi wéi 20 Joer méi wéi 3000 Schrëftsteller a Schrëftstellerinne Plaz geholl, dorënner vill Nobelpräislaureaten an aner bekannte Perséinlechkeeten. Den nächste Méindeg gëtt dat legendäert Miwwel fir een Owend an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg installéiert. Grond genuch fir eis RTL-BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip fir an der neitster Episod vun hierem Podcast dee bloe Canapé an de Mëttelpunkt ze stellen.

    Bertelsmann an Zesummenaarbecht mat der Nationalbibliothéik invitéieren op en eemolege literareschen Owend mat 4 Schrëftsteller(innen) aus 3 Länner. D'Jenny Erpenbeck, 1967 zu Ost-Berlin gebuer, ënnerhält sech mam Jérôme Jaminet iwwer hiere Roman "Kairos". Invitéiert ass och den éisterräichesche Buchpräis-Gewënner vun 2018, den Daniel Wisser, deen aus sengem Erzielband "Die erfundene Frau" virliest. D'Lëtzebuergerin Julia Holbe, der hieren éischte Roman "Unsere glücklichen Tage" direkt e Bestseller ginn ass, präsentéiert hiert zweet Buch "Boy meets Girl". An de Samuel Hamen, Literaturkritiker a Schrëftsteller, hëllt eis mat an d'Ënnerwaasser-Welt mat sengem Buch "Quallen". Dës Gespréicher gi vun der Susanne Biedenkopf (ZDF) a vum Michael Sahr (ZDF) moderéiert.
    Wie wëll dobäi sinn, dee soll sech de Méindeg 13te Juni um 19 Auer an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg als Rendez-vous verhalen. D'Entrée ass gratis, et muss een sech awer umellen. Gratis Ticketen fënnt een op www.tickettailor.com (De Link ass ze fannen um Site vun der Nationalbibliothéik www.bnl.lu)
    23 min
  • 12. Den Nobelpräis-Laureat Abdulrazak Gurnah am Interview, 30/03/2022
    An dëser Episode beschäftegen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech mam Wierk vum Abdulrazak Gurnah, dem Gewënner vum Literatur Nobelpräis 2021

    Den Abdulrazak Gurnah, 1948 am Sultanat Sansibar gebuer, lieft a schafft zënter de 60er Joren a Groussbritannien. Hien ass Professer fir englesch a postkolonial Literatur un der University of Kent. 2021 gouf him den Nobelpräis fir Literatur zouerkannt. Seng Wierker waren zu dem Zäitpunkt nach net all op Däitsch iwwersat, an déi déi schonn iwwersat waren, waren dacks vergraff. Elo sinn 2 vu senge Romaner nei op Däitsch erauskomm. De Jérôme an d'Bea hu se gelies, an si hate souguer d'Gelegenheet fir sech mam Auteur doriwwer z'ënnerhalen.
    23 min
  • 11. Weltbibliothéik: D'Literatur vun de Philippinnen, 27/02/2022
    Méi wéi 7000 Inselen an iwwer 100 Milliounen Awunner, dat sinn d'Philippinnen.

    D'Bevëlkerung setzt sech aus ville verschiddenen Ethnien zesummen, an et ginn e sëlleche Sprooche geschwat. Déi geographesch Distanz vu ronn 10.000 Kilometer iwwerbrécken eis RTL Bicher-Lieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip wéi gewinnt, mat Hëllef vun der Literatur. Dofir hu si sech net nëmmen a Bicher vun de Philippinne verdéiwt, mä si hu sech och mat Experten ënnerhalen, deenen si um philippinesche Stand op der Frankfurter Buchmesse begéint sinn. De Jérôme huet sech souguer mat philippinesche Sprachwierder beschäftegt!
    Ausserdeem gidd Dir gewuer wien oder wat den "Tikbalang" ass, an et ginn et och nees eng ganz Rëtsch Buchtipps, vu Klassiker iwwer zäitgenëssesch Literatur, bis bei Kannerbicher a Graphic Novels. Souguer eng philippinesch Netflix-Serie kënnen de Jérôme an d'Bea Iech recommandéieren.
    29 min
  • 10. Am Kräizverhéier: d'Schrëftstellerin Nora Wagener, 29/01/2022
    An der «RTL BicherLies» hunn de Jérôme Jaminet an d’Bea Kneip dës Kéier déi jonk Schrëftstellerin a Servais-Laureatin vun 2017, Nora Wagener op Besuch.

    Si ënnerhalen sech, dës Kéier am virtuelle Studio, mat hir iwwer hiren neie Kuerzgeschichteband «Was habe ich verpasst» dee bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm ass.
    No engem Ausfluch an d’Welt vum Roman leet d’Nora Wagener mat hirem neie Buch «Was habe ich verpasst» nees eng Sammlung vun 12 Kuerzgeschichte vir, an deenen d’Protagonisten d’Liewen einfach esou laanscht sech lafe loossen, ouni et wierklech richteg an d’Hand ze huelen. Kuerzgeschichte si jo d’Spezialitéit vun der jonker Autorin

    Wéi e Buchtipp d’Nora Wagener matbruecht huet, wéi si d'Literaturkritik zu Lëtzebuerg gesäit a wat et mat hirer «China Connection» op sech huet, dës an eng ganz Rëtsch weider Froen ginn an der RTL BicherLies beäntwert.
    26 min

About RTL - BicherLies

From the publisher's feed

Ee Bicher-Podcast an deem Lëtzebuerger Bicher, an déi international Aktualitéit, am Mëttelpunkt stinn.

More shows like RTL - BicherLies

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners