Zwou Beobachtungen, déi op den éischte Bléck näischt mateneen ze dinn hunn: an déi nei, de 14. Oktober gewielte Chamber, goufen nëmmen 12 Fraen direkt gewielt, méi wéi 14 wäerten et der och no der Regierungsbildung net ginn. Do huet d’Fraequot net vill gehollef!
Op der anerer Säit: bei engem lokale Fest sinn net genuch Parkplazen do, déi éischt hu sech um Rand vun der Strooss hallef op den Trottoir placéiert, sou datt kee méi mat enger Kannerkutsch laanscht kéim. Dann allerdéngs dreift een et op d’Spëtzt: hie parkt net nëmmen um Trottoir, mee hien hält och nach ganz op dem Zebrasträif! Dorop ugeschwat, sot de Chauffeur just: “Wou soll ech da parken?”
Dat ass typesch: wat mat deenen aneren ass, dat ass mir egal, Haaptsaach mir geet et gutt. Dat ass e komplett falsch verstanenen Individualismus: Ech kucken no mir, wa jidderee no sech kuckt, ass jo alles ok! Dat kënnt och vun engem falsch verstanenen Liberalismus: jidderee suergt fir sech, de Staat gëtt op seng Minimalfunktiounen zréck geschnidden, wiem et méi schlecht geet, ass selwer Schold!
Kann een dem Eenzelnen lo awer all Virwërf maachen? Wann de Staat mam schlechte Beispill virgeet? Wann ee solidaresche Sozialsystem schläichend an een iwwer gefouert gëtt, wou jidderee fir säin Erfolleg a Mësserfolleg perséinlech verantwortlech gemaach gëtt. Wou e Steiersystem ëmmer méi individuell soll zougeschnidde ginn – wat ass eigentlech sou falsch drun, datt eng Koppel gemeinsam fir hir Flichte vis-à-vis vum Staat asteet? Dach nëmmen déi Tatsaach, dass nach ëmmer vill Männer – fräi nom George Orwell senger Animal Farm - Gläichberechtegung sou laang akzeptéiere, wéi si selwer méi gläich sinn! Eng Rëtsch alleng verdéngend Männer, queesch duerch all Gesellschaftsschichten, ginn hirer Fra doheem en Haushaltsgeld, an de Rescht behalen si fir sech. Ech hunn och eng Kéier héieren, wéi een op d’Iwwerleeung vu senger Fra, si bräicht eng Botzhëllef, geäntwert huet , dat wier ok, wann si dat vun hire Sue bezuele géif.
Individualismus ass Tromp, Zesummegehéiregkeetsgefill a Solidaritéit bleiwen op der Streck!
Moral an Ethik ass awer eben net nëmme fir den Eenzelnen do, mee och beim staatlechen Handelen. De Lëtzebuerger Geschäftsmodell, mat immense Wuesstemsraten, Steieroptiméierungen an Eidelsuckele vum Reservoir vun de Salariéeën an eisen Nopeschregiounen hëlt dorop keng Récksiicht. Mee mir kréien d’Rechnung lues a lues presentéiert...
Wa mir net vun deem falsch verstanenen Liberalismus an Individualismus rofkommen, net mol rëm zesumme gesinn, wat zesumme gehéiert a Solidaritéit mat deenen héich halen, deenen et méi schlecht geet an net nëmmen eisen eegene Virdeel op Käschte vun deenen anere sichen, dann hu mir keng Zukunft! Dat Bild wat mir bidden, souwuel perséinlech wéi als Gemeinschaft, ass engem Land net wierdeg, dat sou e Potential huet. Mir sollten dee Potential zum Wuel vun alle benotzen, an net nëmme vun engem Del! Dat sief de Koalitionären, déi lo e Regierungsprogramm am Aushandele sinn, an Erënnerung geruff!