RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche , 22/10/2018 07:45
    D’Walresultater vum 14. Oktober loossen erkennen, datt de Wieler eng nohalteg Transformatioun vu Lëtzebuerg wëllt aleede loossen. Sou de Francis Schartz, pensionnéierte Lycées Direkter a President vum Nohaltechkeetsrot.
    0 min
  • Carte Blanche, 22/10/2018
    Et gi sëcher vill Brëller duerch déi een d’Walresultater kann analyséieren a versichen den allgemenge Wielerwëllen rauszeliesen.
    Duerch mei Brëll erkennen ech eng kloer eng Tendenz, déi no engem neie Modell fir Lëtzebuerg rifft. De lëtzebuerger Modell vun de klenge Schrëtt an dem nationalen Oportunismus huet ausgedengt.
    Aus engem rezente Sondage, deen de Nohaltechkeetsrot duerchféiere geloss huet, gong ervir, datt d’Majoritéit vun den Awunner vu Lëtzebuerg d’Nohaltechkeet fir immens wichtech empfënd an och bereed ass, eng Rei vu konkrete Moosnahmen ze ergreifen.- Jo, déi mescht Leit si sougur d’accord finanziell Aboussungen obsech zehuelen, fir eng méi nohaltech Entwécklung ze erméiglechen.
    Genau déi Bereedschaft liesen ech och aus de Walresultater eraus.
    Och wann d’ Gambiacoalitioun sollt bestätecht gi sinn, heescht dat net datt de Wieler eng Politik vu « Weider esou » wëllt.
    Hien erkennt wuel un dat déi lescht Regierung a villen Domainer gutt geschafft huet, wëllt awer duerch d’Changéieren vu de Kraaftverhältnisser, eng deitlech Stärkung vun der ökologescher an nohalteger Ausriichtung.
    Et besteet och schon ee Plang fir eng nohaltech Entwécklung zu Lëtzebuerg, de « Plan National pour un développement durable ».
    Dëse Plang, deen op der Agenda 2030 vun der UNO mat hire 17 Ziiler baséiert, misst den Iwwerbau vun der ganzer lëtzebuerger Politik sinn.
    Un dësem Plang sollen d’Parteien sech beim Opstellen vum Regierungsprogramm orientéieren an sou dem Wieleroptrag fir een zukunftsfähecht Lëtzebuerg ze entwéckeln, gerecht ginn.
    D’Aféieren vum sougennaten Nohaltehkeetscheck, dee schon am leschte Regierungsprogramm virgesi war, an all Gesetzesprojetën op hir Konformitéiet mat enger nohalteger Entwécklung iwwerpréife soll, geng sëcher derzou beidroën, dest grousst Ziil ze erreechen.
    Vleicht sollten d’Koalisatiounspartner net nëmmen d’Rekommandatiounen vum Nohaltechkeetsrot fir deen nächsate Regierungsprogramm berücksichtegen, mais och dëse Gremium stärken, fir dat hien der neier Regierung an och dem Parlament ka mat wëssenschaftlech fundéierten Avisën hëllefen, eng nohaltech Transformatioun vun eiser Gesellschaft anzeleeden.

    3 min
  • Carte Blanche, Anne-Marie Hanff , 19/10/2018 07:45
    D‘Walprogrammer hu gewisen, dass d‘Fleeg keng Prioritéit duerstellt. Elo ass déi politesch Rentrée. Den Regierungsprogramm gëtt nees geschriwwen. D‘Anne-Marie Hanff, Generalsekretärin vun den Infirmieren an Infirmièren zu Lëtzebuerg, huet sech Gedanken zu der schoulescher Leeschtung vun der Regierung an der Bedeitung fir den Nolauschterer gemaach.
    0 min
  • Carte Blanche, Anne-Marie Hanff, 19/10/2018
    Stellt Iech fir …
    Dier musst Iech vun Haut op Muer mat enger Krankheet offannen, déi Iech Äert Liewen laang begleedt.
    Eng Krankheet, déi Äert Liewen, wéi Dier et Iech virgestallt hat, komplett op d‘Kopp geheit.
    Eng Krankheet, déi dofir suergen kann, dass Dier op eemol ganz konkret mam Doud konfrontéiert gitt,
    an dass Dier den Persounen mat deenen Dier frou sidd ... Ärem Liewensprojet musst Äddi soen!
    Sou geet et villen Leit mat chroneschen Erkrankungen.

    Wann Dier dann virun deem Koup Schierbelen stitt, ass einfach alles ze vill! Dier gesitt Iech virun engem net ze meeschteren Problem!

    Stellt Iech fir …
    do ass eng Persoun, déi Iech hëlleft all d‘Schierbelen nees zesummen ze rafen … déi sech ëm alles këmmert.

