RTL - BicherLies

RTL - BicherLies

By RTL Radio LëtzebuergArtsBooks
Download on the App Store

RTL - BicherLies episodes

  • 9. Am Kräizverhéier: D'Lyrikerin Ulrike Bail, 06/12/2021
    2020 huet si de Concours Littéraire gewonnen, 2021 krut si de Prix Servais. De Jérome Jaminet an d'Bea Kneip huelen d'Ulrike Bail an d'Kräizverhéier.

    Gëtt haut iwwerhaapt nach Poesie gelies? A wéi soll een als Lieser un e Gedichtband erugoen? Doriwwer ënnerhalen sech de Jérôme an d'Bea mat der Lyrikerin a Servais-Laureatin Ulrike Bail. Ausserdeem schwätze si iwwert den neie Gedichtband "statt einer ankunft" (mam Manuskript vun dësem Gedichtband huet d'Ulrike Bail 2020 den nationale Literaturconcours gewonnen) an d'Lyrikerin erzielt wéi si d'Inspiratioun fir hir Gedichter op...Busarrêten fonnt huet.
    35 min
  • 8. D'Thema kënschtlech Intelligenz an der Literatur, 30/10/2021
    Am Interview: De KI-Expert Maxime Allard an de Journalist a Schrëftsteller Dietmar Dath

    Roboteren a kënschtlech Intelligenzen si scho laang en Thema a Filmer a Bicher. De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip setzen sech an der neitster Episode vun der RTL BicherLies mat zwee rezente Bicher zu dem Thema auserneen an diskutéiere mam Schrëftsteller a Journalist Dietmar Dath. A si loosse sech vun engem Expert erklären wéi realistesch esou Duerstellunge sinn.
    Iwwer dës Bicher gëtt diskutéiert:
    Kazuo Ishiguro: "Klara und die Sonne" , Blessing Verlag (Originaltitel: Klara and the Sun)
    Ian McEwan: "Maschinen wie ich" (Machines like me)
    Dietmar Dath: "Gentzen oder: Betrunken aufräumen" Verlag Matthes Seitz Berlin
    23 min
  • D'Welt vun der Literatur bei Iech doheem, 16/09/2021
    7. Am Kräizverhéier: De Francis Kirps

    De Francis Kirps huet 2020 fir säin Erzielband "Die Mutationen" direkt 2 wichteg Literaturpräisser gewonnen: De Servais-Präis, mä och den europäesche Literaturpräis EUPL. An der RTL BicherLies geet et awer ëm säin neiststent Buch.
    "Eber im Nebel - von Tieren und anderen Verwandten" sou de kompletten Titel. An do geet et ëm politesch engagéiert Dinosaurier, ugrëffeg Villercher, mutéiert Mais a kultivéiert Insekten. Dernieft kënnt och eng Galapagos -Deckelsmouk zu Wuert an e gespenstesche Stand-Up Comedian dreift säin Onwiesen. Mä och wann dem Francis Kirps seng Protagoniste meeschtens Déieren oder op d'mannst iwwernatierlech Wiese sinn, geet et letztendlech dach ëm d'Mënschen. De Francis Kirps léisst sech vum Jérôme Jaminet a vum Bea Kneip e Lach an de Bauch froen. Ausserdeem huet hien nach e Buchtipp matbruecht, hie setzt sech kritesch mam Bachmann-Präis auserneen an en erzielt, wéini a wou déi nächste Liesunge geplangt sinn. Zum Beispill den 22ste September 2021 an der Nationalbibliothéik, wou en sech der nationaler an internationaler Literaturkritik stellt.
    43 min
  • 6. Am Kräizverhéier: Den Auteur a Museker Luc François, 04/08/2021
    Science Fiction ass d'Thema vum neisten Episode vun eisem Podcast "RTL BicherLies". De Luc François schwätzt iwwer säin neie Roman "Ikaria"

    "Ikaria" ass net nëmmen e Roman, mä oc e Concept-Album vun der Band Mindpatrol. De Sänger vu Mindpatrol, de Luc François, huet net fir d'éischt e "Roman zum Album" geschriwwen. Och bei sengem vireschte Roman "Vulture City" gëtt et en Album vu Mindpatrol. Net nëmmen dat, mä "Vulture City" an Ikaria" hänken och thematesch zesummen. Wat dat bedeit, erklärt de Luc François am Interview. Ausserdeem erzielt hien, wéi hien haut op säin éischte Roman "Der Dämon der Monde" zeréckkuckt, deen hien am Alter vun 13 Joer geschriwwen huet, a wéi ee Buch hien als Liestipp mat an d'RTL BicherLies bréngt. An e gëtt natierlech vum Jérôme a vum Bea an d'Kräizverhéier geholl.
    33 min
  • D'Welt vun der Literatur bei Iech doheem, 27/06/2021
    5. En neie Berlin-Roman mam Titel "Arbeit" a Literatur aus dem Québec

