Anescht wéi zB an Deitschland a Frankreich, hun déi Lëtzebuerger Protestwieler léiwer Leit ouni Ideen, wéi Leit mat schlechten Ideen gewielt. An sie hun domat och gewisen, wéi stolz se op hir Sprooch sin, déi nach nie esou gesond a lieweg war wéi haut, an dass eist Schwätzen also keng Ambulanz brauch wéi dat am Wahlkampf demagogesch gefourdert gouf. Mat eisem populären Ausseminister hun déi meescht Wieler dem Rietsextremismus "merde alors" gesot, an aus dem populisteschen "Mir wëlle bleiwe wat mer waren" e politeschen "Mir wëllen halen wat mer hun" gemaach. Wat awer och heescht, dass de Lëtzeburger konservativ bleiwt, an, zum Deel wéinstens, folgerichteg vun der CSV zu déne Gréngen trëppelt. Den ex-futur Premier leckt elo séng Wonnen, a hie waert geschwënn vu sénge Kanner an engem totemisteschen Festmahl gefriess gin, frei nom Sigmund Freud sénger Totem und Tabu -Theorie, dass d'Bouwen aus der primitiver Hord de Papp verspeisen, fir dono séng Fraen, spriech séng Wieler, ënner sech opzedeelen.
Mee esou wéit ass et nach nët, well fir de Moment ass nët nemmen d'Equipe Gambia bestaetegt gin, mé och den Numm Gambia ass rehabilitéiert gin. Erënnert iech: déi schlecht Verléierer vun 2013 haaten deemols op a éng condescendant, jo bal rassistesch Manéier der Koalitioun aus LSAP, DP an Déi Gréng den Numm vun deem kléngen westafrikanesche Staat gin, wéi wann eng Bananerepublik dat selwecht waer wéi eng Kachkéismonarchie. Mé et ass elo un der Zeit, dass de Numm Gambia nët méi wéi e Makel empfonnt gëtt, mé wéi eng Devise, déi déi aal an nei Koalitioun sech op hire blo-roud-grénge Faendel schreiwe soll.
A séngem Buch "Das Unheimliche", huet de Freud erklärt wéi eist Onbewosst ganz oft e Wuert a séi Contraire verdréint. Dat letzeburgescht Wourt Moss zB kënnt aus dem Jenischen, wou et fir e liicht, zimlech onmoralescht Meedchen stoung. Haut ass eng flott Moss einfach eng attraktiv Fra. Aehnlech ass et dem Wourt Neger ergaang: waehrend der Kolonialperiod war et pejorativ a rassistesch besaat, dunn ass et politesch inkorrekt gin, bis dat e puer schwaarz Intellektueller, wéi de Leopold Senghor ouder den Aimé Césaire, d'Wuert négritude entdeckt hun an du mat vill Eleganz a Selbstvertrauen der afrikanescher Kultur hir Lettres de noblesse erëm gin hun. Esou ass et och dem Jazz ergaangen: schwaarz Sklaven hun en op den amerikaneschen Cottengsfelder erfonnt, hun en dunn an de Bordellen vu New-Orleans erneiert a spillen en haut an der Philharmonie. Vill Harmonie ass et och am Waalkampf gin, ze vill zugour, an dofir waer et gud wann d'Gambiakoalitioun d'politesch Partitioun vun eiser Heemecht elo regelrecht verjazzen a moderniséiere géif.