    Stellt Iech fir …
    d‘Infirmière ass déi Persoun, déi
    -    Iech hëlleft net un der Fro „Firwat ech?!“ ze verzweiwelen,
    -    déi Iech hëlleft ze kucken, wat Iech wichteg ass,
    -    déi kuckt un wat et Iech feelt an erkennt, dass et ënner anerem d‘Angscht vum Doud ass, déi et Iech am Moment onméiglech mëscht, den verbleiwenden Deeg méi Liewen ze ginn,
    -    déi ënnersicht wéi eng Facteuren Är Doudesangscht beaflossen an erkennt, dass et ënner anerem d‘Episoden sinn, wou Dier keng Loft kritt,
    -    eng Infirmière, déi hir Erkenntnisser mat der Equipe vun Gesondheetsberuffler diskutéiert an dofir suergt, dass déi geplangten Interventiounen Ären Besoinen entspriechen,
    -    déi Iech hëlleft ënnert den Hëllefsangeboter dat richtegt fir Iech ze fannen an Iech och Zougang dozou ze verschaafen,
    -    déi mat Iech kuckt, wat Dier géint d’Otemnout maachen kennt, soudass enger onnéideger Hospitalisatioun entgéint gewierkt kann ginn an
    -    déi Iech an Är Famill doheem ënnerstëtzt ... en oppent Ouer fir Är Froen an Suergen huet.

    Eng Infirmière kann Iech an Ärer Famill hëllefen, nees Hoffnung ze fannen an d‘Schierbelen nees zu eppes Neiem zesummen ze setzen.

    Géingt Dier den Beruff vun der Infirmière elo nach an éischter Linn mat „Hënneren vun de Leit ofbotzen“ an Verbannung bréngen?

    Dier hutt verstanen, dass Dier (wann Dier eng Kéier selwer Hëllef braucht) et wäertschätzen wäert, wann d‘Infirmière dëst op eng Aart an Weis mëscht, dass Dier Iech net braucht ze schummen! Dat mëscht eisen Beruff an eng gutt Infirmiere aus an net den Akte selwer.

    Elo stellt Iech fir …
    den Infirmiersberuff gëtt et net méi.

    D‘Prognose ass düster an d‘Politik kann dem ofgefuerenen Zuch just nach nolafen.

    Well, leider gouf keng vun den geplangten Interventiounen aus dem Regierungsprogramm  déi d‘Fleeg betreffen ëmgesat. Mir waarden nach ëmmer op:
    -    Léisungen fir déi aktuell Versuergungssituatioun
    -    eng Vollerfaassung vum Fleegepersonal an eng Bedarfsanalyse vun den ënnerschiddlechen Profiller oder
    -    en Audit zu den Stäerkten an Schwächten vun der Basisformatioun asw.

    Dat während den Walcampagnen vill behandelt Thema „Sproochen am Gesondheetssecteur“ war iwwregens schonn Deel vum Regierungsprogramm.

    Firwat goufen dës Punkten trotz der kritescher Situatioun nach net ëmgesat?

    Wann déi nächst Regierung eng besser Nott wëllt kréien, dann muss si dem Problem endlech an d‘ Aen kucken.