    De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip huelen Iech nees mat op d'Rees. Dës Kéier geet et no engem Tëschestopp zu Berlin weider iwwert de grousse Pull a Kanada.
    Als "Buch vun der Stonn" hunn de Jérôme an d'Bea de Roman "Arbeit" vum Thorsten Nagelschmidt erausgesicht, den an enger Mäerz-Nuecht zu Berlin spillt.
    An hirer "Weltbibliothéik" zitt et si dës Kéier a Kanada, méi genee an de franséischsproochegen Deel, also de Québec. Si hu sech an d'quebecesch Literatur eragelies, a sech awer och vun engem Expert berode gelooss. De Sébastien Lefebvre vun der ANEL (Association nationale des éditeurs de livres/Québec éditions) erzielt hinne wéi eng Auteuren et derwäert sinn, dass een sech méi genee mat hinne beschäftegt.
    37 min
  • D'Welt vun der Literatur bei Iech doheem, 11/05/2021
    4. Am Kräizverhéier: D'Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux

    Invitée an der RTL BicherLies ass haut d’Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux . Mat „Subridere, un aller simple“ hat si 2017 en éischte Roman virgeluecht an dem eng erfollegräich jonk Affekotin stënterlech decidéiert alles stoen a leien ze loossen, an en Zuch op Paräis ze huelen. An hirem neie Roman mam Titel „Le Chesterfield du cinquième“ schléit si méi optimistesch Téin un. Am Mëttelpunkt steet d’Frëndschaft tëscht zwee ongläiche Personnagen, deem jonke Luka a sengem Noper vum fënnefte Stack. D’Nathalie Ronvaux erzielt dem Jérôme an dem Bea vun hirem Buch, hirer Aarbecht als Vizepräsidentin vum neie Schrëftsteller-inne-Verband a si verréit wéi ee Roman si ganz besonnesch beandrockt huet.
    39 min
  • D'Welt vun der Literatur bei Iech doheem, 10/04/2021
    3. Bicher aus Ägypten an aus dem Myanmar

    D'Rees geet dës Kéier a Südostasien, méi genée an de Myanmar. Um Wee fir dohinner maachen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip awer nach eng Tëschelandung an Ägypten.
    Als Buch vun der Stonn hunn si sech "Die Republik der Träumer" vum ägyptesche Schrëftsteller Alaa Al-Aswany erausgesicht. Den Auteur, deen haut zu New York am Exil lieft, war dobäi wéi 2011 op der Tharir-Plaz zu Kairo dat "arabescht Fréijoer" agelaut gouf.
    Den Dram vun der Demokratie schéngt och am Myanmar nom Militärputsch vum 1te Februar virleefeg ausgedreemt ze sinn. De Jérôme an d'Bea interesséieren sech an hirer Weltbibliotéik fir dat südostasiatescht Land a bliederen ënner anerem a Bicher vu burmeseschen Autorinnen, awer och am Roman "Tage in Burma" vum George Orwell.
    Ausserdeem hu si sech mam Fotojournalist Andreas Pröve ënnerhalen, dee scho véier mol an de Myanmar gereest ass, an dobäi eng 3000 Kilometer hannert sech bruecht huet. Am Rollstull.
    37 min
  • D'Welt vun der Literatur bei Iech doheem, 28/03/2021
    2. De Jean Beurlet (an de Jérôme Jaminet) am Kräizverhéier

    "The Pleasure of Drowning" an "Ein Wort in Esels Ohr" dat sinn d'Titelen vun deenen 2 Bicher ëm déi et an dëser Episode vun der "BicherLies" geet.
    De Jérôme Jaminet an d’Bea Kneip ginn nees an d’BicherLies! An der neitster Episode vun hirem Podcast ass de Jean Beurlet, alias Jean Bürlesk hiren Invité. Mat him ënnerhalen si sech iwwer säin Erzielband „The Pleasure of Drowning” , seng Virléift fir Fantasy a säin neit Theaterstéck mam Titel "Pas un pour me dire merci" dat am Abrëll am Escher Theater uleeft. A fir de Jérôme gëtt et eng Iwwerraschung...Well net nëmmen de Jean Beurlet gëtt an d'Kräizverhéier geholl. De Jean an d'Bea dréinen de Spiiss ëm a froen de Jérôme iwwer säin neit Buch "Ein Wort in Esels Ohr" aus.
    30 min
  • D'Welt vun der Literatur bei Iech doheem, 24/02/2021
    1. Vu Kalifornien iwwer Mexiko a Mëttelamerika nees zeréck op Lëtzebuerg

    An dëser éischter Episod vun der RTL BicherLies ënnerhalen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech mam US-amerikanesche Schrëftsteller T.C.Boyle, si interesséieren sech fir d'Literatur aus Mexiko a Mëttelamerika a si huelen den Tullio Forgiarini an d'Kräizverhéier.
    49 min

About RTL - BicherLies

From the publisher's feed

Ee Bicher-Podcast an deem Lëtzebuerger Bicher, an déi international Aktualitéit, am Mëttelpunkt stinn.

More shows like RTL - BicherLies

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners