Ech sin iwerrrascht, datt elo Virschléi debatteiert ginn, déi een un däischter Zäiten aus eiser Geschicht erenneren.
Elo sollen op emol d’Awunner aus eisem Land Virrecht op eng Arbechtsplatz kreien. Dobei ass jo eng vun den Errungenschafte vun der Europäescher Unioun déi, dass mer als Bierger fräi an Europa liewen a schaffe kënnen. Heecht daat, datt mer elo, nees Kontrollen op Eisen Grenzen sollen aféieren an briechen domadden en Grondprinzip vun der EU.
Da sollen d’Patronen nemmen nach Leit astellen, déi Lëtzbuergesch schwätzen. Waat heecht daat da konkret, bei 2/3 Nët-Letzebuerger um Arbechtsmaart? Nët manner wéi 300.000 Leit, déi mer beieneen a lëtzebuergesch Course misste schécken ! A wou fannen mer dei Enseignants dann all ?
A wat heescht daat fir di sëlleche Firmen , déi an engem internationalen Emfeld schaffe, wou kee Mënsch eppes mat Lëtzebuergesch ufänke kann? Waat soll déi da nach hei haalen, besonnesch wann vill Leit, di Lëtzebuergesch schwätze, vum Lëtzebuerger Staat agestallt ginn! Äddi a Merci!
Si mir da bereed op eise gudde Gesondheetssystem , eis héich Paie beim Staat , eis sécher Pensiounen ze verzichte, wann mer esou Fuederungen zoustemmen? Ouni di 2/3 Nët-Lëtzebuerger um Aarbechtsmaart brécht eise ganze System zesummen!
D’Migranten a Frontaliée si Schold un de sëlleche Problemer, déi de wirtschaftleche Wuesstum mat séch bréngt, gët weider behaapt. E komplext Thema gët esou op einfach These reduzeiert , ewei daat rietsextrem Mouvementer an Europa den Ament machen!
Wa en Kandidat schäinhelleg fuedert, Lëtzebuerg sollt manner Migranten an d’Land era lossen, well déi riskéieren, hei ausgenotzt ze ginn, da brauche mer méi Respekt vum Arbechstgesetz a méi efficace Kontrollen an den Entreprisen, awer nët manner Migratioun. Lëtzebuerg kann ouni Migratioun nët iwerliewen !
Eng verlueren harmonesch Welt gët eis virgegaukelt, e Bild aus aalen Zäiten an enger Gesellschaft, wou owes virun der Diir op letzebuergesch geuucht an eist Brout nach mam Frang bezuelt gouf, wou eis Grenze fest zou an eis Economie a lëtzebuerger Hand war?
Well et si jo virun allem d’Auslänner an d’Frontalieren, déi steieren an deene mer die vill Stauen an de Manktum u Wunnengen ze verdanken hunn! Mee sinn Emwelt-, Mobilitéits- a Wunnengsproblemer net éischter enger verpasster Politik ze verdanken ?
Froen vun enger gerechter Ëmverdeelung vum Räichtum an eisem Land, wou de Gruef tëscht Räich an Aarm emmer mei grouss get, sin ennert anerem grondsätzlesch Themen. Eng identitär Politik, déi ee géngt deen aner ausspillt a wou den Auslänner de schwarze Péiter kritt, ass geféierlech a geet langscht die wichteg gesellschaftlech Froestellungen.
Et as mei einfach, Stëmmung ze maache géngt deen, deen anescht ass oder beizitt an esou Mësstrauen an eiser Gesellschaft ze séien. Mir mécht dat Angscht, well mer jo bis elo eise Wuelstand konnten op die kulturell Vielfalt an Oppenheet vun eisem Land opbauen.
Wëlle mer eis wirklech an an eist Schleekenhaischen zeréckzéien ?