    Well stellt Iech fir …
    Dier géingt Iech an der uewen beschriwwener Situatioun befannen. Wiert Dier dann net och frou, wann d‘Fleeg vun der nächster Regierung zu enger Prioritéit géing gemaach ginn?!
    3 min
  • Commentaire, 18/10/2018 07:45
    Den Aarmutsrisiko geet zu Lëtzebuerg weider an d'Luucht a louch zejoert bei iwwer 18%. Déi Erkenntnis huet de Statec gëschter an enger neier Publikatioun geliwwert a confirméiert domadder en Trend deem sech déi nächst Regierung unhuele muss och wann d'Thema an der Walcampagne zimlech op der Säit gelooss gouf. Claude Zeimetz.
    0 min
  • Carte Blanche, Richard Graf, 17/10/2018
    Si war nawell fatzeg grouss, d'Iwwerraschung déi um Walsonndeg e bësschen ewéi eng Flutwell iwwert d’Ländche geschwuppt ass. Normalerweis kann ee mat deenen éischte Walresultater, déi aus eenzele Walbüroe gemellt ginn, net vill ufänken.
    Wann awer e puermol hannereneen de Message zimlech eendeiteg ass, da kritt ee séier d'Gefill fir en Trend – obwuel ee geléiert huet, datt um Enn di traditiounsräich Parteie mat de bekannte Käpp iwwert d'perséinlech Stëmmen nees Terrain guttmaachen kënnen.
    D'Gefill huet engem dës Kéier Recht ginn: de grousse Succès fir d'CSV trëtt net an, am Géigendeel. An och di onerwaarte vill Walziedele fir d'Piraten an den Urnen, hat keng Ëmfro esou viraus gesinn. De grénge Succès war zwar ugesot, awer dach net an dem Ëmfang.
    Et geet elo hei net ëm eng politesch Bewäertung vun dem Resultat, dat jo als Konsequenz huet, datt Dräierkoalitioun ka weider maachen, an d' CSV fir weider 5 Joren an d'Oppositioun geet.
    Egal wéi een datt dann elo fënnt, hannerléisst de Walspektakel en onangenehme Geschmaach: Eigentlech, sou war eis verzielt ginn, sollt et jo just drëm goen, ze decidéiere wien dierft mat der CSV an d'Koalitioun goen.
    Nieft der traureger Nationalismusdebatt, déi dann awer och iergendwéi net noutwendeg war, wann een d'Resultat vun de populistesche Lëschte kuckt, gouf et esou eben och e Walkampf, de wéineg Profil gebueden huet.
    Enttäuschend war virun allem den demoskopeschen Encadrement, den dës Wale begleet huet.
    Anstatt mat der zu Lëtzebuerg net ëmmer einfacher Sonndesfro zum geplangte Walverhalen, goufe mer säitelaang mat Bewäertunge vun eenzele Politiker*innen an hire Parteie bombardéiert. Sécher si fir d'Politik Kompetenz a Vertrauen zwee wichteg Kritäre – awer wéi et schéngt net walentscheedend.
    Walfuerschung ass zu Lëtzebuerg sécher keen einfacht d'Geschäft. Et ass awer net sënnvoll, sech dorobber ze beschränken e puer Minutte virun den offiziellen Resultater déi eng déi aner Héichrechnung bekannt ze gi … déi dann um Ënn och nach falsch ass.
    Et läit net nëmmen um Walsystem, datt mir bis 14 Auer wiele ginn, an eréischt am spéiden Owend gesot kréie, wéi et ausgaangen ass. A Bayern, wou och de Sonndeg gewielt gouf, sinn d'Büroen eréischt um 18 Auer zougemaach ginn. D'Resultat huet sech awer a Form vun enger éischter Prognos schonns eng Sekonn méi spéit um Ecran gewisen.
    Fir sou eppes ze maachen, brauch een e ganz aneren Apparat, et muss ee Sondagë virun de Walbüroen den Dag selwer organiséieren a schnell auswäerte kënnen.
    Zu Lëtzebuerg ass et deene grousse Medien iwwerlooss esou Sondagen ze organiséieren – oder och net. Dobäi wier et wichteg en Instrument ze hunn, dat virum Walgang awer och duerno erlaabt detailléiert Analysen ze maachen, wéi zum Beispill Wielerwanderungen, an esou ze verstoe wat déi ënnerschiddlech Wieler tatsächlech wollten – den ominéisen absolute Wielerwëlle gëtt et nämlech net.
    Et wär un der Zäit, datt d'Chamber als Institutioun iwwerleet di néideg Moyenen zur Verfügung ze stellen, fir datt esou Ëmfroe realiséiert kënne ginn. A net nees bis op de leschte Stëppel gewaart gëtt, fir ze mierken, datt nees eng Kéier näischt geschitt.


    4 min
  • Carte blanche économique PWC 18h15, 17/10/2018
    Carte Blanche Economique – PwC – 2018/2019 – Bei der Organisatioun vum Staat strategesch denken!

    RTL: Haut fänken d'Koalitiounsverhandlungen ënnert dem Xavier Bëttel als Formateur un. Ass do eppes speziell wichteg?

    François Mousel: Absolut, eppes waat dacks am Hannergrond steet, mee eigentlech immens wichteg ass, nämlech d’Organisatioun vum Staat selwer.

    RTL: Waat mengt Dier domadder?
    François Mousel: Majo d’Opdeelen, respektiv d’Zesummeleen vun de Ministerien an d’Schaafe vun de Staatssekretär Posten. Historesch gesinn ass de Staat no Fonctiounen opgedeelt, waat gudd ass an enger Optik vun der Spezialisatioun an der Effizienz am Schaffen. Schwiereg gëtt et, wann d’Léise vu komplexen Problemer, wéi z.B. erschwénglechen Wunnraum schaafen oder d’Digitalisatioun vum Staat, d’Zesummenspill vun e puer fonctionellen Ministerien brauch oder kënstlech Fonctiounen gespléckt ginn fir genuch Ministerposten kënnen ze schaafen.
    RTL: Waat sinn dann do Idéen, déi ee bei de Koalitiounsverhandlungen kann an den Raum geheien?
    François Mousel:  Beim Zesummenléen vun Fonctiounen sollt een un den Wirtschaftsministère an d’Finanzen denken, oder d’Aarbecht, d’Sozialversecherung an d’Santé, souwéi Logement an Intérieur. Als speziell Themen gesinn ech d’Digitaliséierung vum Staat, d’Kompétitivité durable vun Lëtzebuerg, oder d’Mobilitéit. Et kann een sech vun aaneren Staaten mat ganz modernen Verwaltungen, wéi z.B. Neuseeland inspiréieren, fir hei wierklech strategesch ze denken. Daat wier e flotten innovativen Start fir d’Verhandlungen an eng Basis fir vill méi efficace e puer schwierig Erausfuerderungen unzegoen.
    2 min
  • Commentaire, 16/10/2018 07:45
    Commentaire 161018:

    Uso:

    Lëtzebuerg huet also gewielt, wouropshin d'DP, d'LSAP an déi Gring décidéiert hunn, dass et zu Gambia 2.0 soll kommen!

    Den Eric Ewald befaasst sech a séngem Commentaire vun de Moien ënnert dem Stréch mat engem Gewënner an 3 Verléierer:
    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

54 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners